53%

Naja… et ass genuch (et brauch ee minimum 40%), mee dass d’Argument fir sou wéineg Punkten war, dass ech hätt sollen méi ausféiren an ech nach lauter Argumenter hat déi ech just aus Zäitgrenn net konnt opschreiwen nervt schon. D’Moyenne war 47% an de Proff huet ons puer wéineg iwwer 50% geluewt. Trotzdeem schäiss.

Gott wat ech de Lawrence haassen.

4 thoughts on “53%”

  1. komm mir grennen en anti lawrence comite ?! :)
    maja gratz fier dei 53, as fleit op 100 weineg mee mengen muss een eischter moyenne kucken op der uni.. si gin net gär fill punkten :P

  2. Et ass jo net esou wéi wann e keng Punkten hätt wellen gin: et suckt mech dass säin Argument fir sou wéineg Punkten eng Conditioun ass déi ech hätt kennen erfellen wann en eis genuch Zäit gin hätt. Also hätt ech wuel nach kennen vläit wéinstens 20% rausschloen. Ech hun knapps zwou Säiten geschriwwen an ech hätt der locker kennen dräimol souvill voll schreiwen… ARGH

  3. Och wa “mir” all wëssen, dass du nach vill ze schreiwe gewosst häss, ass dat do – ënnert deene genannte Conditiounen – e super Resultat!
    Gratulatioune vun heiheem !!!

    Wann een d’Moyenne kuckt, an dat ass jo en allgemenge Richtwert, da muss muench een nach vill Effort’en bréngen, fir an d’Géigend vun den 50 ze kommen ;-)

    Wann d’Resultat fir DECH enttäuschend ass, kann ee verstoen, AWER, et léiert een ëmmer dobäi! Et get mat der Zäit och eng Gewunnecht fir an enger kuerzer Zäit (och während Oflenkungen) “dräimol souvill voll ‘ze’ schreiwen”.

  4. Ooh, Thierry, sou schlecht as daat dach guer net :) Du hues genuch, bass iwwert der Klassemoyenne an du häss et kéinten nach besser maan wanns de méi Zait gehaat häss. Außerdem gehéiers de jo zu deene wéinegen iwwer 50%. Daat fannen ech alles aanert ewéi ‘schäiss’ ;) Dann huet mein Daumendrécken jo vlait e gaaanz bësselchen eppes bruecht :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *