Een Opruff

Elo grad ass mer eng Email an d’Haus geflattert vum Philippe Schockweiler (porte parole vun Déi Jonk Gréng), dee mech op den äusserst graven Probleem vum Zübeyde Ersöz higewisen huet. Deenen Leit, déi elo net direkt wessen, wien dat ass a wat et mat där Affaire op sech huet, sief gesot, dass et sech em eng kurdesch Journalistin a Fraerechtlerin handelt, déi vun der Türkei duerch internationalen Haftbefehl gesicht gett, an déi am Moment zu Schrasseg agespaart ass, wou se Karsamsdes an een Hongerstreik getrueden ass. Firdrunner hat onsen Aussenminister, den Jean Asselborn, hieren Antrag op Asyl ofgelehnt, woufir en vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR staark kritiséiert gouf. Och de lëtzebuerger Ombudsmann, Marc Fischbach, huet sech fir den Asyl ausgeschwat, wouropshin den Jean Asselorn d’Asylprozedur nach eemol gestart huet.

Der Ersöz hieren Affekot, Maitre Yakisan, ass sech zwar momentan sécher, dass den Antrag des Kéier ugeholl gett, Hoffnungen déi senge Wieder no och vun der Staatsanwaltschaft scho soll bekräftegt gi sin, mee trotzdeem wier et wenschenswert, wann des Hoffnung kéinnt nach weider bestärkt gin. Op dem Internetsite vun Déi Jonk Gréng fennt een dann och een oppenen Bréif un d’Regierung, deen se opfuerdert, d’Zübeyde Ersöz op kee Fall auszeweisen.

Fir des Initiativ ze ennerstetzen, gouf dann och eng Online Petitioun gestart, déi een hei fennt.

Et wier fein, wann der dat hei kéinnt duerch d’lëtzebuerger Blogosphär verbreeden. Merci.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *