Esou megagudd drop!

Ech wees ech kommen an de leschten Deeg net vill zum Bloggen. Mee dat heiten ass wahrscheinlech déi gäilste Vakanz déi ech je erliewt hun. Net nemmen feieren ech méi wéi normalerweis an ech léiren verdammt cool nei Leit kennen, mee ech gesin en plus permanent Leit erem, déi ech schon éiweg net méi gesin hun – deelweis esouguer sou laang, dass ech eng Sekonn muss iwwerleen, wouhier ech si iwwerhaapt kennen. An ouni iergendee wenn und aber geet et erem do weider, wou et opgehaalen huet, ewéi wann et déi Joëren doteschent ni gin hätt. Ee joërelaang net méi gesin, an direkt zesummen prosten an sech ennerhaalen wéi wann een sech emmer all Dag gesin hätt – dat ass esou een herrlecht Gefill, dat kann een sech guer net firstellen wann een et net selwer erliewt huet.

Doriwwer eraus hun ech Leit déi ech schon e bessen méi laang kennen an deene leschten zwou Wochen eréischt richteg schätze geléiert, an se si mer onheemlech un d’Härz gewuess; ech wéillt se net méi mëssen.
Natirlech gesin ech awer och lauter Leit, déi ech méi oft gesin, an dat ass net manner schéin. Doheem war emmer een zimlech abstrakte Begreff; et stemmt, et wees een eréischt wat een huet, wann et net méi do ass. Ech hätt ni geduecht, dass et sou genial ka sin, erem zu Lëtzebuerg ze sin.
T’gett erstaunlecherweis eng Persoun déi ech vermessen, vun där ech et net onbedéngt geduecht hätt. Komescherweis zidd mech dat awer net erof, dass ech se net gesin, ech freen mech einfach, dass ech ganz bewosst mierken, wéi eng weider Persoun eng wichteg Plaz a mengem Liewen anhällt. D’Liewen ass einfach schéin, esou wahnsinneg schéin!

Dass verschidde Leit mech deser Deeg fir domm verkaafen hätt mech firun e puer Joër wahrscheinlech nach onheemlech opgereegt, mee haut soen ech: wien mech net brauch, brauch ech och net. Ech erliewen zanter zwou Wochen all eenzelnen Dag wéivill aussergewéinlech a fantastesch Mënschen ech kennen – 2 Primärschoulen, 3 Lycéen a 2 Unien rentéiren sech :) -, déi fréier oder spéider emmer erem mäi Wee kräizen, do kennen mer déi aner gestuele bleiwen. Wann se mech froen fir eppes drénken ze goen sin ech dobäi wann ech grad keng besser ze din hun, mee ech si net méi do wann se mech a schlechten Zäiten brauchen. Dat kléngt schiel, mee wee mech lénks leien léisst, dee loossen ech och um Buedem leien wann e fällt.

Genuch Negatives. De Spaass geet emmerhin direkt weider. Haut de Metteg mam Frickiman an Lil’T Bowling spille goen an den Owend Iessen a Kinomarathon. Muer selbstverständlech Silvester – hëpp, jiddfereen an de Gronn an um 1 an d’Aula! – a definitiv “nach ee Leschten” fir 2006. MIR SI PARTY!

Currently playing: Once in every lifetime vum Jem. Fantastesch Sängerin an aussergewéinlecht Lidd.

Hei dann nach e puer Impressiounen vun den leschten Deeg:






E Réckbléck

D’Enn vum Joër ass traditionell déi Zäit vum Joër wou een iwwert déi vergaangen zwiellef Méint nodenkt, déi schéinsten an eventuell déi manner schéin Saachen nach eng Kéier Revue passéiren léisst, ier een sech voller Hoffnung op ee grad sou gudd, oder bessert, Joër freet. Dat well ech dann op deser Plaz och maachen.

Fänken mer mat Sylvester, respektiv Neijoërsdag, un. Dee war, ewéi schon déi Joëren firdrunner, ganz flott – eng Privatparty am klenge Krees bei engem Kolleeg, mat Leit mat deenen ee sou een Dag well feiren an déi ech deelweis schon e puer Méint net méi gesin hat. De Januar war geprägt vun Examen schreiwen op der Uni Lëtzebuerg, wou ech ugefaangen hun d’Deeg ze zielen bis ech do fort wier – emmerhin hat ech nemmen e puer Wochen éischter endlech de faméise personal statement färdeg an meng Umeldung u mäi Proff geschéckt, deen dat Ganzt u UCAS weidergeleet huet. Eng speziell Uni wou ech onbedengt wollt hin hat ech eigentlech net, och wann meng Präferenzen ufanks bei Stirling an Glasgow louchen – wat awer relativ séier changéiert huet. Während de Méint Februar, März an Abrëll huet et dunn geheescht op déi eenzel Enwerten vun den Unien waarden – ugeholl gouf ech iwwerall, awer lues a lues huet sech eng Präferenz fir Südwales ofgezeechent.

Mett März verléiert e weidere Kolleeg vu mer ee vu sengen Elteren, säi Papp, an d’Begriefnis vum Carlo Hommel gett eng vun de frappantesten Erfahrungen déi ech je gemaach hun.

Enn März koum mäi Gebuertsdag a goung erem, ouni grouss ze feiren goung et just an e Café. Eng Mohebo gouf et dest Joër leider net, nodeems et opeemol esouvill organisatoresch Probleemer goufen – Plaz, Datum, Käschten – dass mer décidéiert hun et sin ze loossen. Obwuel ech dat extrem schued fonnt hun, war ech och iergendwéi gerett, well bei nemmen 30 Gäscht pro Persoun war ech zimlech an d’Huddle komm.

Enn Abrëll sin ech dann zesummen mat menger Mamm mer d’University of Glamorgan ukucken gaangen a war begeeschtert. Nemmen e puer Deeg nodeems ech erem war hun ech dunn och meng Bestätegung ageschéckt, dass ech dohinner well.

Am Mee gin ech dee genialste Concert kucken deen ech je erliewt hun: de Michael Bublé suergt fir Bommestemmung an de Rockhal a spréngt esouguer vun der Bühn erof nodeems en ee Scheld gesäit nierwt der Bühn “No stage diving”.

Op der Uni Lëtzebuerg brëcht ufanks Juni nach eemol anstänneg Chaos aus, well d’Lëscht vun de Schüler gefälscht gi war, an op eemol méi Leit am Seminar waren, wéi der tatsächlech do souzen. Ech gin zou, ech hun dee Moment gekacht vu Roserei op déi zwee Schëlleg, emmerhin war dat mäi léiwste Cours an dass zwee Matstudenten d’Atmosphär an där Klass versauen huet mech zur Wäissglut gedriwwen. Op déi eng Persoun huet sech meng Roserei mettlerweil erem geluecht, déi aner kann ech nach emmer net gesin – läit gréisstendeels um allgemengen Behuelen vun där Persoun. Soit, ech hu souwisou näischt méi mat där ze din. Dunn huet et erem geheescht Examen schreiwen. D’Loscht op Uni.lu hat ech komplett verluer, mee fir dass dat Joër net fir d’Kaatz war hun ech mech trotzdeem nach iergendwéi zesummengerappt an geléiert. Steng huet d’Uni.lu engem Kolleeg a mir do och erem an de Wee geluecht, well d’Examenszäit sollt Enn Juni eriwwer sin, an op eemol hate mir nach een Examen no der Examenszäit – wou mer allenzwee schon ugemellt ware fir schaffen ze goen. D’Proff war gottseidank extreem frendlech an huet eis erlaabt, den Oral schon e puer Deeg éischter ze maachen. Eng Sauerei hun ech et do fonnt, dass mir, wéi mer mat der Proff (!) bei d’Sekretärin waren fir dee Changement ze mellen, vun der Sekretärin ugegranzt gi sin firwat mir elo een aneren Datum wellen – emmerhin hate mer d’Proff scho längst gefrot an si war averstaanen!

Grouss organisatoresch Probleemer gouf et dee Mount awer och nach eng Kéier: et huet geheescht dee leschte Pubquiz z’organiséiren ier mer eis alleguerten an d’Ausland maachen. Den Engleschforum vun der Uni.lu gouf du kuerzerhand mat Diskussiounen zougespamt, bis schlussendlech een décidéiert huet déi Saach eleng an d’Hand ze huelen an et organiséiert huet.

Nationalfeierdag dann krut ech beim Freedefeier prompt Knascht an d’Aan an sin duerch d’Staat geirrt fir d’Pompjeen ze fannen fir mäin Aan auszespullen. Dass ech ab deem Dag x-mol an d’Urgence war dierft deene meeschte vun iech bekannt sin.

De Juni war awer virun allem dee Mount wou ech gewuer gi sin, dass mäi Bop schwéier krank wier. Den Dag vu mengem leschten Examen krut ech gesot, dass mäi Bop an d’Klinik ageliwwert gin ass mat Longenkriibs. Meng éischt Reaktioun war aus där Situatioun ze flüchten, an ech sin nach dee selwechten Owend mam Cyrille an dem Athena op eng Filmpremiär vum KML gaangen. Deen Owend krut ech dat dunn och nach iergendwéi verdrängt, wann och net gudd.

Am Juli dunn hun ech erem beim RCM geschafft. Och do gouf et eng Ännerung; de Sysadmin hat sech an der Zweschenzäit selbststänneg gemaach an ech souz elo beim Media-Op am Büro. Ee wierklech feine Kärel mat deem ech mech op Anhieb gudd verstaanen hun, mee trotzdeem hun ech de Sysadmin natirlech vermesst. Dass mäi Bop um Stierwe louch huet dunn awer lues a lues ugefaangen mech och kierperlech krank ze maachen, an ech war emmer erem krankgeschriwwen. Vun nach enger Entzündung am Aan bis hin zu engem Hörsturz op deene zwee Ouren war alles dobäi. Eng Halskraus hat ech souguer och e puer Deeg un well ech eng Entzündung am Genéck hat. De Sysadmin ass e puer mol laanscht komm beim RCM fir hiere Server anzeriichten an et goufen eng ganz Rei lëschteg Momenter. En plus vun deenen déi et souwisou scho goufen, déi ganz Équip ass einfach fantastesch.

Am Juli koum dann och nach eng Frendin zeréck op Lëtzebuerg, dat ech schon zanter Februar net méi gesin hat, an mir hun eng ganz Rëtsch Saachen zesummen ennerholl – sou konnt ech dunn alt och e bessen Energie sammlen fir dee ganze Misère dee mech nach erwaard huet. Och am Juli sin ech mat mengem Brudder op Paräis gefuer, wouropper mer eis schon laang gefreet haten, an wou mer dunn profitéiert hun stonnelaang um Champ de Mars ze leien an ofzeschalten. An der Zweschenzäit huet sech mengem Bop säin Zoustand zousehends verschlechtert. Enn Juli dunn war de Pubquiz vun den englesche Studenten an mäi Bop sot mer dee Saatz deen mer nach haut emmer erem duerch de Kapp leeft wéi ech em erzielt hun ech géing nach eng leschte Kéier mat de Proffen a Matstudenten feiren goen: “Ajo sécher mäi Jong, huel alles mat wat’s de kriss”. Wann ech drun denken, dass mengem Bop säi leschte Wonsch – nach eemol a sengem Liewen op Wien ze goen – net méi an Erfellung goung, well en an der Klinik louch wéi en sollt dohinner goen, komme mer nach haut Tréinen. Den 1. August dunn goufe mer fir d’éischte Kéier an d’Klinik geruff well d’Dokteren gemengt hun et wier net méi fir laang. Deen Dag huet en iwwerliewt, mee säin Zoustand ass rasant biergof gaangen an no weideren dräi qualvolle Wochen ass en dunn schlußendlech den 20. August verstuerwen.
Et ass net méi vill gelaaf dunn a mengem Liewen bis kuerz ier ech a Wales gaangen sin, wou ech nach eng Kéier mat e puer Kolleegen eppes drénke war.

Enn September dunn huet et geheescht 800km wäit ewech plënneren – dee Moment op deen ech esou laang gewaard hat. D’Aliewen op der Uni ass relativ séier gaangen, mettlerweil sin ech esou Saachen gewinnt mat all deene Primärschoulen a Lycéen wou ech war a souwisou sicht all Mensch Kolleegen wann en op d’Uni kennt, wat d’Saach och einfach gemaach huet. Haaptsächlech hun ech mech déi éischt Wochen mat menge Matbewunner opgehaalen, wat ech mettlerweil opgin hun, well de Spaass sech bei deenen op sennlost Besaufe begrenzt. Owes erausgoen gouf manner – wat vläit langweileg ass, mee wann déi Leit mat deenen een sech am beschten versteet net um Campus wunnen mecht dat d’Erausgoen owes em eeneges méi schwéier. Dat ass mer awer eigentlech relativ egal, de Béier schmaacht net, Vodka ass méi Waasser ewéi soss eppes an just moies a mettes eppes drénken ze goen an dofir owes gemütlech a mengem Zemmer setzen an am MSN hänken fir gewuer ze gin wat et bei de Kolleegen neies gett ass och flott. Natirlech geet et awer heiansdo och nach owes eraus, emmer owes doheem sin bréngt et jo och net – Ofwiesslung brauch de Mensch.
Am Dezember gouf et souwisou net vill Liewen ausserhalb vun der Bibliothéik, well et geheescht huet eng Tonn Essayen etc. ze schreiwen.

D’Liewen op der Uni huet awer ugefaangen sech lues a lues gudd unzefillen – iwwer de Campus treppelen an iwwerall Leit ze begéinen déi ee kennt, sou soll et sin. Sech direkt mat Leit aus dem zweeten an dretten Joër ufrenden fir ze wessen wéi eng Coursen z’évitéiren sin a wéi eng Proffen ee besser net erwécht. Studentespriecher gi, fir an de Versammlungen vun der Fakultéit kennen deelzehuelen an een détailléierte Bléck hannert d’Kulissen ze kréien.

De 16. Dezember dunn goung et erem heem op Lëtzebuerg, wou et dunn firdéischt eemol geheescht huet Theater prouwen, well ech fir ee Proff agesprongen war, deen an der Klinik louch an deem seng Roll am Merchant of Venice iwwerholl hun. Et waren däi Deeg Stress, mee et war verdammt cool. Mir kruten zwar all eenzelne Steen vum TNL an de Wee geluecht déi se och nemmen iergendwou fannen konnten an si hun souguer Ticketen verklappt fir eng Virstellung Dennschdes déi guer net war, mee um Enn sin ech onheemlech frou, dass ech dobäi war. Wee vun iech schon eng Kéier Theater gespillt huet, kennt garantéiert dat Gefill wann een op der Bühn steet an et gett keen Zeréck méi – ech wees net wéi ech et soll beschreiwen, mee et ass ee fantastescht Gefill. Dovunner eemol ofgesin war et wahnsinneg schéin all déi Frenn vun der Uni.lu eremzegesin an e bessen mat sengen fréiere Proffen ze schwätzen – allen virun den Prof. Weber, deem seng Coursen als eenzeg emmer all iwwergelaaf si vu Leit an déi ech wierklech vermessen. Wéi dacks hu do misste Leit ee Stull an de Sall niewendru klaue goen well keng Sëtzplaz méi fräi war…

Nodeems ech Dennschdes schon e bessen mäi Retour mam Gilles an dem Grinch gefeiert hat, koum dunn Freides drop nach eemol sou ee richteg flotten Dag: am Scott’s war deen Owend wierklech (baal) all Mensch – eng rieseg Konveniat vun den Ofschlossklassen 2005 – vu Schuman iwwer LGL bis hin zu Arts & Métiers war alles vertrueden. Et war megagenial all déi Leit eremzegesin – an (hallef) nei Leit kennenzeléiren.

Samsdes dunn war déi grouss Chrëschtfeier vum RCM, déi Firma eben wou ech zanter 4 Joër all grouss Vakanz schaffen. Ouni och nemmen e bessen z’iwwerdreiwen hun ech do dee mat onheemlechen Ofstand beschte Menü an de leschte Méint giess, ech géing souguer soen dee beschten dest Joër an ee vun de beschten iwwerhaapt. Ech si kee Frend vu Fleesch, mee hei hätt ech ee Kilo giess wann nach Plaz a mengem Bauch gewiecht wier. Dobäi natirlech eng Fläsch herrlechst gudde Wäin. Ganz vum Iessen ofgesin war et natirlech och Wahnsinn all déi Leit eremzegesin an esou eng Bommestemmung z’erliewen. Des lescht Woch war ouni Zweifel den Héichpunkt vun desem Joër.

Wann ech zeréckblécken, war dest Joër keent dat ech hätt wellen erliewen. Jo, ech hun intressant nei Leit kennengeléiert (wann verschiddener och ennert trauregen Emstänn mee trotzdeem sin ech frou, dass déi Leit elo a mengem Liewen sin) an ech konnt endlech an d’Ausland op d’Uni; reng quantitativ betruecht goufen et méi Héichpunkter ewéi Déiften. Allerdengs waren déi Héichpunkter oft nemmen relativ zu den Déiften an och nach sou ee groussen Héichpunkt gläicht d’Woo net aus – dofir weit mengem Bop säin Doud vill ze schwéier. Ech sin awer net traureg; ech sin dankbar, esou ee Mensch dierfte kannt ze hun a souguer mäi Bop hun dierfte nennen; ech wert hien mäi Liewen laang als härzensgudde Mann an Erennerung behaalen an mech un dat haalen, wat en mer deemols am Juli sot: ech huelen alles mat wat ech kréien kann.

Als Firsatz fir d’nächst Joër hun ech nemmen all Moment ze genéissen. Ech wees net wat d’nächst Joër brénge wert – ech wees emol net wat muer brénge wert – mee ech wees, dass ech fir all eenzel Minutt dankbar sin, wou ech meng Frenn a Famill ronderem mech hun an et jiddferengem gudd geet. Dofir well ech op deser Plaz och eemol all Mensch merci soen, deen a mengem Liewen ass – och wann der nemmen mäi Blog liest a mer eis net am RL kennen. Ech well deene Leit merci soen, déi nogelauschtert hun, wann ech vu mengen Suergen erzielt hun, an deene Leit déi an deene méi flotte Momenter mat dobäi waren. Ech soen deene Leit merci, déi ouni Froen ze stellen akzeptéiert hun, dass ech mech am Summer wochelaang guer net gemellt hun an mech dono erem mat an hiert Liewen erageholl hun ewéi wann ech ni fortgewiecht wier. Ech soen deene Leit merci, déi mer hier Frendschaft an hiert Vertraue geschenkt hun, eppes méi Wertvolles kann ee Mensch wuel net kréien. Ech soen jiddferengem merci, deen ech kennen – ouni iech alleguerten wier ech net de Mensch deen ech sin an ech sin frou déi Persoun ze sin.

Ech wenschen iech alleguerten schéi Feierdeeg an alt schon emol all dat Beschten fir dat nächst Joër – egal wien der sidd, wou der sidd, är Wensch sollen an Erfellung goen. Eng gudd Gesondheet an alles Guddes fir 2007!

It’s a small, small world

There’s nothing like a coincidence that makes you doubt it is in fact one. It just can’t be that I met the girl with the pink hair slide, got to know her and spent the rest of the evening with her. Without ever realising who she was. There definitely was something uncanny about her, but I just couldn’t figure it out. Yes, she was exactly the kind of girl I’d fall for without even taking a second look. And strangely, luckily, surprisingly, she really liked me. And then, the very moment she turned around the last time and wove goodbye, it hit me. Almost physically. I could feel the brick smashing my face. Why was my memory completely wiped out? Usually there’s a reason for pushing people into the subconscious, but what’s it this time?!

No, I won’t see her again. Which is not even my fault, but several circumstances that neither of us could change. I’m not even sure I’d want to. Yes, she’s really nice and insanely cute and God knows I thought about meeting her for a long time. But somehow there’s an indescribable feeling that tells me ‘that’s enough’. I’m not sure I want to listen to it, but I better have to, as there’s no chance that we gonna end up together. And no possibility of seeing her in the next four months. Move on says the reason; don’t forget about me says the memory; remain here says the heart. I’ve listened to my heart far too often.