Eng kleng Ännerung

Firun e puer Wochen, ulässlech zum eejähregen Bestoen vun desem Blog, hun ech foljhendes geschriwwen gehat:

A leschter Zäit sin ech der ursprünglecher Idee leider e bessen ontrei gin, nämlech e bessen méi usprochsvoll Saachen ze publizéiren ewéi nemmen dee neisten YouTube Video oder soss eng Dommheet. Ech geloben Besserung (…)

Dat waren grouss Wieder, virun allem, well ech nach emmer manner intellektuel Saachen hei veröffentlecht hun, wéi notamment all déi Posts op italienesch an déi zwee des Woch iwwert “Deen éischte dee mech freet…”. Ech hun dann awer haut décidéiert, mech ab elo dorunner ze haalen, an et gett näischt Privates méi hei am Blog. Et war vun Ufank un net geduecht fir Privates hei opzeschreiwen, an heimatter gin ech dann elo ganz offiziell back to basics an veröffentlechen erem méi philosophesch ugehauchten Texter an kreativ Saachen. Doriwwer eraus hun esou privat Geschichten menger Meenung no och net vill op engem öffentleche Site verluer.

Ech soen iech Merci fir ärt Verständnis an hoffen, dat hällt iech net dovunner of, och weiderhin hei ze liesen an ze kommentéiren.

4 thoughts on “Eng kleng Ännerung”

  1. Et géif mech zwar brennend interesséiren, wéi déi neverending story mat däer Joffer, mat däers de na net schwätze konnts bis well, weider geet. Mee déng Entscheedung ass ze respektéiren.

  2. Jo. Däi Blog muss jo net onbedengt denger ursprenglecher Idee trei bleiwen. Alles evoluéiert. A fierwat kann Privates net och intellektuel sin (YouTube kann dat iwwregens och)? Mee wéi gesot, du entscheeds ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *