Iwwert de Blog
A sengen Ufanksdeeg wor dëse Blog eng Gemeinschaftsaarbecht tëscht dem Serge Lentz an Thierry Heles, mëttlerweil léisst de Serge senge kreativen Dräng awer op setuch.com fräie Laf. Den Thierry – dee soss net esou gäre vun sech an der drëtter Persoun schwätzt, mä deen net weess ewéi en aus dëser syntaktescher Konstruktioun erauskënnt ouni e fuerchtbare Perspektivebroch – drénkt an ësst sech zanter 1986 duerch dës Welt. 2006 huet et hien an d’Land vun de Barde gezunn, an en dreiwt sech och haut nach ëmmer an engem Viruert vun der wallisescher Haaptstad erëm. En huet ee Bachelor an der Anglistik, mam Schwéierpunkt Creative Writing, a mëssbraucht dëse Blog fir enger Persona Ausdrock ze verléinen déi e viru Joeren erschaf huet, an déi muenchmol erschreckend anescht, muenchmol banal d’selwecht ass ewéi den Thierry am echte Liewen. Réckschlëss op tatsächlech Événementer opgrond vun Artikele stinn dem Lieser fräi, Feelschlëss kënnen dee Moment awer net ausgeschloss ginn, well d’Persona fuerchtbar gären iwwerdreift a verdréit.
Och wann den Thierry ee kreatiivt Genie ass kënnt den Titel Sad Autumn net vun him, mä hie verdankt en enger wonnerbarer Frëndin, dem Anne-Sophie, dat hien deemools™, wéi en no engem Numm gesicht huet, dozou inspiréiert huet.
Nieft dem Schreiwe vun dësem Blog co-moderéiert hien de Podcast Gedibbers an d’Emissioun Crumble um Radio Ara. Hien ass de Grënner vun der Auteurebeweegung les jeunes mélancoliques, wouvunner der hei um Blog de Manifest kënnt fannen.
Kontaktéieren dierf een hien ënnert der Email thierry (Afeschwanz) sadautumn (Punkt) com. Meeschtens ass e gutt gelaunt a bäisst net.