Desktop

Voilà, Grommel, mäin am Géigesatz zum realen Schreifdësch schéin opgeraumtenen virtuellen Desktop. (‘t ass iwwregens Stockholm.)
Ech schécken dat dann och alt mol un jiddfereen weider, deen dat hei liest.

  1. Grommel mengt:

    Woaw, deen ass jo extrem minimalistesch … gesäit een mol keng Menü’en. Wat ass dat, Mac?

  2. Tom mengt:

    WOOW! Ass dat Stockholm??!!!??? Also elo hues de mer awer gaaaaanz vill Loscht op déi nächst Summervakanz gemaach… :)

  3. [...] Iddi vum Grommel, weidergefouert vum Thierry, an hei dann (wéi kann et och anescht sinn op dëser Plaz?) mäi momentanen Desktop (extra [...]

  4. Thierry mengt:

    Grommel:
    Ech sinn Minimalist. :) Jo, dat ass Mac OS X 10.4.10. De Menü kann ee mat Menufela verschwannen loossen (e funktionéiert dann sou wéi den Dock, just wanns de driwwer firs kennt en dohinner). E kascht 5$, mee ass d’Geld awer wert (géing ee net mengen, mee gewennt een e gudd Stéck Plaz ouni Menü).

    Tom:
    Jo. DAT ass Stockholm. :)))

  5. [...] ehemaligen Sternchen und einer Nacht auf einer Couch in luxemburgischen Blogs nur die Desktops von Thierry, Sulfura und blogeescht fand, hier dann jetzt auch mein Beitrag zu diesem [...]

  6. Kloot mengt:

    Huet Stil, gefällt mer :)

  7. [...] de Grommel, den Thierry, den sulfura, de blogeescht an de Fireball et gemaat hun, weisen ech lo mol och mäin Desktop. Ech [...]

  8. bloGeescht mengt:

    Merci fir den Tipp mat Menufela, hunn ech lo och op mengem MacBook installéiert. Wéi eng Plugins hues du dann nach installéiert fir dass den HD-Icon verschwënnt respektiv fir d’Auerzäit an iTunes-Info unzeweisen?

  9. bloGeescht mengt:

    Hunn dat mam HD-Icon lo selwer rausfonnt. Hat intuitiv dru geduecht, dass een dat an den Astellunge vum Finder ännere kinnt a wollt dann och dohin. Dobäi hunn ech awer misse feststellen, dass de Menufela do wuel e Bug huet, well di betreffend Fënster vum Finder fir d’Astellungen ze änneren réischt sichtbar ginn ass, wéi ech d’Menubar rëm bäigeschalt hunn. Da mellen ech dat lo mol dem Ninjakitten :D

  10. Thierry mengt:

    Ech hat dee Bug zwar net? Komesch… Naja.

    Fir d’Auerzäit an d’iTunes Info unzeweisen ass de Stattoo vu Panic. :)

  11. bloGeescht mengt:

    Merci fir den Stattoo-Tipp. :)

    Dat mam Menufela-Bug läit och vläicht dodrun dass ech de Sketch installéiert hunn.

  12. Thierry mengt:

    Ka sinn. Zu OS9 Zäiten hat een et méi einfach, do huet een einfach de Conflict Catcher lafe gelooss. Bei OSX ass et méi ee Ratespiel…