Keng Kondomer fir d’Sainte-Sophie

Zu Lëtzebuerg hänken zanter e puer Wochen an allen Lycéen Kondomsautomater. An allen? Nee, eng kléng Schoul leescht heftege Widderstand géint d’Durex Invasioun. Dank engem äisernem chrëschtleche Glaawen ass d’Personal praktesch onbesiegbar. D’Schüler gesinn an, dass si mat Argumenter net wäit kommen, an och de Gruppenzwang vun den anere Lycéen helleft net. Also wenden d’Schüler sech schließlech un hier allerlescht Hoffnung: den Asterix den Eldoradio.

Alles an allem fannen ech déi Kondomsautomater eng luewenswert Initiativ: et ass souguer eng vun de wéinegen Saachen wou ech géing soen, de Gesondheetsministère hat endlech mol eng gudd Idee an huet se konsequent duerchgesat.

D’Argument vum Här Simonelli (t’ass scho laang hier, dass ech do war, mee ass dat net de Bodybuilder mat der Liederjacket?) si kéinnten keng Gummien am Préau verkaafen fannen ech allerdéngs aliichtend. Effektiv hun d’Primärschüler Zougang zum Lycée, méi nach, am Wanter mussen se duerch de Lycée fir drëchen an waarm an d’Kantinn ze kommen. Dass do d’Direktioun net onbedéngt well ee Kondomautomat ophänken ass verständlech. Allerdéngs ginn et och Plaazen wou déi Kleng sech net ophaalen, den éischten an zweeten Stack am Lycée zum Beispill, firwat net do op enger Toilett den Automat ophänken?

Oder ass et väit awer nemmen, well d’Sainte-Sophie verzweifelt probéiert hiert laang verluerent Image als serieux, chrëschtlech Privatschoul ze erhaalen?

Nofolgend dann en Zesummenschnett vun zwee Ausschnetter aus der King Kaffi Show um Eldoradio de moien kuerz no 7 Auer déi ech dank Wonner vun der moderner Technik (iTunes, Internetradio an Audio Hijack) opgehull hun, wou de Moderator, Andy, dem Direkter urifft an duerno d’Reaktioun vun den Nolauschterer virliest.

[audio:kondomsautomater.mp3]

2 thoughts on “Keng Kondomer fir d’Sainte-Sophie”

  1. …Här Simonelli (t’ass scho laang hier, dass ech do war, mee ass dat net de Bodybuilder mat der Liederjacket?…

    Jo, dat ass en :-)

  2. Ah gudd ze wessen. Dann ass meng Erennerung awer net sou schlecht. Aus menger relativ kuerzer Lycéeszäit do hunn ech nämlech zimlech vill verdrängt. :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *