Dat ass dach net dran!

Lo kennt meng léiwsten Indie Band (scheinbar si se souguer ze indie fir an den iTunes Store mierken ech grad) endlech an d’Rockhal an ech si net am Land. Nondikass wéi een Idiot leet de Concert vun esou enger genialer Band op een Dennschdeg?! Kann deen dann net fennef Deeg méi spéit sin? An Enn deses Mounts kennt Technology won’t save us eraus – dat heescht si spillen wuel Lidder vun deem Album. Argh dat kann dach einfach net sin!

T’ass scho baal wéi bei Coheed and Cambria, deen hätt sollte Mettwochs den 28.6. sin an ech hat Donneschdes moies um 9 Auer Examen – allerdengs ass deen um Enn souwisou vun der Band ofgesot gin well se hier Tournee hu missten ofbriechen.

Ma Himmel namol!

5 thoughts on “Dat ass dach net dran!”

  1. Archive war och hei an ech hun et réischt matkritt wéi den Concert 4 Deeg riwwer war.
    Sophia as iwregens och top ;)

  2. Also Kanner reegt ierch elo mol net esou ob, ech wees emmer weini meng lieblingen wou drun sin ;)

    Ausserdem, geif ech emol gären do uewen ob der Insel wunnen, zwar eischter London, mee bon :D

  3. Ech hun zevill gud Bands op menger Lëscht stoen fir den Iwwerbléck ze behaalen. ;)

    Nee, mäi Liewen wéillt ech zwar net op der Insel verbréngen. Haaptsächlech wéinst deem erschreckend réckstännegen Gesondheetssystem. Mee Kanada a Neiseeland hun mech souwisou schon emmer méi gereizt. :)

  4. Pingback: sad autumn

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *