Da bleiwt et elo eben sou

Jo, schon erem. Veraarsche kann ech mech och selwer. “Update” nennen se esou eppes bei WordPress. -.-

Update: Nodeems Firefox mech elo scho nees eng gefillten Éiwegkeeten sou richteg schäisse gedoen huet (ech froen mech, op dee Browser jemols W3C kompatibel wert sinn) ass dann erem een halbwegs passablen Layout hei. Den Quellcode ass deelweis katastrofal, mee anescht funktionéiert et net an deem blöde Browser, deen beim Acid3 Test op eng lächerlech 71/100 kënnt (de Safari packt et op 100/100, dat ass kompatibel!)

  1. pa mengt:

    Ass haut rem den Dag, wou jhidderee meckert, wéll ën net direkt kann op di neiste WP-Versioun updaten?

    Ech fannen ët normal, bei sou eppes ëmmer ë puer Deeg bis eng Woch ze waarden, bis di läschte Bugen eraus sin.

  2. Thierry mengt:

    Ech hat den RC awer schon virun e puer Deeg op mengem aneren Server installéiert, an den ass ouni Probleemer gaangen. Do hat ech gehofft, et wieren bei der finaler Versioun wéinstens keng Bugen dobäi komm…

  3. Serge mengt:

    scheinen design, kennt mer iergendwei bekannt fier :)
    (sry dat huet lo musse sin)

    gutt dass de bei mier den automateschen update ausgemach hues soss geif et bei mier en mei stenkegen post ze bewonneren wei dat heiten :D

  4. [...] kompatibel ze sin mat der neier Versoiun. Anscheinend haat ech méi Chance wéi aanerer c.f. sad autumn an alcatraz. Sorry guys… Mee ech sin iwerzeegt daat déi Bugen geschwenn eraus sin. Tags: [...]