July 2006

Scandalous

I’m shocked. I’ve just read this post, over at Die Gefühlskonserve, which could make you think Nazi-Germany were still reality. If already children are confronted to xenophobia, sadly it’s no wonder those Alima pupils showed no respect while visiting the concentration camp…

Net vill (Gescheites)

Mir ass grad opgefall, dass et hei a leschter Zäit ongewéinlech roueg ass. Dass ech dat firdrunner mol net gemierkt hun, läit wahrscheinlech dodrunner, dass ech e puer Deeg guer net u (mengem) Computer war. Negativ Konsequenzen hat dat dann elo och schon: ech krut 126 Spammailen an mäin iTunes ruddert grad kräfteg fir all déi Podcast Episoden rofzelueden déi ech elo nach all nozehuelen hun.

Firwat war ech déi ganzen Zäit op Internetentzug obwuel elo Vakanz ass?
– Ech hat just zwee Deeg Vakanz, an zwar de Weekend, vu dass ech zanter e Méindeg all Dag vun 8 bis 17 schaffen – 8 Stonnen Deeg missten ofgeschaaft gin.
– Ech war all Owend raus, wat wahrscheinlech meng momentan Middegkeet erklärt, an owes spéit / moies fréi ass eigentlech déi Zäit wou ech normalerweis um Computer hänken.
– Eng Rei gudd Frenn si nees am Land no villen Méint wou ech se net gesin hun, do bleiwt déi virtuell Welt eben mol e bessen op der Streck.
– Da gin et nach perséinlech Grenn, mee dat elo hei breet ze treppelen wier respektlos.

Lo wou ech schon eemol rem eppes hei posten: gidd Scary Movie 4 op kee Fall kucken. Nodeems ech en Méindeg den Owend mat enger Frendin nom Iessen – endlech mol rem eng Kéier chinesesch :) – spontan an de Kino war an ech do e puer Kolleegen begéint hun, déi de Film scho fir d’zweet kucken koumen, hun ech mer geduecht sou schlemm kéinnt et jo net sin an war averstaanen e kucken ze goen. Drécke mer déi Saach emol sou aus: den einsamen Highlight vum Film war, dass d’Conchita Campbell matgespillt huet – mee leider ass et nemmen knapps zéng Minuten ze gesin. En klengen Liichtbléck war nach de Bill Pullman, wat zumindest cool war, well hien am bellegen amerikaneschen Remake vun Ju-On (The Grudge) matgespillt hat, an dat een vun de Filmer ass, deen se duerch den Dreck zéien, mee dee war awer leider sou ennerfuedert mat senger Roll, dass et net auszehaalen war em nozekucken.

Wat seet d’Arbescht? Logescherweis schaffen ech nees do wou ech bis elo nach all Joër geschafft hun: beim RCM (jo, déi mat der Reklamm um Eldoradio “t’gett näischt wat et net gett” – dee Sproch stemmt iwwregens méi wéi ee géing mengen, vu Buerfräsmaschinen iwwert Flachmänner an Zippoen bis hin zu Bitzmaschinen gett et Tatsaach alles :)). Bis elo hat ech net vill ze din, mee de Metteg gouf awer sou lues de Bierg Arbescht erkennbar, deen an de nächsten Woch z’erwaarden ass: dee neien Katalog muss färdeg gemaach gin fir d’Porte Ouverte Enn September. Witzeg ass et awer allemol, dest Joër emsou méi, well ech bei hierem neien MediaOp – de Sysadmin huet firun e puer Wochen gekennegt a sech nees selbsstänneg gemaach :( – am Bur?? setzen, deen e puer Méint Portier an engem vu mengen aalen Lycéen war well en soss keng Plaz krut, an do kann een sech dann natirlech härlech Geschichten verzielen. :)

Déi nächst Deeg wert et och weiderhin zimlech roueg hei sin, well dat wat ech firdrunner opgezielt hun nach emmer gellt an nach Arbeschten un e puer Episoden Summer TV op mech waarden – déi zweet Episod huet de Cyrille iwwregens scho färdeg montéiert, ech maache méi Bescht d’Postproduktioun sou séier wéi méiglech färdeg ze kréien.

Wien tatsächlich bis heihinner ukomm ass, hei ass eng Foto vu mengem Schreifdesch beim RCM – jop, dat sin zwee Bildschirmer an dat fir ass keen Toilettepobeier, mee fir den Ueleg vun all deem klenge Geschier rofzemaachen wat ech knipsen muss a natirlech fir sech d’Hänn ofzemaachen. Ech fannen dee neien Bureau iwwregens top, wann ech dat mat mengem Schreifdesch zum Beispill vun 2004 vergläichen (direkt ennendrenner). :)

E Proff aus dem Alima wiergt e Schüler mat engem elektresche Kabel

Ech sin der Meenung Gewalt ass keng Léisung an dat hei ass en extreemt Beispill wéi wäit esou eppes kann ausarten. Dat, wat do vum Här Fischbach geschriwwen gouf, ass déi eenzeg Quell vu mengen Informatiounen, woufir ech mer natirlech net umoossen een Urteel iwwert seng Handlung ze fëllen, mee wann ech mer esou ukucken, wéi eng Saukanner (‘tschellegt den Ausdrock) et hautzedags an eiser Gesellschaft vun der “fortschrettlecher” fréier Erzéiung gin, kann ech esou eng Reaktioun novollzéien, och wann se natirlech net ze verantworten ass. Hautzedags dierfen Kanner jo schließlech alles. Radikal alles. Jo, wierklech absolut alles, well et ass emmerhin vill ze ustrengend engem Kand Grenzen bäizebréngen – et ka jo keen verlaangen, dass Mami a Papi no engem ustrengenden Schaffdag och nach déi Arbescht erleedegen. Dass een vun den Eltren (lo nennt mech net patriarchalesch, mir ass et egal op dat lo Papp oder Mamm ass) doheem bleiwt a sech em d’Kanner kemmert ass jo och net zoumutbar, vu wat bezillt een da soss sengem Kand deen deieren Mercedes fir den 18. Gebuertsdag, déi nächst Vakanz am Burj Al Arab a net ze vergiessen all déi Skivakanzen?

Ganz allgemeng gesin: dass do engem de Kolli platzt, och, oder besonnesch well e permanent mat esou Fäll konfrontéiert ass, ass traureg a net ze verantworten, mee leider och iergendwéi verständlech. Do ass menger Meenung no och net d’Haaptschold beim Proff ze sichen, mee firun allem eemol bei den total inkompetenten, drecksfaulen, saudommen Eltren. Soss gin d’Psychologen jo och emmer déi onméiglechst Erklärungen sichen fir ee Gewaltäter als Opfer duerzestellen, si sollten mol ufänken, dat an esou Fäll och ze maachen. Woubäi de Proff awer natirlech eng Stroof verdéngt huet, wann dat alles esou korrekt ass, wéi dat do – emmerhin vum Proff selwer – geschriwwen gett.

Mat Schwäikanner leeft eis Welt leider iwwer. Gott stéi ons bäi, wann déi bis selwer Nowues an d’Welt setzen!

Apple is (not that) bad

I agree that we have to fight DRM, but what the heck is wrong these people? Indeed it’s not cool that you have to buy an iPod and not another other mp3 player to take the music you purchased with you, but then why don’t they give their action group another name, for example “Fight Apple” or something similar. It’s total bullshit to make Apple the scapegoat for digital rights management. They let the Apple politics on DRM appear as the worst case possible, but, honestly, is it so atrocious letting end-user burn the song to a cd only five times? How many copies do you need? And really, it seems to be no big deal to bypass Apple’s FairPlay technology with iTunes itself (apparently directions can even be found on wikipedia as I just noticed).

Alright, calm down and don’t get me wrong, I’m no fan at all of DRM, I’m just saying if you want to fight it, don’t concentrate on one “big enemy”, because that would only result in an irrational witch-hunt and not solve the problem – on the contrary it would leave enough time to the underestimated rest of the industry (for example Microsoft, who let DRM appear as the best invention ever made) to push the development of DRM further.