De Popstars Betrug

Dass dat net alles ganz korrekt ofleeft, wousst ee jo schon laang. Wat bis elo awer nemmen eng staark Ahnung war, gouf duerch Amazon elo ongewollt bestätegt: déi nei Popstars Band, déi eréischt d’nächst Woch soll bekannt gin (woubäi wuelverstaanen d’Zuschauer eng deier Nummer mussen uruffen fir ofzestemmen!) steet schon laang fest. Bei Amazon konnt een souguer schon d’Single “Shame” bestellen. De Numm vun der neier Band, deen och eréischt en Donneschdeg soll décidéiert gin, ass iwwregens “Monrose”.

Majo dann.

5 thoughts on “De Popstars Betrug”

  1. Net erstaunlech mee awer krass.

    Zumools dass se sou domm woeren sech dobäi erweschen ze loossen. Sin gespaant op et lo wirklech die do gin. Sougesinn kann daat Ganzt natiirlech och rem e Marketing-Trick sin fir d’Leit ze reizen ……… ;)

  2. Oh freck, dat do ass wierklech selten dämlech. Ech hale sou schon net vill vu Pro7 (och wa se puer relativ gutt Sendungen am Programm hunn “Simpsons”, “Scrubs” etc.), mee dat do get dem ganzen jo e ganz neie Reiz fir de Sender null ze fannen.

  3. Juhuu. Dat do bestätegt mech just an menger Oofneigung géint deen ganzen Pop(p)stars-Kacka!

    Mä: bei der nächster Staffel (an déi kennt bestemmt, leider) sin d’Teenien rem genausou begeeschtert.

    Wat hun ech eng Flemm… :-)

    *kappresel*

  4. Ech sin sou onheemlech frou, dass ech dee ganze Misère hei op der Insel guer net matkréien. Bis op sou Artiklen eben, mee den Armut selwer bleiwt mer gottseidank erspuert… Den Soost haassen ech awer trotzdeem. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *