Hiroshima? Ass dat ee japanescht Iessen?

Ee Post deen ech schon wollt eng Zäitche laang schreiwen, mee aus Zäitgrenn leider net dozou koum.

Dass et em d’Allgemengwessen vun de briteschen Schüler Studenten Leit extreem schlecht steet, dorunner besteet bei mir keen Zweifel méi, zanter ech frun e puer Wochen am Seminar iwwert Politics, Propaganda and Discourse meng Noppesch gefrot hun, wéi et eigentlech mat der Politik firum Tony Blair ausgesin huet, an si mer dunn sot, si hätt keng Ahnung, mee et war wahrscheinlech schlemm. Wuel verstaanen, meng Noppesch war schon eng erwuessen Fra, déi ech em déi 40 géing schätzen! Nee, wielen goen ass net obligatoresch hei.

Fänken mer awer fir un: déi Woch Méindes hu mer am Cours Starting to Write ee Gedicht duerchgeholl, wou an enger Zeil vun engem franséischen Auteur riets geet, deen duerch den Doft vun engem Kichelchen deen en an säin Téi faalen léisst un eppes erennert gett. Déi Persoun nierwt mer huet doropshin d’Proff gefrot, op wien sech déi Zeil bezidd. An wéi eng Enwert koum? “Ech wees et net”! Dunn hun ech mech alt emol erbarmt, an di Ignoranten iwwert de Proust opgeklärt. Ironescherweis war meng Noppesch an deem Cours eng Algerierin also hat ech tatkräfteg Ennerstetzung. Dat war och net extrem begeeschtert, dass se hei op der Insel mol net de Marcel Proust kennen.

Dass d’Allgemengwessen awer een absoluten, totalen, irreversiblen Desaster ass, dat gouf mer eréischt Mettwochs mettes bewisen: de Proff huet ugefaangen vun der Post-Hiroshima Kultur ze schwätzen. Dunn freet en, op mer all wéissten, wat et mat Hiroshima op sech huet. Firdéischt sin ech dovunner ausgaangen, dat wier eng rhetoresch Fro, well et mir absolut absurd firkoum, dass iergendeen net kéinnt wessen wat dat ass. Tjo, do hat ech wuel ee kuerzen Moment verdrängt, dass ech a Groussbritannien wier. Well d’Fragezeichen an de Gesichter vun den Leit ronderem waren… naja, wahrscheinlech waren d’Leit am Mettelalter genausou ratlos vis-à-vis firun enger Sonnenfinsternis wéi déi ronn 80 Leit am Auditoire vis-à-vis vum Wuert Hiroshima. Erstaunlecherweis, huet sech dunn een fir an der éischter Rei fonnt, deen dem Proff konnt d’Enwert gin. Mir stoung de Mond nach ze wäit op fir ze reagéiren. Dat war awer emol nach net dat Schlemt: kuerz drop huet de Proff nämlech vun deem Bild ze schwätzen, an deem een ee Meedchen gesäit vun der Napalm Attack fortlaafen, an tatsächlech behaapt, dat wier vun deem Ugreff op Hiroshima. No comment.

Donneschdes dann, Cours bei deem coolsten Proff deen ech hun an ee vun den genialsten déi ech bis elo jemols hat. Fir déi Kéier hate mer eng Kuerzgeschicht iwwert ee Stuerm a Louisiana ze liesen. Kléngt net dermoossen interessant, mee obwuel d’Geschicht am 19. Joërhonnert spillt, huet en ugefaangen d’Geschicht z’analyséiren andeems en d’Wahlen an Amerika ausereneengeholl huet. Well soen, en huet Parallelen zum Hurricane Kathrina opgewisen, an Indizien ugesammelt, dass dat een aneren Haapgrond – nierwt dem Irak – war, fir dem Bush seng Nidderlaach: d’Regierung hat sech emmerhin net wierklech em New Orleans gekemmert, weder firdrunner, nach dono. Jiddefalls net sou vill, wéi wann do lauter Wäisser gewunnt hätten. Wou feelt do d’Allgemengwessen frot der? Wann der d’Gesichter vun den Studenten am Sall gesin hätt, géing der net froen. Wahrscheinlech woussten déi mannst, dass et iwwerhaapt Wahlen an Amerika goufen. An eng ganz Rei haten souguer Probleemer, “hurricane” richteg ze schreiwen. Déi perfekste Variant war “hurricain”. Mee dat Wuert huet ee jo firdrunner och nach ni héiren oder gelies gehat. Dozou muss ee soen, dass et hei a Groussbritannien keng Grammairecoursen gin am Engleschen. Fro kee Brit wat een Modalverb oder een direkt Objekt ass, t’kennt héchstwahrscheinlech keng (richteg) Enwert (och wann ech natirlech muss soen, dass et och hei Leit gin, déi en enormt Wessen opweises hun, allerdengs well se sech dat alles selwer ugelies hun).

Dee nächsten deen sech opreegt, d’lëtzebuerger Schüler wieren domm, gewennt en Trip an en briteschen Lycée. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *