Archiv fir 03.2009

Zwou Adaptatiounen, vun deenen ech net wousst, dass et der sinn.

24.03.2009

K-PAX, de Film mam Kevin Spacey em een angeblech Ausserirdeschen aus dem Joër 2001, baséiert um éischte Buch aus der K-PAX Trilogie vum Gene Brewer. (Am zweete Buch gëtt iwwregens verroden, op den prot just eng mental Stéierung huet.)

Dexter, d’Fernsehserie mam Michael C. Hall em ee Märder deen als Forensiker fir d’Police schafft, baséiert op den Bicher vum Jeff Lindsay: Darkly Dreaming Dexter, Dearly Devoted Dexter, Dexter in the Dark, an dem kierzlech verëffentlechten Dexter By Design. Dat Läscht louch de Mëtteg am Waterstone’s op den Abzockdëscher 3for2 Dëscher, dohier sinn ech driwwer gestolpert. (Firwat déi 3for2 – genausou wéi d’Bestsellerlëschten an d’We Recommend Sektioun – Uschass sinn erklären ech an engem spéideren Post.)

1 Kommentar

 
 

Kuerzkritiken, oder sou

22.03.2009

Lesbian Vampire Killers ass ganz witzeg, géing ech mer awer keng zweete Kéier wëllen ukucken. Op ech mer de Sequel, deen ganz staark ugedeit gëtt, an deen mir e Freideg kuerzerhand Gay Werewolf Slayers betitelt hunn, undinn, weess ech och net. Trotzdem: wien ronn 90 Minutten gudd wëll laachen, an net zevill obsédéiert ass mat Gavin and Stacey (där Leit fënnt een hei a Südwales praktesch keng, mee zu Lëtzebuerg kennt wahrscheinlech kee Schwäin déi Serie) – well ech hunn mer soen gelooss, dass een zevill muss dorunner denken wann een déi zwee Haaptakteuren gesäit – ass de Film z’emfeelen.

Even Flow ass no laanger Diskussioun e Freideg den Owend als dat beschte Pearl Jam Lidd iwwerhaapt déklaréiert ginn. Domatter muss een elo net averstanen sinn, sollt een awer.

Munchkin (mat den Expansion Packs!) ass dat genialste Kaartespill jemols. Vergiesst Poker.

Another Version of the Truth ass nach emmer eent vun de schéinste Lidder, déi et ginn. Wann et e Gott gëtt, heescht e wahrscheinlech Trent Reznor.

6 Kommentaren

 
 

NIN|JA 2009

21.03.2009

Ech hunn mech grad beim Lauschteren vun Y34RZ3r0r3mix3d gefrot, op den Trent Reznor eigentlech net och twittert, wou dee Mann dach soss esou modern ass an et versteet déi nei Medien perfekt fir sech ze notzen. En twittert och effektiv. Doduercher sinn ech dann op ee Projet gestouss, vun deem ech iwwerascht sinn, dass den Joël deen nach net erwähnt huet: NIN|JA 2009. Donbäi handelt et sech em eng gratis Kompilatioun mat deelweis exklusive Lidder vu NIN, Jane’s Addiction, an Street Sweeper. Well dat nach net cool genuch ass, ginn déi dräi Bands dese Summer zesummen (!) op Tour duerch Nordamerika. Domatter sinn se zwar wäit ewech vun allem wat un Distanz fir ee Concert (a mengen Aan) machbar wier, mee wee weess, op se bei Succes net décidéieren och eng Europatour ze maachen.

nach kee Kommentar

 
 

Holy…

20.03.2009

Endlech e Film mat zwee vu mengen absolut léiwste Schauspiller: dem Zooey Deschanel an dem Joseph Gordon-Levitt. Wat mech awer erschreckt huet ass, wéivill deen Trailer wéi mäi Liewen ass. Bis zu deem Moment, mat abegraff, wou déi zwee sech mat der Hand huelen, ass et praktesch identesch zu deem wat a mengem Liewen an de leschte Méint geschidd ass. Et waren just net d’Smiths, a mir stoungen net an engem Lift.

Den Titel 500 Days of Summer ass zwar vläit een onoriginellt Wuertspill, mee ech wert mer dee Film garantéiert ukucken goen.

7 Kommentaren

 
 

SadAutumn goes lëtzebuergesch

18.03.2009

E puer Wochen hunn ech elo ronderemgekniwwelt.
Wéi verschiddener eventuell nach wëssen, hat ech virun éiwegen Zäiten emol eng Kéier WordPress op lëtzebuergesch iwwersat fir d’naischtnotz Podcasten. Deemols war dat alles Hardcoding – spriech déi englesch Wierder an de PHP Dateien all eenzel änneren. Dat hat natirlech zum Nodeel, dass all d’Datumer nach op Englesch waren, well déi per PHP date() Funktioun opgeruff ginn, a net per Hardcoding kënnen am WordPress geännert ginn.
Well ech zanter enger Zäitchen op lëtzebuergesch bloggen – wat net geplangt war, mee sech esou erginn huet – hunn ech décidéiert, dat Ganzt méi konsequent duerchzezéien. Also hunn ech nogesicht wéi WordPress an aner Sproochen iwwersat gëtt, an ech hunn mer eng .mo Datei zesummengeschriwwen – wat guer net esou evident ass, well dat mat engem normalen Textprogramm guer net geet. Ma domatter ass dann elo alles op lëtzebuergesch, och d’Nimm vun den Deeg an de Méint ënnert den Titelen vun engem Artikel an am Archiv.
Wann iergendwou een eppes fënnt dat nach misst iwwersat ginn, kann en mer dat gären an de Kommentarer soen. Ech sinn jo, trotz der allgemeng bekannter Hypothes, nach net perfekt.
Ausserdeem dierft et opfalen, dass ech dem Blog ee neien Design verpasst hunn. D’Foto am Header ass ee Géigestéck zu deem a mengem anere Blog, mat de selwechte Leit drop a vun der selwechter Plaz, Rhossili. Kommentarer heizou sinn natirlech och wëllkomm.

12 Kommentaren

 
 

Sakgaass

17.03.2009

Ech hunn dës Kéier alles anescht gemaach, probéiert aus de Feeler vum leschte Joer ze léieren. Trotzdem stinn ech elo nees genau do, wou ech och virun e puer Méint stoung. An erem weess ech net wat ech kann maachen, fir net nach ee wertvolle Mënsch ze verléieren.

nach kee Kommentar

 
 

Polarkreess

16.03.2009

Zéiflësseg Trauregkeet. Melancholesch drëpst se wéi Ueleg op een gliddege Steen, deen trotz all Beméien net brennen wëll. Uewen, am Himmel, dovunner probéieren ech mech z’iwwerzeegen: d’Silhouette vun engem Zeppelin. Mee hien huet jo keen.
Ech war um Buedem zerstéiert, wéi de Nate Fisher jr gestuerwen ass. Joerelaang hat ech mat deem Personnage gelidden a mech gefreet, hat ech mech mat em identifizéiert. Wéi hien gestuerwen ass, ass een Deel vu mir gestuerwen. Ech war dem Fitzgerald säi Gatsby, ech war dem Hesse säin Sinclair, ech war an dem Gavalda säi Camille verléiwt, ech hunn duerch dem Pirandello säi Vitangelo geléiert d’Welt nei ze verstoen. An elo… Elo halen ech mech um Hank Moody fest, deen muenchmol esouvill ass ewéi ech, dass et wéi deet ze gesinn wéi hien emmer erem um Liewen scheitert. Mee enges Dags, ech weess et, verléisst och hien mech. Alles huet een Enn.
Mir verléieren eis alleguerten, eis selwer, eis géigesäiteg. Mir trëppelen duerch eng Foussgängerzon ouni wouer ze huelen, wéivill Gléck an Ongléck et ronderem eis gëtt. Mir sëtzen mat Frënn um Dësch an si sinn esou gudd dra ginn eis ze täuschen, dass mir net mierken datt deen een längst Antidepressiva schléckt, dat anert a Gedanken bei sengem Exfrënd ass, an een drëtten sech freet, wéi en seng Scholden soll bezuelen.
Hatt steet virun mir, bei senger Wunnéng. Mir sinn bei hatt heemgetrëppelt während d’Sonn opgoung. Seng Aan funkelen gréng ënnert den éischte Sonnestraalen. Aus iergendengem Grond, deen mer onbegräiflech ass, weess ech, dass hatt mech elo net einfach esou goen loosse wert.
Mir sinn all eleng. Villäicht… Jo, villäicht hunn mer awer all een Zeppelin, jiddfereen fir sech, fir emmer gefaangen tëscht de Wollécken. Eleng.

nach kee Kommentar

 
 

Erkenntnis vun der Woch (3)

15.03.2009

“Mir ware ni Frënn” ass deen trauregste Saz op der Welt.

nach kee Kommentar

 
 

Ech froen mech elo zanter Deeg

12.03.2009

… firwat d’Lene Marlin opeemol sou schlecht kléngt. Ech hunn et zwar net esou mat der meeschter Popmusék, mee moies lauschteren ech halt gären Radio 1 well d’Chris Moyles Show cool ass. (De Recht vum Dag, gleewt et oder net, leeft Radio 4. Wou gëschter leider déi leschte Folg I’ve Never Seen Star Wars koum. Mee anscheinend kënnt et demnächst als Fernsehshow op BBC Four, juhu!) Soit. Et leeft zanter enger Zäitchen ee Lidd, vun deem ech nemmen eng Zeil verhalen hunn, “Romeo save me.” A genau dat Lidd hunn ech fir eent vun der norwegescher Sängerin Lene Marlin gehalen. Bis ech dann elo endlech emol gegooglet an festgestallt hunn, dass dat vun der amerikanescher Sängerin Taylor Swift ass. Engersäits berouegt mech dat (well ech d’Lene Marlin relativ gären lauschteren), anerersäits mëssfällt mer dat, well et, wann d’Lene Marlin an e puer Wochen säi neien Album erausbréngt, garantéiert heescht hatt wier d’Kopie.

2 Kommentaren

 
 

When Vapour Hits Air

09.03.2009

Et gëtt dech also nach, meng aalbekannten, muenchmol verhaassten, muenchmol geschaten Schloflosegkeet. Fir éierlech ze sinn, ech hat dech net groussarteg vermësst an de leschte Wochen, an wanns de net elo erem opgedaucht wiers hätt ech dech wuel an de nächsten Deeg iergendwann vergiess. Dat hues du wahrscheinlech gespuert an der geduecht, du misst dann emol séier erem eng Kéier eraluussen. Meng Freed hällt sech eigentlech a Grenzen. Weess de, ech hunn Méindes emmer de ganzen Dag Cours ouni Paus, bis Owes 17 Auer, an dat ass dach zimlech ustrengend. Esou gären wéis du mech och ze schéngen hues, ech hätt et ze schätzen gewosst, wanns de eréischt an der Vakanz eremkomm wiers.
Et ass och net vill lass am Moment. Du bass net wierklech eng gudd Ënnerhalung. Ech hunn mer QI erofgelueden, am BBC iPlayer – dee geet elo och um Mac, weess de. Apple weigert sech zwar hieren DRM ze lizenzéiren, mee gottseidank gëtt et Adobe AIR. Mee dat ass dir wahrscheinlech ganz egal. Wat ech soen wëll ass, et ass mir zimlech langweileg. Ech lauschteren Halloween, Alaska, an froen mech, ob ech des Nuecht nach iergendwann midd ginn.
Ech lueden Twitter emmer erem nei, mee och do leeft zanter enger Stonn näischt méi. Mengem amerikanesche Cousin säi Message prangt elo schon zanter 4 Auer als leschten uewen un der Säit. Ech verdreiwen mer e puer Minutten op Facebook, mee och do ass keen. Mäin MSN ass eidel – ma villäicht läit dat einfach drun, dass ech nëmmen mam Account online sinn, deen just zwou Persounen hunn.
Ech froen mech wéi dat wuel wier, wann ech en Zeppelin hätt wéi de Joël. Wéi dat wuel wier wann ech elo einfach kéinnt a Frankräich fléien, an Norwegen oder a Kanada. Wann ech net misst nach esouvill Wochen waarden, ier ech op Bern kann. Wann ech all déi Leit, déi ech esou gären hunn an esou vermëssen, emmer kéinnt gesinn wann ech wéillt.
Dat Liewen hei ass esou verdammt kuerz, firwat verschwenden mer esouvill Zäit mat Waarden?

2 Kommentaren