Wien sech nach emmer net sécher ass

…wéi onheemlech bescheuert déi vu Secteur Rap eigentlech sin, dierf hei liesen.

Dräi Feststellungen:
1. Si drohen nach emmer domatter d’Kichelchersmonster ze schloen – wéi eidel kann ee (menschlesche?) Schiedel eigentlech sin?!
2. Nee, si kennen nach emmer kee korrekt Lëtzebuergesch. An et gesäit net dono aus wéi wann se déi néideg Intelligenz hätten d’Sprooch enges Dags ze léiren.
3. Si bleiwen weiderhin deen eenzeg valablen Grond fir Misanthropie. A leider ee wahnsinneg erschreckend gudden.

Ech hoffen falls se dat hei liesen, dass se alt all déi komplizéiert Wieder a korrekt Syntax verstin. Oder nee, eigentlech ass et mer sou egal wéi op se hier nächst Kläpperei op der Gare iwwerliewen. Wat reegen ech mech eigentlech sou iwwer déi ennescht Klass vun Déiren op?

(via)

7 thoughts on “Wien sech nach emmer net sécher ass”

  1. &Ech hun mir mol en puer vun deenen “Comments” duerchgelies, wann een dat iwwerhaapt liesen kann…

    Ass jo eng däreg Affair :-)

    Mä dier wärt esou Päifen jo wuel nët eescht huelen, oder? Dat sin armen Bouwen, déi an der Schoul bestëmmt domm wéi Brout sin, an wëssen, dass si null Perspektiv hun.

    Wann si nët esou aggressiv wieren, kéint een bal Matleed mat hinnen hun, awer nëmmen bal ;-)

  2. Dat Schlemmst ass mengen ech, dass déi do souguer net de Verstand opbréngen fir anzegesin, dass se stréidomm sin an et ni zu eppes bréngen werten ausserhalb vum Garer Quartier.

    Ech huelen se net u sech eescht, mee als een leidergottes net wierklech klengen Deel vun onser Gesellschaft… Soulaang mer esou “Menschen” ennert eis hun, kann et net vill gin mat eisem Fortschrett. Hach do ass en rem, mäin anarchistesche Wonsch vun Utopia… :)

  3. Dofir missten se firdéischt emol iwwert 800km zeréckleen. :) Dovun ofgesin haalen ech mech net an deenen hieren Ghettoen ob falls ech dann emol am Land sin. ;) Du wees jo wéivill flott Nierwestroossen et an onsem schéinen Duerf gin, also suguer wann se de Wee an dat Nascht sollte fannen wieren se nach verluer, ech wunnen jo net grad op der Haaptstrooss. :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *