Les jeunes mélancoliques – Liesung

Et gouf zimlech vill Verwirrung an de leschten Deeg a Wochen, a fir déi dann ee fir allemol ze besäitegen, hei déi offiziell Detailer, wou a wéini:

· D’Liesung ass am D:qliq an der Stad. 17 rue du Saint Esprit – dat ass déi Strooss vum Geschichtsmusée bei de neie Palais de Justice.
· Et ass den 27. Dezember 2007. Den Datum huet geännert!
· Et fänkt um 21 Auer unn. Den D:qliq huet bis 1 Auer op.
· Entrée ass gratis, mee ‘t ass nemmen Plaz fir circa 100 Leit.

Voilà. Kräizt den Dag roud am Kalenner unn. An zielt Kolleegen dovunner.

  1. Fireball mengt:

    Oh, du waars méi séier wéi ech. Dofir hun ech awer en Bild dobai :-P

  2. claud^e mengt:

    Ass markeiert! :)

  3. Charles Betz mengt:

    Wert mäi bescht man do ze sin