Ech hunn keen Programm op mengem Computer, deen ech méi haassen ewéi den iTunes. (Ier elo een freet: et ginn jo keng anstänneg legal Alternativen zum iTunes Store zu Lëtzebuerg.) Mat all “Update” gouf deen Haass méi grouss. An och dës Kéier ass Apple neess zouverlässeg, an liwwert eng nei Versioun déi beweist, dass et nach méi schlecht geet.
10. Et ginn nach emmer keng Tabs am Store.
9. Et kritt een de Mini Player elo just nach per emständlech Tastekombinatioun Shift+Cmd+M, a net méi mam gréngen +.
8. Et gëtt keng Shopping Cart méi.
7. Et gëtt just nach een Knäppchen: kafen. Op déi nei “Wish List” setzen geet nemmen mat zwee Clicks (firdrun goung dat mat engem). Et kann een elo och keng Lidder aus dem iTunes Store méi an eng Playlist zéien, fir eng Wish List ze hunn déi Apple net kennt.
6. Et ginn nach emmer keng Filmer am HD.
5. Et ginn nach emmer keng Tabs am Store!
4. En ass nach emmer am Carbon geschriwwen. An domatter 32-bit.
3. En ennerstëtzt nach emmer keen BluRay. (BluRay op engem Mac ze kucken bleiwt domatter weider onméiglech, wann een sech net Windows och installéiert.)
2. Den iTunes ass och weiderhin deen eenzegen Programm deen eng komplett aner GUI huet ewéi all déi aner Applikatiounen. Beweist alt erem, dass Apple net un hier eegen Human Interface Guidelines gleewt.
1. Den Steve Jobs nennt et “verbessert Navigatioun”. Ech nennen dat doten Overkill. Wou der Däiwel soll ech bei souvill Informatioun dann elo firdéischt hikucken?!

