D’Pocastszen wiist weider…

Nodeems egalwaat.lu firun e puer Deeg op nei Podcasts aus onsem schéine Ländchen opmierksam gemaach huet, kennt elo nach een dobäi an zwar vun de Bloggerkolleegen bei doofblog, nämlech huet de Raf geschter déi éischten Episod vum GeekMusicPodcast online gesat. Et ass zwar kee Podcast am klasseschen Senn – en ass nemmen per Torrent ze kréien – mee dofir awer net manner gudd: Während enger 15 Minuten kritt ee nämlech richteg gudd elektronesch Musék gebueden an dat souguer, fir déi Leit mat iTunes, als AAC mat 128 kbps.
Also onbedengt emol eng Kéier lauschteren! :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *