Eng ganz Woch

Sou laang ass hei näischt gelaaf. Net well ech elo eng Woch iergendwou op enger Plage louch mech ze erhuelen, mä well ech et färdeg bruecht hun ee perséinlechen Rekord opzestellen, deen ech ni well briechen: ech war innerhalb vun enger Woch zweemol an der Urgence an dat souguer zwee Deeg hannerteneen – Donneschdes a Freides – nodeems ech Dennschdes scho bei engem normalen Dokter war. Beim Hausdokter hat ech nemmen Kapp- an Halswéi, déi éischte Kéier an der Urgence Kapp- a Genéckwéi an déi zweete Kéier an der Urgence Aanwéi. E puer Röntgen méi spéit: “nemmen” eng Entzündung am Genéck, dofir dierf ech elo Arcoxia schlécken. Ausserdeem eng Entzündung an den Aan – jo, schon erem. Schaffen war ech ganzer zwee an en halwen Dag, wouriwwer sech mäi Porte-Monnaie lo net onheemlech freet, mee schaffen goen war eben leider net dran.

D’Woch huet awer gudd opgehaalen, well ech geschter no enger Rei Joëren endlech rem zu Paräis war, eng cool Star Wars Ausstellung an der Cité des Sciences et de l’Industrie gesin, am Virgin Megastore zougeschloen (endlech de Lilja 4-Ever mat O-Toun op DVD, juhu!) an dunn um Champ de Mars e relaxen Nometteg mat näischt maachen verbruecht hun – do hätt eigentlech just nach e bessen Ben Harper gefeelt, mee en MP3 mat op Paräis ze huelen war mer ze riskant.

Entschellegen well ech mech nach bei all deenen Leit déi keng Enwert op hier Email(en) oder SMS(en) kruten, dat huelen ech alles sou séier wéi méiglech no, versprach.


3 thoughts on “Eng ganz Woch”

  1. tiens, ech hat gemengt du häss dech lo total “sozialiséiert” :-)

    bon, déi aaner saachen missten jo net onbedéngt sin, mais dat sicht ee sech leider net eraus.

  2. Ech mengen dozou kennt et ni. ;) Mee ech muss dat vun der leschter Woch jo iergendwéi rem eranhuelen, dat heescht da wahrscheinlech dass ech mech elo fir eng Zäitchen méi wert “sozialiséiren”. :)

    Nee, leider net. Mee soulaang et näischt dauerhaft schlemmes ass, ass et alt nemmen nerveg a net extreem schlemm.

  3. :) du bass zefill um pc
    nee mol seri?? klengt jo wonnerbar,
    wat soll dat resozialiseieren dengens heeschen ? du solls gefällegst online sin an net am rl remhenken :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *