Songbird 0.2

Frun en puer Stonnen hun ech dem Serge de Songbird ugin als Alternativ zum iTunes. An natirlech hun ech mer en dann elo och mol erofgelueden an e bessen domatter ronderem gespillt. Fazit: eng knapp Stonn bis zum totalen Crash. An dobäi wollt ech just d’Fenster miniméiren.

Songbird huet also definitiv nach esou seng Macken. Mee t’ass jo nemmen eng Developer Preview. Den Interface gefällt mer awer, obwuel faarwlech extreem schwaarz am Windows Vista iwwerdriwwen Mac OS X 10.4 Design, ass en intuitiv. D’Méiglechkeeten mam Songbird ze surfen an d’Lidder vun enger Säit direkt kennen ouni vill Emstänn am Player ze lauschteren ouni se mussen erofzelueden, a se mat engem Klick kennen an d’Library setzen, sin enorm praktesch.

Et feelen awer nach e puer Saachen:
1. Integratioun vum iTS
2. Ofspillen vun M4P Dateien
(Béides läit mengen ech net bei Songbird, déi kéinnte wuel wann se dierften).
3. Handling vun RSS Feeds. Ech well net op Odeo mussen zeréckgräifen fir meng Podcasts z’organiséiren, dofir huet den iTunes mech schon vill ze vill verwinnt. En plus haassen ech Webapplikatiounen an alles wou ech firdéischt muss e Browser opmaachen ier ech kann lassleen.

Fir eng Versioun 0.2 gesäit de Programm awer schon relativ duerchduecht aus – sou wéi een et vun Mozilla, well dorop ass de Songbird emmerhin gréisstendeels baséiert – gewinnt ass. Ech sin op alle Fall gespaant an freen mech op 2007 wann d’1.0 rauskennt.

3 thoughts on “Songbird 0.2”

  1. d Windows versioun schengt schon bessen mei stabil ze laafen ech hat mat den standart features kee problem

    flott alternatif zu den bestehenden music player: blöd fier itunesmusicstore user …
    leider enttäuscht dei nei itunes versioun mech emmer mei .. wier flott gewiercht kennen emzesuedelen … mee bon .. kann een wuel net alles hun

  2. Wann bis 1.0 eraus ass kann en emsuedlen, denken ech. Dann brauch en och keen winamp oder itunes mei um Pc ze hun.
    Songbird ass mir am Moment nach ze onstabil.

    An et ass net mozilla.org dei en entwecklen, mee eng aaner Firma, dei “just” d’Gecko-Engine als ennerbau hellt.

  3. Ech suedlen zwar nemmen ganz em, wann se iTS ennerstetzen. Ech sin mettlerweil vill ze vill am Store ennerwee, an ech hunn schon zevill gudd Bands do fonnt, fir dat einfach lo rem opzegin. Wann se zumindest géingen M4P Dateien ennerstetzen, géing ech mer et awer iwwerleen. Ech si souwisou een, deen emmer nach gären en Alternativprogramm zur Verfügung huet, ech hun och OpenOffice an NeoOffice. A fir Medien hun ech QuickTime, iTunes, VLC an elo eben och Songbird. Browseren zielen ech net ob, déi Lëscht gett ze laang. :)

    Du hues ganz Recht, et sin d’Pioneers of the Inevitable, ech hat mech do wuel e bessen holpreg ausgedréckt. Wat ech wollt soen ass, dass de Songbird op dem Mozilla Application Framework (deen iwwregens net nemmen Gecko Engine beanhällt, mee och de XUL UI Toolkit a natirlech Necko) baséiert, an wéi een et bis elo vu Programmer, déi op deem Framework baséiert sin, gewinnt ass, ass Songbird schon relativ duerchduecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *