Shakespeare

Den 20. Dezember steet deen hei elo an deser Opféirung während dem Ausschnett vu “The merchant of Venice” als Duke op der Bühn.

Ech wollt deen Owend souwisou an den Theater. Dann stin ech elo alt op der Bühn amplaz am Publikum ze setzen. Et gett vläit souguer nach méi flott. An d’Suen fir den Ticket spueren ech och. :)

12 thoughts on “Shakespeare”

  1. Ech war am Oktober Macbeth an den TNL kucken, dir kënnt et eigentlech just besser maachen, wéi dee Grupp. Wann een d’Stéck em em puer vun de wichtegsten Aspekter kiirzt, an eng absolut sënnfräi Interpretatioun vun dem ganzen ofliwwert, kann een dat ganzt verschäissen.

  2. Hei ass et emgedréit: mir loossen net déi wichtegsten Szenen ewech, et gin just d’Schlesselszenen gespillt. Op dat lo gudd ass oder net wees ech net, ech si grad réischt u Bord geholl gin a liesen den Text grad mol firdéischt. :)

    Wéi der Däiwel kann ee beim Macbeth iwwerhaapt eng Szen ewech loossen? Bis op sou Saachen wéi de kuerzen Soliloquy vum Wierchter ass dach alles essentiell ?!

  3. Korrektur: Vu “Merchant of Venice” gi just Schlesselszenen gespillt, “Much Ado About Nothing” gett komplett opgefouert.

  4. jojo, den thierry po der buehn :-D an dat o na zu letz… Dat wier eigentlech derwert kucken ze goen… schued dass ech den 20. leider schon eppes virhun… loss een et filmen a post et dono ;-)

  5. De Soliloquy vum Porter ass nawell o net sou onwichteg. Mee wann s de de Fleance carrément wegléiss, ass o net sou evident.

  6. @ moere
    Ech heieren mäi Brudder un, deen dierf filmen. :)

    @ Chris
    Jo, ech wollt och eigentlech soen, wann ee schon eppes muss erausschneiden, dann héchstens sou Szenen. Ee Charakter carrément rauszeschneiden ass zwar schon haard, och wann et nemmen ee Nierwepersonnage ass.

  7. De Fleance ass zwar nëmmen en Niewepersonnage, mee e symboliséiert dach, dass dem Banquo séng Prophezeihung wouer get, doduercher, dass heen d’Schicksal net an d’Hand hällt. Line of 8 kings mam Banquo am Spijhel etc. Bei mir ass de Stoff wuel nach méi frësch. ;)

  8. wow, dann wees ech daat mol :P wier zwar eng “nice surprise” gewiecht wann ech dech do onbewosst on stage gesin hätt :D

  9. @ Chris
    Ach herrje… Anerhallewt Joër nom Examen an de Macbeth ass scho rem baal ganz duerch d’Päif. Ech mengen de Faust souz souwisou vun Ufank un besser. :)

    @Leti
    Kenns de kucken? Aaaaah… Lauter Leit déi ech kennen am Publikum :S :D

  10. mir kommen zu fill an mir kommen mat faulen tomaten :P also mach dass et eppes ass…
    mol seriö hoffen ech sin den 20ten do … leider geseit et momentan aus wei wann ech bis den 22ten schoul hett…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *