Insomnia

Firwat ass een, soubaal een am Bett läit, erem fit genuch fir ronderem de Campus ze laafen a knapps steet een op fir dann alt e bessen ze liesen packt ee sech net méi vu Middegkeet? Do gesin ech grad, ech hun am Waterstone’s £2 méi fir dat Buch bezuelt. Nondikass. Ech hoffen, et geet sou gudd weider wéi et ugefaangen huet an et ass déi Suen wert. Naja, et krut lescht Joër de Booker Präiss. Chancen stin also wuel net allze schlecht. Trotzdeem.

Ech mengen d’Insomnia geet am Moment hei em. Lescht Nuecht war d’selwecht. An do houngen nawell tonnen Leit online. Souguer eng Proff sot de Metteg si hätt net kennen schlofen. Ech schéngen wuel deen eenzegen ze sin deen et nach net iwwerstaanen huet, des Nuecht ass keen online.

Spreng mech.

6 thoughts on “Insomnia”

  1. Hunn dee selwechten Problem desläscht :/

    Sin doudmidd, gin an d’Bett. An kann dann net aschloofen!? Oder gin moies schon eng Stonn ze fréi waakreg. WTF?

  2. Daat kennen ech dach vun iergendswousch hier… A leschter Zait kréien ech och net extrem vill Schlof an sou lues mécht sech mei Kapp mat enger Migraine bemierkbar, waat net grad esou evident as. Hu mech scho gefrot ob et net vlait um Wieder leit: 28. November + 17°?! Wees zwar lo net wei d’Wieder zu Wales as… Op alle Fall verdréit mein Kierper daat net. (D’Éliane soot haut och schon: “C’est beau le printemps, n’est-ce pas?” :P )

    An… Nee! Ech sprengen dech mol sécher net (egal wéi wahnsinneg dass de mech mëss) ;)

  3. Ech hu net de Probleem dass ech net midd wier, ech hun de Probleem dass ech midd sin a net kann aschlofen… :/ Ech wier nawell léiwer midd a kéinnt zumindest schlofen, och wann et dann eben e besse méi Schlof wier…

  4. @ Leti
    Ech well jo nemmen dass de deng Natur akzeptéiers. :P
    D’Éliane ass emmer rem cool mat senge Sprëch. :)

    @ Serge
    T’ass awer fein dass mam sprengen wells hellefen Serge… :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *