Wat a kengem Prospekt vun enger Uni steet

Nee, ech mengen net ee klengt Zemmer an engem Studentenheem oder d’Spull an d’Wäsch déi ee muss selwer maachen. Ech mengen och net d’Iessen dat ee sech muss selwer kachen well engem Fast Food a Mikrowellen fréier oder spéider zum Hals eraushänkt. Ech mengen d’Sonndeger, wou ee bis moies 5 Auer un engem Essay setzt. Déi Sonndeger déi ee komplett an der Bibliothéik verbréngt a Kilometergeld misst kréien fir all déi Kéieren wou een muss ee neit Buch sichen. Déi Sonndeger, wou een d’Mettegiessen verpasst an eréischt owes eppes an de Bauch kritt.

Déi Sonndeger, wou een owes total happy ass, dass een all seng Saachen püntklech färdeg krut, an heemlech grinst iwwer déi Leit, déi eréischt mettes ugefaangen hun.

One last essay to go… An e Mettwoch de moien um 8 Auer wann ech en ofgin ass offiziell Vakanz. Naja, nach zwee Seminaren, mee an d’Bibliothéik kritt dann kee mech méi. Ausser vläit fir mer dat Buch iwwert XML sichen ze goen. Wat Informatik ugeet hu se nawell verdammt cool Bicher.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *