Lo wäert jo endlech kee méi domatter nerven. Scho verdammt einfallslos déi selwecht Erklärung ze ginn fir alles ewéi bei Ashes to Ashes – déi vun der éischter Episod u geplangt war a sech iwwer fënnef Joer fulminant opgebaut huet, an net eréischt an de läschten Staffelen an totaler Panik zesummegewierfelt gouf.
Momentopnahm
Ech sëtze mam Sarah no engem gemütlechen Owend am Café ënner stärekloerem Himmel am Gaart, a genéissen déi Stëll an dat Gefill vu Rou dat et nëmmen an der Nuecht gëtt. Ech froe mech, ob ech de ganze Recht am Liewen iwwerhaapt brauch.
A Week of Music: Hanson
Fir vill Leit ass Hanson nach ëmmer déi 90er Band, déi d’Charts mat Mmmbop gestiermt hunn. Dono hunn se nach e Chrëschtdagsalbum erausginn an de Flopp This Time Around (e Flopp well de Label mat Island Def Jam fusionéiert huet, an keng Reklamm fir den Album gemaach huet), an si hunn dat gemaach wat haut all Band mécht, déi eppes op sech hält: si hunn hiere Label verlooss, an hieren eegenen gegrënnt, 3CG Records – eng Ofkierzung fir 3 Car Garage, hier Garage déi se an ee Studio emgebaut hunn. An zanterhier maachen déi dräi verdammt gudden Indiepop. Hiere neien, aachten, Album, Shout it Out kënnt am Juni eraus. Hei ass déi éischt Single Thinking ’bout Somethin, mat enger Blues Brothers Homage.
A Week of Music: Aqualung
Mir bleiwen zur Ofwiesslung op der Insel: de Matt Hales mécht ënnert dem Kënschtlernumm Aqualung zanter 2002 Musék, an gouf dank enger VW Reklamm bekannt, well säi Lidd Strange and Beautiful dofir benotzt gouf. Seng Musék héiert een zanterhier regelméisseg an amerikanesche Serien wéi The OC, Gossip Girl, Borthers and Sisters a Scrubs, fir der nëmmen e puer ze nennen. Säi sechsten Album koum am Abrëll eraus, an dréit den Title Magnetic North. Leider hunn ech néierens en offizielle Video fir déi éischt Single dorauser fonnt, New Friend, dowéinst dann hei en Doctor Who Fanvideo. Dat gëtt mir dann och emol d’Chance z’erwähnen, dass d’Amy an den 11. Dokter bei wäitem dat beschten Doctor/Companion Team bis ewell ass. Iwwerhaapt: a sechs Stonnen endlech déi nächst Folg. BBC One ftw.
Mä firdéischt emol Musék:
A Week of Music: Familjen
Wou kéime mer hin, wann et keng schwedesch Musék géing an dëser Serie ginn. De Johan T Karlsson, aus dem Land mat der groussartegster Musék vun der Welt, mécht ënnert dem Kënschtlernumm Familjen allerfeinsten Electropop. Dräi Albumer ginn et mëttlerweil vun em, an och op sengem 2010er Album Mänskligheten séngt en seng Lidder nees op Skånska (en ass aus der Provënz Hässleholm), een ostdäneschen Dialekt, deen awer och oft als südschwedeschen Dialekt ugesi gëtt. Erfierhiewenswäert si virun allem seng Zesummenarbéchten mam Ninsun Poli um aktuellen Album. Hei ass déi exzellent Single När Planeterna Stannat vu senger aktueller LP.
A Week of Music: The National
Haut (dat behaapten ech nëmmen esou well et ass en automatiséierte Post, eigentlech ass et nach gëschter, mä muer sinn ech mam Meechen wanderen¹) geet et zur Ofwiesslung emol gen Westen fir musékalesch Ënnerhalung. The National ass eng New Yorker Formatioun, déi 1999 (do hat ech meng éischt Frëndin, fuck ech ginn al) zu Ohio gegrënnt gouf. Wat mech bei dëser Grupp virun allem usprécht ass dem Matt Berninger seng Bariton Stëmm, déi d’Band aus deem Sumpf un Indiebands wierklech erfir stierche léisst. Hei ass Fake Empire vun hierem 2007er Album Boxer.
¹ Dat liest sech bal wéi eng schlecht Zäitreesepisod aus Star Trek: Voyager. Verdammt, sinn ech cool.
A Week of Music: Angus & Julia Stone
A mir ginn nees zeréck an Australien, op Newport bei Sydney fir genee ze sinn. D’Geschwëster Angus a Julia Stone sinn 2006 mat hierer EP Chocolate and Cigarettes an der Musékszen opgedaucht. Big Jet Plane ass vun hierem aktuellen Album Down the Way, deen am März (respektiv Abrëll a Frankräich) dëst Joer erauskoum.
A Week of Music: Elbow
Déi Meeschte vun iech wäerten Elbow, déi britesch Alt Rock Formatioun, ënner Ëmstänn scho kennen. Hier Single One Day Like This gouf éiweg laang iwwerall erop an erof gespillt. Manner bekannt ass awer hieren Optrëtt bei BBC Radio 2 virun annerhalwem Joer, bei deem se en Album an eng Live DVD opgeholl hunn, zesummen mam BBC Concert Orchestra an dem Londoner Chouer Chantage. Fir The Fix, deen der hei ënnendranner fannt, huet hinnen ausserdeem de Richard Hawley ënnert d’Ärm gegraff. Esou vill geballtent musékalescht Talent gesäit ee net oft, an d’CD/DVD ass wierklech z’emfeelen.
A Week of Music: Paul Dempsey
Ech stellen iech eng Woch laang Kënschtler a Bands fir, déi ech nei entdeckt hunn, déi ech scho méi laang kennen mä déi an Europa net groussarteg um Radio gespillt ginn, oder einfach Musék déi mir gefällt an déi ech gären géing weideremfeelen u Leit déi se eventuell nach net kennen. Den Ufank mécht den australesche Kënschtler Paul Dempsey, ee vu menge léiwste Muséker a fréiere Sänger vu Something for Kate, mat der drëtter Single vu sengem Debutalbum Everything Is True vun 2009. Crumble-Fans dieft e bekannt sinn, ech hu säi Lidd Ramona Was A Waitress de läschte Summer an der Spezialsendung iwwert australesch Bands lafe gelooss. Hei ass den offizielle Video fir Bats.
Zitater (26)
Rickards. Roof terrace. Now. You cocksucker. // He said ‘see you in an hour’, so we won’t see him till midnight when he comes stumbling in utterly wasted. // If binge drinking is defined as four pints, what do we call your fourteen pints now? // Barney Stinson? Who’s he? // I gave her boyfriend a condom, he looked very confused. // Every time I have a drink in there I’m with a different girl, I wonder what the bar staff thinks of me. Maybe I should ask her out… // What were you hoping for? That I don’t know what buggering is so that you could seduce me later? // It’s the same on Kitchen Nightmares every time Gordon Brown tries the food… // There’s obviously a lot of sexual tension here. Wanna fuck? // We can call it the W. paradox: there is always enough beer for one man, but a man never has enough beer. // I decided to call it a night when he came back to the flat with carpet burns and a bra that apparently wasn’t his girlfriend’s. // You two shagging each other yet? // I still had a hangover from last night and I was five pints drunk when my lecturer came into the pub. // She’s not your girlfriend? But you two are so close… Have you tried sleeping with her? // Bon, ech si mol duschen, d’Joer ass bal riwwer a virun den Examen wollt ech mech nach eng Kéier wäschen… // Sief dach frou, datt et op mannst sange kann. Et gi Leit déi sinn net schéin a kënnen net sangen. D’Grinsekatze z.B.
