D’Parlament an de Big Ben gi grad gesprengt

Lo feelt just nach d’1812 Ouverture vum Tchaikovsky. Ukucken gin ech mer d’Fest awer net. Meng Aan hun sech knapps vun deem leschten Freedefeier erholl. Mee et ass iergendwéi cool, nodeems een de V for Vendetta gesin huet, d’Guy Fawkes Night (vu wäitem) mat z’erliewen. Zumols wou dat Land hei jo mat sengem massiven CCTV (Groussbritannien ass dat Land mat den meeschten Iwwerwaachungskameraen op der ganzer Welt!) schon an déi richteg Richtung ennerwee ass, fir een 1984 ähnleche Staat ze gin.

6 thoughts on “D’Parlament an de Big Ben gi grad gesprengt”

  1. “Big Brother is watching you”…
    As schon bessi onheemlech, daat mat deene villen Iwwerwachungskameraen :)

  2. Falen se dir dann eigentlech op? Ech fannen, dat ass nach dat schlëmmsten, du mierks net mol wierklech, dass de permanent iwwerwaacht gëss.

  3. Jo, si faalen mer op. Dat läit awer och vläit drun well all puer Meter ee Scheld hänkt wou riesegrouss CCTV dropsteet. Hei hänkt eng Kamera bei all (!!!) Fenster. Dofir hun ech och dee ganzen Dag d’Rideauen zou. Ech verschwenden zwar onnéideg Stroum well ech dann muss déi ganzen Zäit d’Luucht uloossen, mee ech loossen mech net filmen wann ech et ka verhenneren. :)

  4. si filmen seriö bis an d wunnungen ran ? … fier strosseniwerwachung sin ech jo eigentlech fier cctv, mais kann een alles iwerdreiwen

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *