EU Profiler
Wat ass dat fir ee Blödsinn. Ech leien Kilometeren ewech vun all Partei zu Lëtzebuerg. Dat wousst ech och scho virdrunner. Dass ech EU-kritesch sinn (also eigentlech sinn ech radikal géint d’EU an hierer aktueller Form) huet elo och net grad bei deem Profil gehollef. Firwat ech awer och éiweg wäit ewech vun der schwedescher Piratepartei leien, ass mer ee Rätsel well mat deenen hierem Programm kann ech mech nämlech ganz gudd identifizéieren.
Blo a gréng sinn jo amfong déi eenzeg valabel Alternativen. Also, déi geréngsten Iwwel. Ech hat gehofft, ech léich alt wéinstens iergendwou an der Géigend vun enger vun deenen zwou Parteien…
Wat ass dat fir ee Blödsinn. Ech leien Kilometeren ewech vun all Partei zu Lëtzebuerg. Dat wousst ech och scho virdrunner. Dass ech EU-kritesch sinn (also eigentlech sinn ech radikal géint d'EU an hierer aktueller Form) huet elo och net grad bei deem Profil gehollef. Firwat ech awer och éiweg wäit ewech vun der schwedescher Piratepartei leien, ass mer ee Rätsel well mat deenen hierem Programm kann ech mech nämlech ganz gudd identifizéieren.
Blo a gréng sinn jo amfong déi eenzeg valabel Alternativen. Also, déi geréngsten Iwwel. Ech hat gehofft, ech léich alt wéinstens iergendwou an der Géigend vun enger vun deenen zwou Parteien…
Dësen Artikel gouf e Donneschdeg, den 30. Abrëll 2009 um 1:54 Auer veröffentlecht an 2 Lieser hu scho kommentéiert.
Dellen deng Menung, an hoffen dass mer bei den nächsten Wahlen 2014 e Programm opzeweisen hun ;-)
Ech géing mech freen, da wéisst ech emol endlech wat ech wielen soll. :)