E Proff aus dem Alima wiergt e Schüler mat engem elektresche Kabel

Ech sin der Meenung Gewalt ass keng Léisung an dat hei ass en extreemt Beispill wéi wäit esou eppes kann ausarten. Dat, wat do vum Här Fischbach geschriwwen gouf, ass déi eenzeg Quell vu mengen Informatiounen, woufir ech mer natirlech net umoossen een Urteel iwwert seng Handlung ze fëllen, mee wann ech mer esou ukucken, wéi eng Saukanner (‘tschellegt den Ausdrock) et hautzedags an eiser Gesellschaft vun der “fortschrettlecher” fréier Erzéiung gin, kann ech esou eng Reaktioun novollzéien, och wann se natirlech net ze verantworten ass. Hautzedags dierfen Kanner jo schließlech alles. Radikal alles. Jo, wierklech absolut alles, well et ass emmerhin vill ze ustrengend engem Kand Grenzen bäizebréngen – et ka jo keen verlaangen, dass Mami a Papi no engem ustrengenden Schaffdag och nach déi Arbescht erleedegen. Dass een vun den Eltren (lo nennt mech net patriarchalesch, mir ass et egal op dat lo Papp oder Mamm ass) doheem bleiwt a sech em d’Kanner kemmert ass jo och net zoumutbar, vu wat bezillt een da soss sengem Kand deen deieren Mercedes fir den 18. Gebuertsdag, déi nächst Vakanz am Burj Al Arab a net ze vergiessen all déi Skivakanzen?

Ganz allgemeng gesin: dass do engem de Kolli platzt, och, oder besonnesch well e permanent mat esou Fäll konfrontéiert ass, ass traureg a net ze verantworten, mee leider och iergendwéi verständlech. Do ass menger Meenung no och net d’Haaptschold beim Proff ze sichen, mee firun allem eemol bei den total inkompetenten, drecksfaulen, saudommen Eltren. Soss gin d’Psychologen jo och emmer déi onméiglechst Erklärungen sichen fir ee Gewaltäter als Opfer duerzestellen, si sollten mol ufänken, dat an esou Fäll och ze maachen. Woubäi de Proff awer natirlech eng Stroof verdéngt huet, wann dat alles esou korrekt ass, wéi dat do – emmerhin vum Proff selwer – geschriwwen gett.

Mat Schwäikanner leeft eis Welt leider iwwer. Gott stéi ons bäi, wann déi bis selwer Nowues an d’Welt setzen!

5 thoughts on “E Proff aus dem Alima wiergt e Schüler mat engem elektresche Kabel”

  1. de prof wees wat e falsch gemaach huet a wäert sech däer saach stelle missen…dat ass nu mol sou. ech verurteelen den acte a wëll dat och nët entschëllegen, mais mäin versteesdemech huet en och.

    wann deen oder déi schüler esou cool, rauh an domm sin, da soll hien/sie sech lo net behuelen wéi eng kleng pussy/pussien déi dat lo mol “verschaffe” muss(en)…assume!

    mol kucken wéi dat do weider geht…

  2. Waat mech just stuzeg mech: Ween erwiergt een am Affekt??? Eng gudd ob d’ Maul, jo, ech sin deen eischten deen dem Proff dono seet et wär en Fehler gewierscht mee awer neideg gewierscht. Mee erwiergen? Daat huet schon en batteren nogeschmach…

    En plus machen ech och en bessen dei aaner Schüler responsabel iergendwann kennt den Punkt wou een einfach muss mierken, dass iwwerdriwwen gett an sech dogeint wieren. Entweder huet do keen et gemierkt oder keen sech getraut eppes ze man, egal wei eng traureg Saach dei ganz affaire, an do mussen vill mei Leit responsabel gemaat gin wei den Proff an den Schüler, et ass just eng Weider Manifestatioun vun onser perverser Gesellschaft…

  3. Den Proff seet jo och net, et wier eng Affekthandlung gewiecht, mee dass hien sech ganz bewosst gewiecht wier, war en do gemaach hätt. En huet net erwiergt, mee gewiergt, ass nemmen en Ennerscheed vun 2 Buchstaawen, mee mécht awer den Ennerscheed tescht Liewen an Doud. ;) Mee dat ass éischter dat wat mech nach méi schockéiert, dass en et eben net am Affekt gemaach huet. Wéi krass muss dee Schüler da gewiecht sin?!

    Eis Gesellschaft fonktionéiert nun emol leider genausou: wann een dann zu deenen wéinegen gehéiert, déi mierken wann eng Grenz iwwerschratt gett, déi definitiv net dierf iwwerschratt gin, mécht een d’Aan zou an ignoréiert et. Ganz éierlech, wann do Leit sech zur Fenster eraus iwwergin, do wier ech och a mäin Zemmer verschwonn an hätt mech erausgehaalen… Allerdéngs hätt ech am KZ wahrscheinlech och missen op d’Zänn bäissen fir net op se lass ze goen wéi se do Laachkrisen kritt hun.

  4. Ech mengen dat en Proff e Schüler wiergt ass net ze verantworten. Dat geet net, an ass net an der Reih.
    Mee éischtens sin d’Emstänn spezieller, dat muss een emmer gesin. An engem KZ ass d’Situatioun emmer delikat. An ech sin selwer wéineg Impulsiv, oft passiv, verabscheuen Gewalt zu déifst, wieren mech usech nemmen mam Wuert. Mee et gin Momenter, wou eng an d’Maul einfach méi seet wei dausend Wierder. Sollt net viirkommen, mecht et awer. Ech hu mech selwer geschummt, dat, wei ech zu Auschwitz wor, ech just wéineg gefillt haat, mee et kann een Plaatzen och respekteiren ouni vun hinnen mussen iwwerwältegt ze sin.
    Zum aaneren fannen ech säin Modus okay. En seet kloer wat ass, huet *selwer* sengem Direkter ugeruff, an schengt näischt ze vertuschen.
    Ech fannen den Proff soll dofir bestroft gin, an sief et dat en fir iergendeng gemengnützeg Saach bezillt, mee ech fannen dat een em sollt eng Chance awer gin.

  5. Déi éiweg Diskussioun iwwert d’Versaute Jugend. Ech mengen et ass wierklech net méiglech objektiv iwwert daat Thema ze schwätzen :). (Et ass wuel tranzendental ;))

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *