Den Impressum

• Kopéierrecht
All original Inhalter vun dëser Websäit ënnerleien dem Kopéierrecht 2005-2010 vum Thierry Heles (als Webmaster an/oder Auteur bezeechent). All Rechter virbehalen. D’Wierker déi op dëser Websäit publizéiert sinn, sinn duerch d’Berner Konventioun fir d’Schütze vu literareschen an artistesche Wierker protégéiert. Zitater sinn erlaabt, wann a nëmme wann dee respektiven Artikel sech em dat jeeweilegt Wierk dréit a wann ee Link op d’Wierk kloer vermierkt ass. All aner Kopie, Reproduktioun, Republizéierung (Drock, Web, oder ënnert anerer Form), Verännerung oder (File)Sharen ass explizit verbueden ouni eng virausgaange schrëftlech Erlaabnis vum Thierry Heles, dee via thierry (Afeschwanz) sadautumn (Punkt) com kann kontaktéiert ginn. Den Auteur behält sech d’Recht fir, dës Erlaabnis no eegenem Ermiessen ze verweigeren.

• Aner Lizenzéierungen
Sollt iergendeen Wierk op dëser Internetsäit enger anerer Lizenz (beispillsweis Creative Commons oder Copyleft) ënnerleien, gëtt dat kloër indiquéiert. An all anerer Situatioun fällt d’Wierk ënnert d’Kopéierrecht.

• Distanzéierung
De Webmaster ass net responsabel fir Websäiten, déi op dëse Site linken, respektiv op déi gelinkt gëtt, an kann net fir deren Inhalter verantwortlech gemaach ginn. Dës weideren distanzéiert sech de Webmaster ausdrécklech vu jegleche Kommentaren, déi net vun him selwer geschriwwe goufen. Sämtlech Verantwortung fir d’Inhalter vu Kommentaren läit beim jeeweilege Commentateur. De Webmaster behält sech d’Recht fir, Kommentaren ze läschen, wann den Inhalt vun dësen als ustéisslech ugesi ka ginn (zum Beispill, awer net limitéiert, op rassistesch, xenophob an homophob Kommentaren).

• Dateschutz
D’IP an Emailadressen déi gespäichert ginn, wann ee Kommentar geschriwwe gëtt, ginn ni verëffentlecht, a falls de Commentateur dat wënscht, ginn dës Informatiounen iwwert hien geläscht. Dofir brauch nëmmen eng Email un uewe genannten Adress geschéckt ze ginn.

• Virrecht
De Webmaster behält sech d’Recht fir, dësen Text ouni Notiz zu all Moment ze veränneren, an et ënnerläit der Verantwortung vum Visiteur, dës Konditiounen a regelméissegen Ofstänn ze liesen.

• Nichtegkeetsklausel
Sollt iergendeng vun dëse Konditioune géint gëllent Recht verstoussen, gëtt dës Konditioun duerch eng nei ersat, déi dem Gesetz entsprécht. Sollt keng nei Konditioun fonnt ginn, ersetzt dat lëtzebuergescht Recht déi concernéiert Konditioun. Dëst beanträchtegt net d’Gültegkeet vun deenen anere Konditiounen.