Ech freeë mech op en Donneschdeg

An E4 schéngt net nemmen op der Telé kräfteg Reklamm ze maachen (gëtt et eigentlech iergendeen hei am Land, deen nach keen Trailer gesinn huet?), mä och am iTunes d’Leit schon am Viraus mat engem HD Series Pass ze lackelen (zu, wéi ech fannen, engem ganz raisonable Präiss vun £18.99).

  1. Chris mengt:

    Eng nei “Skins” Staffel? Éischte Kéier, dass ech dovun héieren. Éierlech.

  2. Thierry mengt:

    Wéi konns du dat dann verpassen? Et héiert een zanter Wochen näischt aneschters hei…

  3. Chris mengt:

    Ech hu keng Telé, an hu keng Frënn, déi “Skins” no der zweeter Staffel nach gekuckt hunn. Ganz einfach, eigentlech. ;)

  4. Thierry mengt:

    Ech hunn och keng Frënn déi Skins no der zweeter Staffel gekuckt hunn (amfong hätt ech mer déi drëtt och kéinnte spueren). Mä ech hunn Telé. :)

  5. Laetitia mengt:

    Et iwwertrëfft näischt déi 1. an déi 2. Staffel vu “Skins”, mengen do sin sech déi meescht eenz. Trotzdem hun ech déi 3. awer mol guer net esou schlecht fonnt an wärt mir – wuel oder iwwel – déi 4. Staffel och eranzéien.

  6. Tom mengt:

    Hmm… also ech giff awer wahrscheinlech keng Suen fir déi 4. Staffel Skins ausginn. Wann dann vielleicht nodeems ech se gesinn hunn an wann se éischt oder zweet Staffel Niveau huet. A falls se elo serieux e Skins Film maachen, da w.e.g. mat der éischter Generatioun. Ech well wessen ob den Sid d’Cassie fonnt huet! :)

  7. Chris mengt:

    Déi Szen, wéi de Sid op New York flitt ass mat dat Schlechtst wat ech an alle Belangen je op der Telé gesinn hunn. Ech hat déi Episod virun zwee Joer mat 6 vu menge Matbewunner gekuckt, wéi se fir d’alleréischte Kéier gelaf ass, a mir hunn alleguer aus Roserei mat der Telé gebläert.

  8. Tom mengt:

    De Faite dass hien op NY flitt oder dass een net gefuer gett op hien d’Cassie fennt etc. oder net? Mee bon, ech hunn vun Ufank un ugehofft dass de Sid an d’Cassie zesumme kommen vun dohier hunn ech et mega a scheiss zu gläich fonnt.