Blöde Lawrence!

Den Dag huet schon härlech ugefaang: am Cours American Story vun deem coolste Proff deen ech hun, Dr Martin Willis, krute mer haut matgedeelt, dass eng Rei vun eis nächste Kéier mat anere Leit mussen zesummenschaffen, fir dass mer net emmer nemmen mat den selwechten Leit do setzen Texter z’analyséiren. Natirlech huet en eis awer net wellen soen wien muss wiesslen. Sot ech, dass ech mat deem bei wäitem flottste Meedchen an där Klass (an deenen aneren Klassen an deenen ech sin) zesummegeschafft hu bis elo? An hun ech erwähnt, dass hatt en plus och guer net begeeschtert dovunner ass eventuell mussen ze wiesslen?

Dunn gouf et eigentlech ganz amüsant, um 14 Auer war ech mat e puer Kolleegen aus dem drëtten Joër eppes drénken an krut eng ganz Rei lëschteg Saachen iwwert Proffen verzielt. An ech hun alt erem eng sympathesch Persoun kennengeléiert.

Dunn koum 15 Auer. Topsyturvydom.

An d’Saach ass esou: ech haassen den DH Lawrence. Ech sin der Iwwerzeegung et ass mat enormen Ofstand deen allerschlechsten Auteur dee mer bis elo begéint ass (a vläit souguer dee schlechsten Auteur dee je publizéiert gouf). Emol ganz ofgesin dovunner, dass en Homophob war an d’Juden net grad positiv beschriwwen huet ass säi Stil onbeschreiwlech banal. Wéi all bescheuerten Auteur probéiert en dann och heiansdo eng Friemsprooch anzebauen: Däitsch a Franséisch. Dat klappt vläit bei den englesche Lieser déi kee Wuert däitsch oder franséisch kënnen, mee fir een dee versteet wat e schreiwt, ass et katastrofal. Beispill gefälleg? There you go, déi éischt Zeilen vun The Captain’s Doll:

“Hannele!”
“Ja…a.”
“Wo bist du?”
“Hier.”
“Wo dann?”
(…)
“Hannele?”
“Ja…a!”
“Are you here? Are you alone?” asked the voice in German.

Wéi ech déi Geschicht fir d’éischte Kéier gelies hun, hun ech d’Buch no deenen puer Zeilen op de Buedem geschmass an zwee Deeg net méi opgeraf. T’ass vläit erwähnenswert, dass en kuerz drop engem Charakter en franséischen Accent verpasst, an deen och sou schreiwt: aus “never” gett dann zum Beispill “nevair.”

Lo ass et awer nunmol esou, dass ech zwou Kuergeschichten à jeweils 80 Säiten hunn mussen liesen – wéi an “ech war forcéiert” -, well ech eben haut um 15 Auer en Test driwwer hat: ee Passage analyséiren. Kann sou schwéier jo net sin, ech maachen dat schon zanter iwwer 4 Joër. An d’Texter hat ech puer mol gelies ech hat mech méihsam puer mol duerch d’Texter gekämpft (baal 11 Stonnen fir 153 Säiten, well méi wéi zwou Säiten liest ee net um Stéck ouni duerchzedréien), also hun ech mer eigentlech keng Suergen gemaach. Ech hat genuch Noten iwwert d’Texter an ech hun mech firbereed gespuert.

15 Auer: Mir stin firum Sall, déi Klass firdrun ass nach net färdeg. Um 16 kennt déi nächst Klass, also verléiren mer wertvoll Minuten.
15.07 Endlech, mir gin eran.
15.08 D’Extraiten gin ausgedeelt. Juhu, do hun mer schon mol direkt een wou mer lauter Argumenter afaalen.
15.09 Den elektroneschen Schlessel geet duerch d’Reien, wou mer mussen eis ID agin dass mer am Cours sin.
15.10 Endlech kann een serieux mat der Analys ufänken. Allerdéngs: bis elo war ech gewinnt, dass ech minimum 90 Minuten hun fir sou eng Analys, an lo hat ech der just 50. Also keen Entworf, séier puer Noten geholl an direkt un d’Endversioun.
15.45 Dir hutt nach 10 (!) Minuten. Ok, shit, a wat ass tescht 15.55 an 16.00? Mir hun dach souwisou schon Zäit verluer. Verdammt. D’Schreft gett méi kroppleg.
15.50 Den elektroneschen Schlessel geet rem duerch d’Reien, well den Proff vergiess hat seng ID firdéischt anzegin an mer eis firdrun ganz emsoss agedroen hun.
15.53 Dir hutt nach 2 Minuten. Ok, all déi gudd Argumenter iwwer Bord geworf déi een sech, wéi een dat joërelaang agetriichtert krut, fir de Schluss opgehuewen hat an un d’Konklusioun gemaach.
15.55 Bic nidderleen, Zäit ass em. Verdammt, 45 Minuten – mat Ennerbriechung! – fir eppes wou een normalerweis déi duebel Zäit brauch!

Boah… Also ech sin zimlech zouversichtlech, dass dat, wat ech geschriwwen hun, korrekt a logesch ass, mee wann ech mer dann nach ukucken wat ech alles net geschriwwen hun aus purem Zäitmangel, ohjee. Ech hätt eigentlech nach fir minimum eng Stonn ze schreiwen gehaat. Ech hoffen den Proff ass sech därs bewosst. Mee wann ech mer dat Gekrotzels vu menger Nopesch sou ukucken, dat eigentlech säin Enwtorf ofgin huet well et guer net un d’Endversioun koum, stin ech vläit guer net sou schlecht do.

Gottseidank sin et just 5% vun der finaler Nummer…

5 thoughts on “Blöde Lawrence!”

  1. Daat as schon eng deck sauerei wann een esou weinesch zait gelooss kritt. Hun der awer um 4 d’Daume gedreckt (wéi wann daat eppes bruecht hätt) :D Duecht jo meng Chimie wier no hanne lass gaang an krut 39… Kann een awer och net sou vergläichen, mee bon… ;)

  2. Naja wee wees, vläit war dat de Grond, dass ech zumindest een Extrait krut wou ech eppes ze schreiwen wousst. :) Merci awer op alle Fall. An freet mech, dass deng Chimie awer nach gudd ausgaangen ass. Wanns de Chimie sou haas wéi ech de Lawrence kann een et vergläichen mengen ech. ;)

  3. chimie as sou schlemm dei kann een net mam lawrence vergleichen thierry :P (perseinlechen trauma)

    mee effektif deen auteur hat wuel puer schrauwe lass, dass der musst eng analyse an 45 min maan fannen ech en hohn, et misst een emmer zeit hun fier dat wat een mecht gutt ze maan an net forceiert gin ze schludderen, mir hun dat jo an der physik tp ech hassen daat onmosseg.
    p.s. muss trotzdem emmer rem lachen wann ech deen ausschnett do aus dem captains doll liesen :D

  4. Hehe, dat schlemmst ass, dass de Lawrence tatsächlech eng Zäit zu Metz gewunnt huet (wat zu senger Zäit Däitschland an spéider Frankräich war), also misst en d’Sprooch eigentlech e bessen besser beherrschen wéi sou trivial lächerlech Feeler ze maachen…

  5. Et bleift io awer nach emmer d’Hoffnung dass d’Daumendrécken eppes bruecht huet, Thierry ;) as och gär geschitt, soot jo dass ech et geing maachen :) Ech kann chimie genau sou vill leiden wei du de Lawrence! Wees also ongefeier weis de dech fills :D

    an ‘t ass och emmer gutt ze heiren wann een net den eenzegen mat engem Trauma as, waat chimie ugeht.. :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *