Stanzeleit!

Nondikass mengs de do wier ech dropkomm?! Souvill Philosproffen gin et jo eigentlech net…

Ech wees et bloggen ass eng louche Idee, mee um Enn hun ech et soss awer erem vergiess. :D

(Nee, ausser dem Leti brauch dat keen ze verstoen).

17 thoughts on “Stanzeleit!”

  1. NEE gell?!? Ech wollt daat geschter nach soen! Ech wollt “Stanzeleit” schreiwen, mee hun et dun trotzdem net gema, lol. Argh… Nächst kéier schreiwen ech et direkt. Hoffen du hues der lo de Kapp net dorun zerbrach…?! :D Wann jo, dann dierfs de mech eng kéier schloen ;D

  2. Dach. :) Ech mengen et war einfach ze spéit… ze fréi… naja wéi een et hellt. :) Nee ech hu mer net de Kapp drun zerbrach, just puer Hoër ausgerappt, du kenns also nach eng Kéier sou just dolaanscht. :) (Dat kléngt wéi wann ech dech emmer géing schwéier messhandlen, dierf ech dat iwwerhaapt öffentlech posten oder gin ech dann direkt vun iergendengem Affekot deen nemmen Suen well verklot? :D)

  3. :D mech mësshandlen?! Daat géings de dach niiie maan…..oder? :P
    außerdem géing daat schlecht goen, bei där Distanz hehe ;)

  4. Ah jo :P mee dain gudden Afloss mécht mech sécher nees zu engem feine Meedchen, sou à la “girl next door” ;D

  5. tzzzzzz also ech froe mech wei den thierry kann en gudden afloss op dech hun wann en direkt physesch drohungen fun sech gett wann een well fier gerechtegkeet antrieden ;)

    @thierry froe mech op ech eng kappnoss net verkraften giff :P

  6. Kann awer och sin, dass en ze vill vu mengem ‘Bad Girl’-Image ofkritt huet (waat ech awer bezweiflen, well ech kenger Méck eppes zu Leed kéint doen) ;D
    An du provozéiers en dach nemmen hei hehe :P

  7. majo den thierry muss heiansdo provozeiert gin :D
    an en plus : it’s perfectly safe since he’s 800 km away :P dat as dat scheinst.
    so du mechs mer angscht ? den thierry keint wierklech enger meck eppes zu leed doen ? hat dat bislo fier en gerücht gehaal…
    muss ech wuel en puer gäng zreckschalten, wei deerf ech monseigneur heles unrieden ?

  8. Wahnsinn do schreiwt ee just kuerz seng Filmkritik färdeg an checkt net déi ganzen Zäit hei a schon steet hei ee Roman. :)

    Ech loossen mech net provozéiren, ech sin dee feinen Kärel hei. :D

  9. also eppes muss een em lossen en spillt iwerzeegend theater :D
    mee dat kennt dofun du bass net online dann muss een unzwousch anescht schreiwen an dein blog présenteiert sech do ….

  10. Ech muss nach eng 1200 Wierder laang Filmkritik fir muer färdeg kréien, do ass net vill mat chatten… :/

  11. Mee wéinstens gëss de jo vermësst an hues herno eppes ze liesen ;D
    Mee 1200 wierder… hui! Ma da neischt draus ech muss nach en englescht Buch vun 168 Seiten fier muer färdeg liesen. Fänke mol léiwer un ;)

  12. :D hm ma da gin ech mol schlofen schafft nach gutt allen zwee, melle mech muer fu breissel zreck :)
    (wei een film muss de kritisieren ?)

  13. Leti du bass net serieux. :P Ech sin wéinstens schon zwou Wochen mat der Kritik amgaangen. :)

    Ech froen mech wéis de dat iwwerliews Méindes moies sou fréi opzestoen. Ech kann muer bis 13 Auer pennen. :D Mir konnten fräi wielen, ech hun “Lilja 4-ever” geholl, well mer do am meeschten agefall ass. :)

  14. ma ech kann der nach eppes soen wa gescht(fier all dei leit dei eng komesch notioun fun haut a gescht hun gescht drei auer as sonndes moies) reischt um 3 am bett an hun den ganzen owend domat verbruecht rondrem ze stoen gedrenks ze schleefen an taxi ze spillen an fotoen ze huelen an conversatioun ze maan … iergendwei iwerlieft een alles :)

    an den moien sin ech frum wecker erwescht :(, kann also leider net sou schlemm sin dass ech mech deerf bedauere lossen :P

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *