“I won’t hold the future to your eye, cause we are already waiting to die”

Ech froen mech grad wéisou ech komplett verpasst hat, dass et ee neien Album vum Maria Taylor gëtt. A wat fir ee wonnerschéinen, melancholeschen Album LadyLuck ass! Musék fir d’Aan zouzemaachen an ze dreemen, fir alles wéi Waasserfaarwen ronderem een verlafen ze loossen, fir sech komplett dran ze verléieren. Deen éischten Album vun dësem Joer, deen mech wierklech beréiert. Wow.

  1. Chris mengt:

    “Eye” op “die” reimen? Éierlech lo?

  2. Thierry mengt:

    Jo. Radikal. Meeschtens reimen seng Zeilen awer guer net, dat ass ee vun de Grënn firwat et mer sou gefällt.

  3. Chris mengt:

    Okay. Ech kennen 2-3 Lidder, déi hu mech ni matgerappt, mä dat mam “eye” an “die” huet mech awer lo erfouert.