D’läscht Woch am IMAX gesinn, ass Hubble 3D en groussartegen Dokumentarfilm iwwer d’Geschicht vum Weltraumteleskop an déi rezentst héichriskant Missioun et ze retten. Et gi wahnsinneg impressionant Reesen duerch de Weltraum, déi dank 3D (Avatar ass en Dreck dogéint) an dem giganteschen IMAX Schierm esou bombastesch sinn dass et a Wierder guer net ze beschreiwen ass. Et fillt sech un, ewéi wann ee mat dobäi wier, wann d’Astronauten hiert Liewen am Weltraum riskéieren fir eng Maschinn ze reparéieren déi eis gestache schaarf Ablécker a Galaxien Miliarde Liichtjoeren ewech gëtt, déi mer eis net kéinnten erdreemen, an eist Verständnis vum Universum déifgräifend beaflosst huet. Gezielt gëtt dat Ganzt vum Leonardo diCaprio, deem een d’Ehrfurcht de ganze Film duerch unhéiert. An dat ass och d’Gefill, dat de ganze Film dominéiert, a mat deem ech um Schluss erausgaange sinn: Ehrfurcht virun deem groussen Universum, an deem eise Planéit emol net e Stëbskär ass. An, jo, eng wahnsinneg Demut wann den diCaprio um Enn zur Schlussfolgerung kënnt dass mer trotz all deene Wonner dobaussen nach ëmmer eppes net fonnt hunn: en Utopia ewéi eis kostbar Äerd, ewou alles exakt richteg ass fir eis Existenz.
A wann der soss näischt kucke gidd dëst Joer: Hubble 3D muss ee gesinn hunn. Jo: muss. Ech fuerderen iech eraus um Enn vum Film net d’Aan fiicht ze hunn ob all där Schéinheet.
Virdrun op Channel 4 déi éischt Reklamm fir déi véiert Staffel gesinn. Ech wousst jo, dass déi nei Folgen demnächst géinge kommen (d’Premiär vun der éischter Folg war de 25. Mee zu London, an Channel 4 mécht zanter e puer Deeg Reklamm, dass ee soll déi éischt dräi Staffelen op 4oD kucken), mä elo ass dann anscheinend den defintiven Datum eraus: de 25. Juni. An, wat nach méi gäil ass: eng fënneft Staffel gouf och scho bestallt!
Penarth ass e relativ deiert a schéint Duerf, dat just ausserhalb vu Cardiff läit, direkt um Mier, an zur Cardiff Urban Area zielt. Vu Penarth aus huet een eng impressionant Vue, et erkennt ee bei kloerem Wieder England, et gesäit ee Flat Holm Island (et ass déi mam Liichttuerm) déi eng zwou Stonne vu Cardiff ewech ass, an et kann een och e Bléck op Cardiff Bay an de Barrage werfen.
Ech fille mech ewéi wann ech nees e Kand wier. Hatt pecht mer eng Klett un den T-Shirt a laacht. Déi leschte Kéier ewéi ech mat där Planz gespillt hunn, hunn ech och nach missen Hänn halen an hunn haart mir gi spazéieren, déi aner musse léieren matgesongen. Iergendwou am Hannergrond héieren ech Autoen laanscht fueren, et ass genau esouvill Bësch tëscht eis an der Strooss dass mer se just net méi gesi kënnen. Laanscht de Wee stinn e puer Maschinen, fir sech ze dehnen an d’Muskelen opzewiermen. Pedallen, e puer Staangen, Biller déi eis erklären wéi dat alles funktionéiert. Hatt leeft drop duer a rifft voller Freed dass Spiller musse gespillt ginn, a spréngt op déi éischt Apparatur. Ech huelen e puer Fotoen vun em a freeë mech. Iergendwann virun e puer Méint huet mäi fréiere Matbewunner eng Kéier gemengt gehat, mir wieren de komplette Géigendeel vun eneen: hatt voller Liewensfreed an ech de Melancholiker. Ech mengen, e bësse fierwt hatt op mech of. Esoueppes ass normal – mä ewéi oft kritt een déi Subtilitéiten vun zweschemënschlechem Kontakt scho bewosst mat. Mir trëppelen iwwert eng Foussbréck an kommen an engem Park un, wou mer eng Paus aleeën. Dat Trauregt dorun, een anere Mënsch op eemol esou gären ze hunn ass d’Tatsaach, dass een esou vill am Liewen vun deem anere Mënsch verpasst huet. Keng Fotoen an Anekdoten kënnen dat Gefill, dass esou vill Joeren vun deem Aneren an der eegener Erënnerung feelen, erëm gudd maachen. Hatt erzielt mer vu sengem léiwsten Hausdéier, dat leider scho viru Joeren gestuerwen ass, an dat esou geheescht huet ewéi meng éischt Joffer an der Primärschoul, vun der Arbëscht vu sengem Papp, vu sengem Haus an dem Gaart – muenches hunn ech schon e puer Mol héieren, ech hu Fotoen gesinn, mä dat ass irrelevant. Hatt kéinnt mer op éiweg déi selwecht Geschicht erzielen bis alles eriwwer ass, an ech géing nolauschteren an der Hoffnung, dass et enges Dags a mengem Kapp esou ausgesäit ewéi wann ech hatt schon deemols kannt hätt, well ech an all menger Dankbarkeet nach ëmmer net weess, woumatter ech säi Laachen a seng Emarmungen verdéngt hunn. Ech wëll dech ni verléieren, soen ech op lëtzebuergesch a weigere mech et z’iwwersetzen. Owes stinn ech op der Gare a kucken dem Zuch no, deen et grad geholl huet fir bei eng Frëndin ze fueren, a schécken em eng SMS mat der Iwwersetzung.
Eis nei Lieblingsserie op BBC One. Psychological Crime Thriller mam Idris Elba (The Wire) als DCI John Luther, dem Ruth Wilson (The Prisoner) als seng héich intelligent awer total pervertéiert an emotiounslos Nemesis Alice Morgan, an dem Indira Varma (Torchwood) als seng (Ex) Fra Zoe Luther. Dräi Episode vun der éischter Staffel si scho gelaf, dräi Folge kommen nach (all Dënnschdeg um 21 Auer, mä woufir gëtt et iPlayer). Wa Luther sech weiderhin esou konstant steigert gëtt et nach bombastesch, well et stellt elo schon bal alles an de Schied. Esou eng intelligent geschriwwen an aussergewéinlech gefilmte Serie hunn ech scho laang net méi gesinn. D’Dialogen sinn exzellent an héich intensiv. D’Charakteren sinn ëmmer nëmmen en klengen Deel vum Bild – den Hannergrond verschléckt se an de meeschten Szenen, wat déi existentiell Kämpf vun de Charakteren ënnerteneen a mat sech selwer enorm gutt ennersträicht. Un all iech immigréiert Lëtzebuerger: onbedéngt kucken!
Ech weess guer net, wat bei dësem Video fir Lylac (Helios Remix), déi éischt Single vun hierem Remix Album Do Outro Lado Do Espelho, méi schéin ass: d’Lidd selwer oder de Kuerzfilm Light of Life vum Daihei Shibata.