Archiv fir 12.2007

Yet another year gone by

30.12.2007

Et ass schon erem eng Kéier souwäit. Ee weidert Joër geet op een Enn, an sou lues froen ech mech op ech schon esou aal sinn dass d’Zäit wierklech laanscht rennt – a wéi dat eréischt gett wann ech tatsächlech al sinn.

Fänke mer fir un, also mam Januar (wien hätt dat geduecht?). Déi meescht vun eis erenneren sech wahrscheinlech nach un den éischte Mount vun desem Joër mat batterséissem Bäigeschmaach: et war de Mount wou Blogdelux dat ominéist éischte Bloggertreffen organiséiert huet. Diskutéiert gouf deemols wuel genuch doriwwer, an dofir sierf et op dëser Plaz just kuerz erwähnt, well et halt den Start an een ereegnisräicht Joër war. Et war awer och de Mount, an deem d’Bouneschlupp am iTunes Store gefeatured gouf, déi nei Versioun vu naischtnotz gestart gouf an de gudden alen Arte zu engem Erotikkanal mutéiert ass.

De Februar war wuel ee vun de nodenklechste Méint an dësem Joër. Ennui huet sech hei breet gemaaach, de Layout vum Blog gouf geännert, d’Serie em Merry-go-round und ein Schluck Sambuca huet ugefaangen, ech hunn souguer op franséisch gebloggt, an, wahrscheinlech dat wäitreechendst vun dësem chaotesche Mount, d’Manifest fir les jeunes mélancoliques gouf publizéiert an huet eng Well lassgetrueden, där hiert éischte konkret Resultat dën 27. Dezember am D:qliq ze gesinn war. Ausserdeem ass mäi fréiere Co-Blogger (lang lang ist’s her) mat engem eegene Blog online gaangen, Yearning, deen sech mëttlerweil Mind Vault nennt, a wou de Serge sech widderem eng Co-Bloggerin gesicht huet.

März. De Mount mat der Francophonie Diskussioun, déi iergendwann total ausgeart ass bis kee méi Loscht hat d’Thema nach weider unzeschwätzen. Den 28. März ginn ech ee weidert Joër méi aal an dierf elo och an Amerika legal Alkohol konsuméiren, an d’Inkompetenz vum Postbüro op der Uni huet ee weideren Héichpunkt ereecht. Vun deem allem awer ofgesinn wert dëse Mount wahrscheinlech virun allem an Erennerung bleiwen well een Ruck duerch d’Blogosphär goung, wéi zwee Leit aus eiser Blogbuerg bei engem trageschen Accident e Frend, respektiv eng Frendin verléiren. Besonnesch den perséinlechen, an dach universellen an zäitlosen Text vum Joël wert mer éiweg an Erennerung bleiwen.

Den Abrëll war wuel een éischter rouege Mount. Ech hunn mer dat zu Härzen geholl wat ech duerch de März indirekt geléiert hat – et liewt ee nemmen eemol, an et gett näischt méi wichteges wéi dat bessen Zäit mat Leit ze verbréngen déi engem wichteg sinn – an sinn an der Ouschtervakanz zwou Wochen laang all eenzelnen Owend mat anere Leit erausgaangen. Ausserdeem hunn ech de Contract fir meng Wunnéng dëst Joër ennerschriwwen, an war frou driwwer demnächst endlech mat “normalen” (soit, dat ass eng aner Geschicht) Leit zesummenzeliewen.

Am Mee kritt Frankräich ee neie President, ech bloggen schon erem op franséisch – des Kéier ee ganzen Post – a stellen fest, dass awer méi vun der Sprooch hänke bliwwen ass wéi ech geduecht hat. Mäi Joër ass eriwwer, d’Examen sinn geschriwwen, d’Valissen sinn gepaakt, an ech verloossen endlech dat Zëmmer, an deem ech mech duerch sou muench haard Nuecht gequält hunn.
D’Bouneschlupp kennt no laanger Abscene net nemmen erem, mee gett och um Radio ausgestrahlt. Ech léiren um Radio eng ganz Rei nei Leit kennen (oder sou hallef, well mer eis net eremerkennen) vun deenen mer e puer am Recht vum Joër nach méi sollten un d’Härz wuessen – e Fait, deem ech mer zu deem Zäitpunkt awer nach net bewosst war. D’Mandy behaapt beim Stefan Raab, Lëtzebuergesch wier keng Amtssprooch, an iwwerhaapt ass d’Mandy-Féiwer ausgebrach. Jiddfereen deen eppes op sech gëtt, huet et entweder schon emol beim Erausgoen gesinn, oder kennt een deen ee kennt deen schon eng Kéier am Cactus hannert dem Mandy an der Kees stoung.

De Juni ass en éischter ereengislosen Mount. Ech fänken un mat Schaffen, op e Neits bei där Firma bei där et “näischt gett wat et net gett,” an et ass Nationalfeierdag. Ech gesinn eng Rei Leit erem, déi ech schon éiweg net méi gesinn hunn, an et gett een flotten Owend bis d’CFL mech erem hänke léisst an kee Bus kennt fir heem.

Am Juli gett gefeiert – dem Cyrille säi Gebuertsdag, eng Grillparty an der Villa Moes, een Owend am George & Dragon an ChiChi’s mat den fréieren Klassekomeroden vun der Uni.lu. Mäi chronesche Fernwéi kennt erem an de Ruf no Stockholm gett méi staark, mee Schweden ass zu deem Zäitpunkt nach iwwer ee Joër ewech. Dadoes? bréngen hier nei CD eraus (du bass mer iwwregens nach emmer een T-Shirt an eng CD schëlleg, P.), ech gesinn den André Mergenthaler endlech eng Kéier live (yeah!), an den Harry Potter iwwerliewt och säi lescht Abenteuer (couldn’t care less). Ausserdeem begréissen ech de 50’000 Visteur hei um Blog (yuhu!) an ech gesinn Air live (déi Suen hätt ech och direkt kennen an d’Poubelle geheien).

Bis an d’Hallschent vum August eran ass de Blog offline, an ech wiesslen mäin Host. De Joël freet mech, op ech net well Radio maachen, a mediengäil wéi ech sinn soen ech direkt jo. Ech léiren de Joël am echte Liewen kennen nodeems en mëttes an der Sendung Crumble ass, an owes dee selwechten Dag gett et ee klengt Bloggertreffen ouni Blogdelux a mat Gloda, Fireball, bloGeescht a menger Wéinegkeet. Ech léiren während desem Summer awer firun allem de Joël an d’A. richteg kennen a schätzen an erliewen eng fantastesch Zäit.
Natirlech waren do och nach e puer Openthalter am Ausland, déi net ze vergiessen sinn: éischtens emol d’Nature One, een absolut gäilen Technofestival an Däitschland mam Gilles, Gilles a Leti, an Enn August op London mam Tom.

September war virun allem de Mount an deem den éischten Deel vun Die Generation der Hoffnungslosen enstaanen ass, an ech erem zeréck op d’Uni gaangen sinn. Ech hunn mech gefreet lues a lues all d’Kolleegen eremzegesinn, an a menger Fräizäit hunn ech mech emmer méi mam Christopher Hitchens beschäftegt – Artiklen gelies a Stonnen u Videoen gekuckt. Vläit war et onabdengbar, dass ech vum agnosteschen Theist iergendwann géing zum Atheist ginn. Wann een sech bis eng Kéier déi Fro stellt op et e Gott gett, kennt ee wuel net dolaanscht iergendwann ze schlußfolgeren dass et kee gett. Ausserdeem hunn ech meng éischt Party materliewt, op där ee locker hätt kennen déi nächst 4 American Pie Filmer dréien, inklusiv Saachen déi et emol net an e “Special Edition Uncensored Premium Director’s Cut” geschafft hätten (a sou witzeg wéi ech deemols den American Pie nach fonnt hunn, sou kloër ass mer spéitstens deen Owend ginn, dass ech keen “typesche” Student sinn).

Am Oktober geschidd net allzevill ausser enger memorabler surrealer Szen déi net an dese Blog gehéiert. D’Coursen ginn unn, an den Alldag fänkt unn.

Am November geschidd och net vill aussergewéinleches. Heima kennt eraus an ass bombastesch, mäi léiwsten däitsche Podcast Hoppes Welt feiert onerwaart Comeback, an d’Sara stéisst zu les jeunes mélancoliques. De Schäuble schaaft an Däitschland ee fir allemol d’Privatsphär of während et op der Insel schon zanter Oktober verbueden ass, seng Emailen ze verschlësselen – oder et geet een zwee Joër an de Prisong. Ech erliewen op neits eng surreal Szen zu Cardiff wéi e Matbewunner aus dem Café heemkennt a mer d’Nummer vun engem Meedchen an de Grapp dréckt: “Moien Thierry. Geet et? Ruff mer unn.”

Am Dezember dann gett et vill Stress fir all d’Abgabeterminer anzehalen, an Mëtt des Mounts ass dann endlech Vakanz an ech kommen erem zeréck op Lëtzebuerg. Fir kuerz. Direkt déi éischt Woch maachen ech mech ewech op Koblenz, well de Chrëschtmaart zu Lëtzebuerg schrott ass. De neie Studio vum Ara gett ageweiht, et gett Schampes. D’Liesung gett firbereed. D’Feierdeeg kommen a ginn, och wann ech dest Joër zu engem gewesse Grad mat engem Dégout erfellt war, well ech definitiv zum Antitheist gi sinn. An de 27. Dezember ass et endlech esouwäit: d’Idee vun Les jeunes mélancoliques, déi ech eigentlech méi aus enger Laun a Langeweil an d’Welt gesat hat, dréit Friichten an d’Sara, de Joël an ech liesen am D:qliq. Vill Kolleegen, deelweis därer déi ech schon joërelaang net méi gesinn hat, kommen, an Leit déi net vun eis invitéiert waren, wat d’Erfollegsgefill nach méi steigert.

Domatter geet d’Joër dann op een Enn. Merci iech all. A kenger bestemmter Reienfolg. Mamm. Papp. Katrin. Tom. Bom. Leti. Muffel. Mary. Serge. Joël. Anne. Boultgen. Régis. Paul. Lynn. Chrëscht. Claude. Cyrille. Petrit. Fix. Gilbert. Nic. Olivier. Nico. Dan. Duncan. Georges. Gloda. Gloden. Grégory. Holly. Charlotte. Caz. Jess. K. Luisa. Larisa. Soraya. Sara. Chris. Benem. Jeanne. Jenny. Nadine. Mike. Luca. Bob. Jon. Cado. Sandra. Godart. Schon. Sabrina. Här Roth. Hüber. Kirstine. Margot. Marie-Paule. Wollef. Michelle. Michèle. Murrel. Nicolas. Pablo. Yves. Julie. PW. Ben. Schocky. Sam. Adam. Sylvie. Sarah. Gisela. Yann. Charlie. Jeff. Kev. Tim. Vivi. Lisa. Adrien. Martine. Jenny. Rod. Leon. Christian. Conny. Philip. Josh. Sally. Patricia. Pierre. Gregg. Jake. Jason. Linda. Jane. Alex. Jade. Rebecca. Keighley. Luis. Tom. Fred. Luke. Joël. Christian. Jona. Estelle. Alain. Kim. Isi. Bert. Sandra. Germain. Kai. Kléi. Ender. Wichl. Nipless. Tessa. An al déi Leit déi ech elo trotzdem erem vergiess hunn (ass wierklech net béis gemengt, mee bei souvillen Nimm verléiert een iergendwann den Iwwerbléck), a natirlech och all d’Lieser vun desem Blog.

Ech wënschen e gudde Rutsch!

Villmols Merci!

28.12.2007

Fred. Sara. Joël. Tom. Papp. Mamm. Katrin. Boultgen. Anne-Sophie. Régis. Gloda. Pierre. Kléi. Joël. Georges. Larisa. Patricia. Charlie. Lynn. Isy. Ben. Guy. An all déi Leit déi soss nach do waren an déi ech lo wéinst Middegkeet vergiess hunn oder deenen hiere Numm ech net kennen. Weider Fotoen an Videoauschnetter kommen no!

Online!

26.12.2007

Dräi Stonne méi spéit… D’Websäit vun Les jeunes mélancoliques ass endlech färdeg an online! An dat souguer nach firun der Liesung – ech ginn zou, dat war elo Usporn, soss wier et wahrscheinlech awer 2008 ginn. :D

Klicks du hier.

Mäin éischte Chrëschtdag als Antitheist

24.12.2007

Well ech och während de Feierdeeg absolut guer kee Respekt hunn fir gleeweg/reliéis/gottesfürchteg Leit (firwat sollt ech?!), hei een Extrait aus der britescher Sendung QI.

Dem Mithras seng Mamm war eng Jongfra, en gouf de 25.12. an enger Krëpp gebuer, bei senger Gebuert waren Hierten uwiesend, en gouf oft mat Hellegeschäin duergestallt, en huet menschlech Form ugeholl fir eis vun alle Sënner ze befreien, en huet d’éiwegt Liewen nom Doud versprach, no sengem Doud ass en Sonndes drop erem operstanen, e gouf als Erléiser gefeiert, en hat 12 Disciplen, en huet sech fir d’Menscheet geopfert fir eis vun eise Sënnen ze befreien, firun sengem Doud huet en ee lescht Abendmahl ofgehalen, seng Unhänger hunn symbolesch säi Fleesch giess a Blut gedronk, den ierwechte Mann vun der Relioun war den papa (d.h. Popst), d’Spëtzt vun der Relioun souz am Vatikan, Sonndes war den hellegen Dag… Fällt iech eppes op?

Zitater (4)

23.12.2007

Wou wunnt d’Leti iwwerhaapt?! // Stalker ginn et emmer. // Garçonen sinn wéi Asiaten: si gesinn all d’selwecht aus. // Dat hei ass dat éischte Podcastertreffen! // Soll ech bei et schelle goen? So, hues du ee Frënd? Nee? Tiptop, wat mëss de Silvester? // Dat ass ganz louche wann Leit owes spéit op Facebook op eemol eng Bezéiung hunn. // Hatt ass léiw – nee, du bass net mat mer averstanen, sich der een anert. // Ech loossen mer fir 2009 T-Shirten drécken: “Nee zum Jean-Claude: keen Alkoholiker als Premier” an “Biltgen du Arschlach: de 5611 ass net vergiess”. // Et gett Zäit, dass an der Chamber endlech ee mat der Fauscht op den Dësch schléit. // Bis Tréier lauter Däitscher am Zuch, alles roueg. Zu Tréier déi Däitsch eraus a lauter Lëtzebuerger eran. A scho geet de Bordell lass. // Hatt ass léiw… fein… Gett een hei eigentlech Drénkgeld? // ‘t ass gudd, dass mir net al ginn. // 24 Mini, w.e.g. // Jongen, zwee Meter? // Wat ass dat Waasser sou gudd! // Sozialdemokratesch? D’LSAP ass weder sozial nach demokratesch. // D’Meedcher sinn hei zwar net méi schéin wéi zu Lëtzebuerg… Mir sinn net wäit genuch ewech gefuer.

I can’t believe my eyes…

20.12.2007

Das Diktat von Lissabon

18.12.2007

Die Presse spricht es endlich aus schreibt es endlich nieder:

Das Diktat von Lissabon ist nicht nur ein demokratiepolitischer Skandal, sondern darüber hinaus auch ein frontaler Angriff auf die Grundfesten der Rechtsstaatlichkeit. Die nationalstaatlichen Verfassungen werden von EU-Hand brachial korrigiert, ohne daß den Bevölkerungen das Recht eingeräumt wird, über die Verfassungsänderungen abzustimmen.

Artikel lesen

Zitater (3)

17.12.2007

Ech hunn grad bei den Transfer Desks gesinn, hei gett et lo ee Starbucks. Dat ass den Highlight vum Dag! // Luxemburgish is not on here. You should fly to New Zealand and beat those researchers up. // I’m not into that sort of thing. I’m all for hetero missionary. // Et waren e puer aarm Typen um Concert déi waren ganz offensichtlech vun hierer Frendin matgeschleeft ginn. // What must go on in someone’s head to write a sestina? They obviously must be even madder than you are… // I feel this incredible urge to get really drunk. // I bet the scallop shell fishers are seriously underemployed in Luxembourg. // Et muss ee schon e bessen wahnsinneg sinn fir hei mat ze schaffen. // My religious education teacher always reminded me of a Dalek. // Ech widderhuele mech: du Sau. // Ech kann näischt mat iech drénke goen, haut ass den Ex-Frend-Treff Dag. // Anything important to discuss? No. But if you’re really bringing self-made fudge that’s an important reason for you to turn up. // There’s a lot of… bonkersness – that’s a technical term we poets use. // Mer mussen eis nach e Strummert bei d’Kathedral sichen goen.

The Girl From Belfast

16.12.2007

Christmas trees all around us and the silence
of annoyed, nervous, excited people checking in
to another world. What’s this smile of yours,
while you fiddle with your white British warm
and your brown curly hair falls over your eyes?

Half ten is when the end will clock in,
it leaves an hour to our small world spent
walking through a crowd. Another smile
as you browse through women’s magazines.
There’s not much to share – the innocent affection,
mystery of why it happened, and happiness that it did.

The plane to Belfast is now ready to be boarded.
Please would all passengers go to gate two
and have their boarding pass and passport ready.

It’s a trivial eulogy to our life – suddenly
there’s no us. Please give me one last smile
Nichelle before you go, I want to remember you
wonderful.

What life will you choose?

14.12.2007

“Goodbye,” you say, “next week we’ll see each other
six hundred miles away from here,” and turn away.
The day is long in hours but short in time –
a lecture, lunch with a friend and packing my bags.

“I’m sorry for you,” the lecturer said, “this truth
makes your poem even better, in a sad way.
There will be more moments like this in your life
the older you grow, but you’ll never get used to them.”

“Nice meeting you again,” the friend said
before we shook hands and wished each other
happy holidays, or Christmas, or whatever it is,
and left each other behind in this fading year.

Packing my bags is a strange feeling
still. It should be a short break only, lying down
on the bed and listening to Arturo Stalteri.
But your smell still lingers on the blanket,
and that other world is still here.

As the cellos grow old I realise I’ll never
get used to saying goodbye: a part of me dies
every time someone walks away –
maybe I should never have left.