Fir d’éischte Kéier zanter dem Web 2.0 weist dëse “neien” Medium säin ganzt politescht Potenzial. Op der Tehran Uni goufen Computeren vu Studenten kleng geschloen (Bild 34), Telefon, SMS an Satellitenkommunikatioun gouf geblockt. Mee d’Technologie huet et nuneemol un sech, dass een all Sperr kann emgoen. Den Stephen Fry héchstperséinlech veröffentlecht gëschter Owend d’Zougangsdaten fir ee Proxy, iwwer deen d’Iraner trotzdem kënnen op Twitter zougräifen. Esou kann d’ganz Welt aus der Prespektiv vun den Iraner live matverfollegen wat an der Demonstratioun geschidd.
Schéin a gudd, mee mir hei an Europa sinn jo awer total machtlos. Falsch. Esou ee Proxy kann jiddfereen opsetzen, deen e bëssen Ahnung vun der Matière huet. An wéi Twitter de Moien um 7 Auer soll fir 90 Minuten onerreechbar ginn well hieren ISP wollt um Netz schaffen, sinn d’Europäer an Amerikaner esou Stuerm gelaaf, bis NTT hier Arbëschten verluecht hunn, op 1.30 Auer iranescher Zäit muer de Moien. An fir et der iranescher Regierung esou richteg schwéier ze maachen d’Kommunikatioun z’iwwerwachen, kann een seng eegen Astellungen op Twitter esou änneren, dass een als Iraner ugewisen gëtt (Zäitzon an Plaz änneren). Ausserdeem gouf de Spieß emgedréit, andeems d’Websäit vum Ahmadinejad gëschter duerch eng DDoS Attack lahm geluecht gouf an nach emmer net ereechbar ass.
Déi klassesch Medien sinn iwwerdeems total iwwerfuerdert. RTL.lu an Wort.lu erwähnen d’Ereegnisser just kuerz, an nach nemmen d’Hallschent. Vum klenge Meedchen, zum Beispill, op dat gëschter Owend geschoss gouf ass néierens eppes ze liesen.
Natirlech stellt sech och eng aner Fro: huet eis westlech Gesellschaft net een komplett falscht Bild vun der Situatioun? Wouhier huelen mir d’Gewëssheet, dass de Mousavi d’Wahlen gewonnen huet? Jo, den Ahmadinejad ass an den urbanen Regiounen onbeléiwt. Dofir genéisst en um Land awer groussen Support. Oder éischter: huet e genoss. Well d’Revolutioun (esou lues ass et eng) huet sech längst aus Tehran eraus verbreet. Den Ahmadinejad mécht sech iwwerdeems ewech a Russland, an d’Wahlresultater ginn als “virleefeg” déklaréiert. De Wand dréit sech. Et ass nämlech mëttlerweil ganz einfach egal, wien wierklech d’Wahlen gewonnen huet. Hätt den Ahmadinejad wierklech näischt ze verbiergen, hätt en schon längst international Wahlbeobachter kënnen ruffen, déi d’Ziedelen frësch auszielen géifen. Wier en demokratesch gewielt, bräicht en net brutal op déi eegen Bevölkerung anzeschloen an op se ze schéissen – well e kéinnt jo ganz einfach beweisen, dass hien nunmol gewonnen huet. Wat hien awer elo erschafen huet ass eng Diktatur, an där Leit mutwëlleg vum Staat ermord ginn, d’Riede- an Pressefräiheet massivst ageschränkt ginn, an d’Demonstratiounsrecht de Leit radikal ofgesprach gëtt (d’Demonstratioun gëschter war jo bekanntlech vum Staat verbueden ginn). Och wann sech elo sollt erausstellen, dass hien d’Wahlen effektiv gewonnen huet: hien kann net méi President bleiwen, well de Mouvement esou ee Momentum ugeholl huet (an duerch d’Erschéissen an Ennerdrécken emmer méi ugestachelt gëtt), dass et net méi ze stoppen ass.
Ma wier de Mousavi dann besser? Ee Mann, deen fir d’Atomkraaft ass. Ee Mann, deen an den 80er Joeren als Premierminister als Hardliner bekannt war. Ee Mann, deen dësen muslimeschen Staat ewéi en haut ass duerch säi Matwierken an der Revolutioun vun 1979 materschaaf huet. Jo. Well en trotzdem géing Verännerung bréngen. En ass net nëmmen géint d’Morden vun Juden (den Ahmadinejad ass jo ee bekannten Leugner vum Holocaust), en huet och déklaréiert de Fraen méi Rechter wëllen ze ginn – en ass vläit keen Messias, mee en ass awer dat klengert Iwwel.
Den Obama ass iwwerdeems extreem zeréckhalend. Dat schéngt, wann een sech sou duerch Kommentarer liest, dee gréissten Deel vun de Leit z’iwweraschen. Mee wann een sech drun erënnert, wéi ee wahnsinnegen Misère Amerika dem Iran ugedoen huet, ass et nëmmen verständlech, dass d’Wäisst Haus sech elo zeréckhällt. Emmerhin waren et d’Amerikaner, déi dem Saddam Hussein deemols gréng Luucht ginn an en ennerstëtzt hunn fir den Iran unzegräifen. Dat nennt sech éischte Golfkrich, huet tëscht enger halwer an enger Millioun Iraner d’Liewen kascht, an den deemols amtéirende President Jimmy Carter gouf fir säin Ustachelen vun deem Völkermord am Joer 2002 zu Den Haag verurteelt mam Friddensnobelpräiss ausgezeechent.
3 people like this post.
Like 