Archiv fir 11.2007

Euthanasie

29.11.2007

Beim Grommel gett et eng Diskussioun zum Impuls vu gëschter Owend tëscht der Madame Frank an der Madame Err. Folgenden Text ass déi ausgebaute Versioun vum Kommentar, deen ech do hannerlooss hunn. Ech hunn mer geduecht, et wier et wert, mäi Pefferkär an engem eegenen Post festzehalen, virun allem well ech net sou ganz mat de meeschten Positiounen beim Grommel an der Diskussioun averstaanen sinn.

Eigentlech ass et nemmen erem ee weideren Impuls Débat fir an d’Kategorie “et huet eis net weiderbruecht, mee ‘t ass gudd dass mer mol driwwer geschwat hunn”. Et kennt mer esou vir, wéi wann d’Diskussioun emmer genau géing dee Moment ofgebrach ginn wou e bessen Schwong dra kennt.

Zu den zwee Spriecherinnen: d’Madame Frank (géint d’Euthanasie) huet argumentativ vläit verluer wéi de Grommel notéiert, mee dofir war mir perséinlech d’Madame Err awer extrem onsympathesch. Hier Kierperhaltung war därmoossen iwwerhieflech, dass ech mech bal guer net konnt op hier Argumenter konzentréieren. (Interessanterweis werft de Grommel allerdéngs der Madame Frank Arroganz fir.)

Als ehemolegen Chrëscht (ganz laang hier) an agnosteschen Theist deen sech lues awer sécher um Wee zum Antitheist befënnt, sinn ech zwar schon gréisstendeels mat der Madame Err averstanen, kann awer och der Madame Frank hiere Standpunkt gudd novollzéien. Déi Fro nom Choix ass guer net esou einfach, wéi d’Madame Err dat duerstellt. D’Madame Frank ass als iwwerzeegte Chrëscht vun hierem chrëschtleche Wert iwwerzeegt, dass ee Mënsch weder säin eegent, nach engem aneren säin Liewen beenden dierf. Déi Fro op d’Net-Chrëschten domatter averstanen sinn stellt sech eigentlech guer net. Dee Moment wou si als Chrëscht engem aneren dee Choix géing iwwerloossen, géing si hiere Wert jo a gewesser Hinsicht opginn. Si géing engem Drëtten d’Lizenz an de Grapp drécken, ee Liewen ze beenden. Domatter hätt si hier Werter, d’Liewen ze éiren a kee Liewen ze beenden, verroden.

Ech verstinn wuel, dass et Leit ginn déi hierem Liewen wellen an sou enger schwéierer Zäit een Enn maachen (an ech kennen där Fäll duerchaus). Allerdéngs weist eben genee dat Beispill vun deem Tétraplégic, dass déi aktiv Stierwehellef guer net esou evident ass. Do gouf enger Persoun beim Stierwen gehollef, déi net am Stierwen louch. De Jong war “just” tétraplégic. Do froen ech mech: wou zéien mer d’Grenz? An dat ass eppes, wat d’Madame Frank och ugeschwat huet: Palliativmedezin ass gudd a muss sinn, mee ass et wierklech ze verantworten aktiv anzegräifen? Hat deen d’Dokter d’Recht, enger Persoun d’Liewen ze huelen, déi anerwerts zwar een extrem ageschrängtent Liewen gefouert hätt, mee trotz allem weidergeliewt hätt? D’Madame Err gesäit dat Beispill als een Argument fir d’Euthanasie, an si huet Partei fir den Dokter ergraff. D’Madame Err ass Co-Auteur vum Gesetzestext. Do muss ech soen, mat sou enger extreem liberaler Astellung wéini een dierf aktiv Stierwehellef bedreiwen mécht dat Gesetz mir Angscht.

Eng ganz aner Fro, an dat ass een Argument vun der Madame Frank dat ech absolut novollzéien kann, ass, wéi een et kann engem Dokter operleen, een aneren Mënsch an den Doud ze féiren. Kréien mer eng Zwee-Klassegesellschaft vun Dokteren? Eng speziell Abteilung, wou Dokteren schaffen déi et psychesch verkraften, engem anere Mensch säi Liewen aktiv ze beenden (wat eppes anescht ass, wéi ee Patient ze verléiren!).

Wouropper ech well eraus ass, datt déi ganz Problematik wäitaus méi komplizéiert ass, wéi dat vläit an der Diskussioun erauskoum (wat virun allem wuel un deene lächerlech kuerzen 20 Minutten dierft leien). An einfach nemmen ze soen, “ech well ee Choix,” ass net déi richteg Léisung. Dee Choix muss ganz stark ageengt ginn. Et ass ethesch — chrëschtlech Werter mol op der Säit gelooss, och ech als Net-Chrëscht hunn éierlech gesot Bedenken (An an enger Demokratie dierf een dat gottseidank. Just d’Madame Frank huet esou grouss Bedenken, dass si d’Gesetz well verhenneren, an dat ass am Endeffekt och hiert Recht, egal wéi een et dréit.) — emmerhin ee ganzt heikelt Thema.

Arrogant an hypokritesch ass der Madame Frank hier Positioun awer op kee Fall. Si steet fir hier Iwwerzeegung. An wann een ee Schrëtt nohannen geet an dat Ganzt e bessen objektiv analyséiert, fällt op, dass ee guer keng sou eng konditiounslos Akzeptanz vun dem Gesetz sollt hunn, wéi d’Madame Err dat zum Beispill huet.

Edelstein

28.11.2007

Ich erinnerte mich nur noch vage an das Gefühl. Sag jetzt bloß nichts falsches. Ich wähle jedes einzelne Wort so bewusst, dass Herz und Verstand sich einig sind es sei das beste Wort das man hätte sagen können. Der Tonfall, die Körpersprache — kontrolliert und doch instinktiv. Flow. Lehne dich jetzt bloß nicht nach vorne. Sie blickt hin und wieder auf, lächelt, schaut wieder weg, lehnt sich nach vorne, bleibt still. Sie streift sich ihr schulterlanges Haar aus dem Gesicht. Professional hazard. Ich bemerke jedes Detail: ihre funkelnden cyanfarbenen Augen, ihre Grübchen wenn sie lächelt, und ihre grüne Jacke, die über dem Stuhl hinter ihr hänkt — ein schöner Kontrast zu ihrem dunkelblonden, rotgefärbten Haar. Sie trägt weder Ringe noch Ohrringe, ist nicht geschminkt — warum sollte sie? Die rotgefärbten Haare, die grüne Jacke wecken Erinnerungen, aber erst im Nachhinein. Nichts von der Welt ist von Bedeutung in diesem Augenblick der Ewigkeit. Alles lief auf diesen Punkt hinaus. Ich habe sie tatsächlich gefunden. Etwas anders, aber doch wunderschön. Die Hoffnung, dieser vollkommene Moment der inneren Ruhe bevor die Welt in einem Feuerwerk neu geboren wird. Lass dich treiben und überstürze nichts. Sein ist schön.

CSV an der Defensiv

27.11.2007

Gudden Artikel an der Woxx:

Es ist Juncker – und damit bis auf weiteres auch die CSV – der ohne Visionen für Luxemburg ist. Der “sichere Weg”, der einst vorgezeichnet wurde, er ist ziemlich holprig geworden. Zum einen, weil die Nachfolge nicht geregelt ist oder zumindest dem Stimmvolk bislang vorenthalten wurde. Zum anderen, weil die Inhalte, die von der CSV für die kommenden Jahre skizziert werden, teilweise wie ein Katalog des eigenen Versagens anmutet: Schulpolitik, Wohnungsbau, Familienpolitik.

(via sokrates.lu)

Les jeunes mélancoliques – Liesung

26.11.2007

Et gouf zimlech vill Verwirrung an de leschten Deeg a Wochen, a fir déi dann ee fir allemol ze besäitegen, hei déi offiziell Detailer, wou a wéini:

· D’Liesung ass am D:qliq an der Stad. 17 rue du Saint Esprit – dat ass déi Strooss vum Geschichtsmusée bei de neie Palais de Justice.
· Et ass den 27. Dezember 2007. Den Datum huet geännert!
· Et fänkt um 21 Auer unn. Den D:qliq huet bis 1 Auer op.
· Entrée ass gratis, mee ‘t ass nemmen Plaz fir circa 100 Leit.

Voilà. Kräizt den Dag roud am Kalenner unn. An zielt Kolleegen dovunner.

Ein bisschen Werbung

26.11.2007

Wer mich kennt weiss, dass ich gerne mal Plakate für alles mögliche komische Zeugs entwerfe – wie Filme (am Datum sieht man auch sehr schön, wie langweilig mir an meinem 21. Geburtstag war :D). Um das mal irgendwie sinnvoll zu nutzen, habe ich jetzt mal zwei Plakate für Die Generation der Hoffnungslosen gephotoshopped (ja, wer kein Englisch kann versteht kein Deutsch). Jetzt muss ich nur noch die Filmrechte verkaufen und das Plakat riesengroß an einem gewissen Kino in einem luxemburger Viertel mit Namen Kirchberg aufhängen lassen. Bild zwei enthält einen kleinen Teaser.

hoffnungslosen.jpg hoffnungslosen2.jpg

Das Foto vom ersten Bild ist von Timothy Lloyd und gibt es ab sofort standardmässig hier zu sehen (deshalb der Text unten im Bild). Das Foto vom zweiten Bild ist von Paul Keller. Der Text auf dem zweiten Bild ist aus einem der nächsten Teile (wenn jemand sich wundert, warum er die Zeilen nicht wiedererkennt). Beide Bilder stehen unter einer CC Lizenz.

Playlist

24.11.2007

Laang gouf et keng méi, keen huet se vermesst, a nach manner Leit hunn no enger neier verlaangt, mee well ech et intressant fannen zeréckzekucken wéi eng Lidder ech firun e puer Méint sou regelméisseg gelauschtert hunn gett et elo erem eng. Sou egozentresch wéi ech eben sinn.

Alizée – Mademoiselle Juliette
Band from TV – Minnie the Moocher
Vitamin String Quartet – Sober
The Killers – Shadowplay
Imogen Heap – Speeding Cars
Powderinger – Lost and Running
Remy Zero – Anger
ex vivian – 1
Charlotte Gainsbourg – Night-Time Intermission
Nina Kinert – Hymn For You to Sing
Nada Surf – See These Bones
Delta Goodrem – Brave Face
Radiohead – Videotape
Coconut Records feat. Zooey Deschanel – Ask Her To Dance
meiko – Reasons To Love You
Stars – The Night Starts Here
Lorraine – I Feel It
Santana feat. Chad Kroeger – Into The Night
Sigur Rós – Samskeyti
Lars Winnerbäck feat. Miss Li – Om du lämnade mig nu
John Powell – Assets And Targets

Wipe out

21.11.2007

Man is a selfish, egomaniacal, presumptuous, disrespectful, despicable bastard.

Chrëschtdag, oder: Mäi Wee zum Atheismus

19.11.2007

Alle Jahre wieder… Sou lues muss een sech dann erem de Kapp zerbriechen, wat een eventuell well ennert dem Beemchen gesinn. Eng Missioun, déi mer all Joërs op ee Neits Kappzerbriechen beschert. Dëst Joër sinn mer awer erstaunlecherweis relativ séier eng Rei Artiklen agefall. Wann mer schon ee Gebuertsdag mussen feieren, dee guer net am Dezember ass a scho guer net de 25., dann notzen ech déi Geelegenheet elo mol radikal, fir mengem wuessenden Atheismus an Antitheismus frësch Nahrung ze ginn. Well bis Chrëschtdag hunn ech “The God Delusion” vum Dawkins an “God is not Great: How Religion Poisons Everything” vum Hitchens (als Audiobuch vun him selwer gelies, wohoo) garantéiert duerch.

Marcus Brigstocke – Planet Corduroy
Net nemmen anti-religiéis, mee erfreelecherweis een net onbedeitenden Deel vu sengem Programm. Meng trei Lieserschaft erennert sech wahrscheinlech nach un de Video géint déi dräi abrahamesch Reliounen vun firun e puer Deeg.

Sam Harris – The End of Faith: Religion, Terror, and the Future of Reason
Entweder et wees een wien dat ass, oder et huet ee nach een imaginären Frënd mam Numm Yahweh. Hätt ech mer scho selwer kaf, mee éischtens hunn ech momentan net vill Zäit, zweetens hätt ech dann ee Buch manner fir op meng Wonschlëscht.

Ayaan Hirsi Ali – Infidel: My Life
Déi Fra impressionéiert mech onheemlech. Mee dat sot ech jo schon e puer mol. Dat heiten ass hier Biografie wéi se sech aus dem religiéise Wahnsinn befreit huet, an den Niederlanden politeschen Asyl krut an mettlerweil an d’USA ausgewandert ass, wou se Member vun engem think tank ass.

Ech muss soen, dee Paradox fir Chrëschtdag zu mengem perséinlech Dag vum Atheismus an Antitheismus ze maachen, gefällt mer.

“The three most beautiful words in the new secular dictionary: Ayaan Hirsi Ali”

16.11.2007

De Grommel huet d’Konferenz schon erwähnt, an lues a lues sinn ech och duerch mat all de Rieden. Wann der soss keen kuckt, folgend Videoen muss een gesinn hunn. Déi Fra ass einfach impressionant. Wéi ee vun de Nolauschterer um Enn seet: “May I have your permission to nominate you for the Nobel peace prize?”

Deel 2 gett et hei an hei sinn déi aner Videoen vun der AAI Conference 2007.

Es geht los…

16.11.2007

An all jene unter euch, die glauben sie hätten nichts zu verbergen: schaltet euer Gehirn doch bitte schnellstmöglich ein.

Krasse Überwachungsfälle gegen Punk-Bands, Mitglieder der “ostdeutschen Zeitschrift” telegraph und andere Pressevertreter sorgen hierzulande verstärkt für Unbehagen. Zum einen ergeben sich immer mehr Details über die Ermittlungen im Fall des staatlichen Vorgehens gegen die “militante gruppe” (mg) und damit zusammenhängenden Verdächtigen. Demnach haben Fahnder im Auftrag der Bundesanwaltschaft nicht nur Briefe aus der linken Szene an Berliner Tageszeitungen abgefangen, sondern auch im großen Stil Telefongespräche zwischen Journalisten etwa des NDR, der taz und von Spiegel Online abgehört, protokolliert und ohne Anomymisierung zu den Akten gegeben.
(…)
Gegen den Soziologen [Andrej H.] folgten laut der Stellungnahme der Redaktion Rundum-Observationen mit Hausdurchsuchungen, GPS-Wanzen am Auto, stündlich zugesandten “stillen” SMS auf Handy, Videoüberwachung, Kontrolle des Surfverhaltens im Internet und der E-Mail-Kommunikation sowie die Überprüfung des Freundeskreises und weiterer Personen.
(…)
Nun meldet MfA, dass auch die Staatsanwaltschaften Stuttgart und Gießen seit knapp einem Jahr gegen sie aufgrund des Lieds “Amoklauf” ermittle. Demnach soll der mit dem Fall beauftragte Staatsschutz das Umfeld der Bandmitglieder observiert, Schulakten durchforscht und Konzertveranstalter kontaktiert haben. Zudem habe sich ein Fahnder mit einer extra angelegten E-Mail-Adresse im Fanklub von MfA angemeldet. Dies alles sei ohne Kenntnis der Bandmitglieder geschehen, die nach eigenen Angaben erst kürzlich aufgrund der Befragungen in ihrem Umfeld von den Ermittlungen erfahren haben.

Lasset die Totalüberwachung und die Diktatur beginnen.

(Hervorhebungen hinzugefügt)