Ee perséinlechen Opruff vum SadAutumn Grënner Thierry Heles

Wéi ech viru fënnef Joer ugefaangen hu mat Bloggen hu mech vill Leit komesch ugekuckt.

Soe mer einfach, dass verschiddener vun deene coole Leit skeptesch waren, dass ee kéint Lieser fannen fir esou eppes ewéi ee lëtzebuergesche Blog.

Ouni Reklammen. Ouni Profit. Ouni Hannergedanken.

Esouvill Joer méi spéit, an all Dag kritt de Blog honnerte vu Besicher – bal 0,0000000000000001% vun der Internetwelt.

Et ass déi 9032981234823148743278. bekannteste Websäit op der Welt. All déi aner goufe mat Milliarden Euro, giganteschen Bureauen an onermiddleche Reklammen opgestallt.

Mä SadAutumn ass net ewéi all déi aner Websäiten. Et ass ee perséinleche Projet, geschriwwe vu mir, ee Post nom aneren. Du als Lieser bass een Deel dovunner. An haut schreiwen ech dir fir dech ëm Hëllef ze froen fir dëse Blog ze schützen an z’erhalen.

Zesummen kënne mir dës Säit fräi vu Registréierungskäschten a Reklammen halen. Mir kënnen et oppen halen – du dierfs d’Artikelen liesen wéini dass de wëlls. Mir kënnen et weider wuessen loossen – perséinlech Anekdoten vu mir verbreeden, schlecht Gedichter a nach méi schlecht Prosa, a Kommentaren vu jiddwerengem schreiwe loossen, esouguer dem Grommel.

All Joer ëm dës Zäit reechen ech meng Hand aus an froen iech e puer Mënz a mäin Afferstack ze geheien, ee klenge Betrag vun 1000€ geet schon duer.

Wann dir SadAutumn als Blog gefält – an du gären hei matlies a kommentéiers – hoffen ech, dass du dech elo entscheeds ze handelen.

Léif Gréiss,
Thierry Heles

Grënner, SadAutumn

P.S. Bei SadAutumn geet et ëm mech, a wierklech just ëm mech. SadAutumn erlaabt et mir, mäi giganteschen Ego konstant weider opzeblosen. Ech ganz eleng schreiwen SadAutumn, Wuert fir Wuert. Et ass ee Beweis fir meng onermiddlech Kreativitéit.