Dréck mech!

E jonke Mann kennt zu Sydney um Flughafen un. Keen waard op, kee steet do a freet sech, dass en do ass. E kuckt d’Leit ronderem sech, a gesäit, wéi sech Eltren a Kanner, Bridder a Schwester, Frenn emärmen a fillt sech eleng.

Also hellt en ee Stéck Kartrong, schreiwt “free hugs” drop, a stellt sech an d’Foussgängerzon. Während enger véirel Stonn gett en ignoréiert, mee dunn kennt eng eeler Fra, déi em erzielt, dass hier Kaaz gestuerwen ass, an hier Duechter elo schon ee Joër doud ass. Déi zwee emärmen sech. D’Fra geet mat engem Laachen um Gesicht fort.

D’Phänomen verbreed sech explosiounsarteg.

Et erennert mech e bessen un de Film Pay it forward, Freed ze verschenken. Ass et net schéin, dass de Mensch an der Welt vun haut et färdeg bréngt säi Potenzial an déi richteg Richtung z’entwéckelen?

2 thoughts on “Dréck mech!”

  1. Um Pukkelpop war dat och e geleefege Brauch. D’Jongen waren awer éischter op flott Jofferen aus, wéi op soss een.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *