I Aim To Misbehave

Endlech! Den, vun iergendwelchen Leit wahrscheinlech sehnsüchteg erwaarten, Teaser fir dem James Cameron säin Avatar ass do. Aha. Net nemmen weess ech nach emmer guer net firwat em alles an der Welt ech mech op dee Film soll freen (just wéinst dem Sam Worthington ginn ech kee Film kucken), et gesäit och einfach aus ewéi een Trailer fir e Computerspill (deemols an den 90er hat de Cameron jo schon eemol probéiert dat ganzt als Animatiounsfilm ze realiséieren). An aus iergendengem Grond *houscht*d’Schrëft*houscht* erënnert mech dat Ganzt un Serenity.

Zitater (19)

Pass op, ‘t kënnt bluddeg! // Einmal Stalinist, immer Stalinist. // Dat ass Volksverhetzung! // Du sooss du häss Gummien agepaakt. // Ein guter Pirat segelt auch auf dem roten Meer. // Schléck! Schléck! // Du wolls dach ee Kand? Dohannen sinn der, géi der eent sichen. // Du weess jo, bei der éischter Kéier kann et wéidoen. // Firwat hues du mech net drun erënnert, dass ech d’Pëll haut nach net geholl hunn? // Ech kréien jo keng Emailen. Da liesen ech alt Zeitung. // Mir maachen relax Spiller bei mir doheem. // Mir hunn dat mat der Fauscht scho probéiert. // Du kanns kommen wéini ‘s de wëlls. // Deen huet eng Glatz, dat ass bestëmmt ee Nazi. // Wat maacht dir hei a mengem Bett?! // Do stoung sou eng Fra virun der Dier, déi huet ausgesinn wéi wann se wéillt lauter onschëlleg Leit eranzéien. Dat war bestëmmt Scientology. // Wann d’Leit wëssen, dass de den 25. an d’Vakanz geess, kriss de bis den 24. nach sou urgent Ufroen wéi eng Reservatioun fir den Oktober… 2010. // Villäicht ass et nach eng Kéier dee selwechte Joël. E schreiwt: “oh mei…” // Dir zwee wëllt iech bestueden? Dir land allen zwee an Therapie wéinst häuslecher Gewalt.