Happy birthday

Et ass verréckt wéi séier d’Zäit emgeet: elo sin ech schon ee ganzt Joër laang en Deel vun der Blogosphär. An der Zweschenzäit huet sech dann och esou eeneges geännert: mäi Co-Blogger huet décidéiert opzehaalen, an de Blog huet dräimol de Numm gewiesselt (thoughts – simulacrum – sad autumn) an bei deem leschten bleiwt elo – ganz bestemmt, well dat ass och emmerhin d’URL vum Blog nodeems ech de Recht erofgeholl hun, bei enger handvoll Visiteuren de Mount wert dat jo wuel kaum een vermessen. Dann gouf aus engem engleschsproochegen Blog firdéischt ee bilingualen wéi Lëtzebuergesch dobäi koum an mettlerweil sin ech bei engem multilingualen Blog ukomm – t’ass also lues a lues och zu enger Plattform mutéiert, wou ech mir selwer d’Méiglechkeet gin, en bessen Übung an deenen Sproochen ze behaalen, déi ech net am Alldag benotzen kann. De Blog par contre krut an deem leschten Joër iwwert 15500 Hits, eng Zuel déi ech mer ni erdreemt hätt, an déi souguer nach iwwert dem Rekord vu naischtnotz.net läit, mat net emol 12000 Hits am Joër 2005.

A leschter Zäit sin ech der ursprünglecher Idee leider e bessen ontrei gin, nämlech e bessen méi usprochsvoll Saachen ze publizéiren ewéi nemmen dee neisten YouTube Video oder soss eng Dommheet. Ech geloben Besserung, an zur Feier des Tages gett et den Owend, exakt ee Joër méi spéit, deen dretten (a viraussichtlech leschten Deel) vun den sick Texter. E véierten Text vu One ass a Virbereedung, an ee weideren Fragment Text kennt och demnächst. The Regulars, deen ech schon esou laang emmer rem verspriechen, huet an der Zweschenzäit esou een Umooss ugeholl, dass ech nach net wees, op a wéi ech e soll veröffentlechen, op alle Fall verlaangt esou eng laang Kuerzgeschicht awer leider en puer Iwwerarbeschtungen an ech kann nach keen definitiven Datum fir déi eventuell Veröffentlechung nennen. Dass ech elo och nach fir d’Uni muss all Woch Kuerzgeschichten a Gedichter schreiwen helleft deem Ganzen leider och net weider.

Trotz allem a grad dowéinst freen ech mech awer iwwert dat lescht Joër, zumols ech net geduecht hätt, dass de Blog esou ee Succès géing gin an och wéinst deem perséinlechen Wert, well et elo, wou ech ee ganzt Joër opgeschriwwen hun, ufänkt intressant ze gin wéi eng krank Gedanken ech lescht Joër op deem selwechten Dag hat.

Ech soen op jiddferfall all mengen Lieser merci an hoffen dir bleiwt mer och nach ee weidert Joër (an hoffentlech driwwer eraus :)) trei.

7 thoughts on “Happy birthday”

  1. Maach et einfach, WordPress hues de a 5 Minuten um Laafen an wanns de bis déi éischt puer Posts geschriwwen hues fänkt et un eng Gewunnecht ze gin an du mess et ouni groussarteg driwwer nozedenken. Du muss jo net all Dag posten. :-) Ech géing mech op alle Fall iwwert ee weideren Blog freen. An du verprechs op denger Säit emmerhin dass et nach dest Joër souwäit ass, d’Zäit leeft… ;)

  2. Top!
    An ech sin lo well 2-3 Joer amgang een Blog wellen unzefenken mee kann mech ni derzou oprappen daat ganzt endlech ze starten.. ;)

  3. Jo, WordPress as amfong och well installéiert…Mee ech well net mat engem StandardTemplate ufenken :P an den Moment fehlen mer na bnessen d’Iddien fir en flotten Design.
    haat och well dacks den Gedanken: hei wanns de lo dain Blog häss, daat dooten häss de kinnten draschreiwen.
    En weideren Problem as d’Wiel vun der Sprooch..am léiwsten géif ech en op lëtz. maan. Allerdings sin ech vill an daitschen Foren ennerwee, an schreiwen och gäeren daitsch. Op di aaner Manéier sin ech lo an der Belsch op der Uni, dofir kéint een Franséisch och net ganz ausschléissen…bon mol kucken.
    An jo, ech wäert na dëst Joer online goen. Zur Nout mat dem Standardtemplate :P

  4. Ma hei fenns de eng onwahrscheinlech laang Lëscht mat Templates fir ze benotzen / dech inspiréiren ze loossen. An hei natirlech och op WordPress selwer, do souguer mat enger klenger Preview all Kéiers.
    Deen hei fannen ech relativ gudd, an och net ze opdränglech…

    Wat d’Sprooch ugeet, firwat net déi dräi? D’Lëtzebuerger dierfte wuel kee Probleem mat deenen Sproochen hun an du kéinns déi Sprooch benotzen no där et der grad ass – maachen ech och esou. ;-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *