De ‘grousse Brudder’ kuckt zu DENGER Fenster eran

De 14.12.2005 ass, wéi sou oft schon, eng weider bescheuert Décisioun am EU Parlament gefall, des Kéier konnt se am Géigesaatz zur Softwarepatentéirung, fir déi den Här Knéckeg sech jo och korrupterweis staark gemaach hat, awer net nach (virleefeg zumindest) verhennert gin. Rieds geet vun der Virratsdatespäicherung. Kléngt komplizéiert, ass awer ganz einfach: soubaal d’Regierung déi Richtlinn vun der EU emgesat huet, gett all Telefonsverbindung (inklusiv Handy) an jeglech Internetverbindung fir 6 Méint laang gespäichert. Dat heescht wann ech elo zum Beispill engem Kolleeg eng Email schécken, kann d’Regierung nach een hallewt Joër méi spéit noweisen, dass ech mat him a Kontakt stoung. Sou léisst sech Terrorismus jo schließlech méi einfach verhenneren. Och wann ech em sollt uruffen, gett dat fir sechs Méint festgehaalen.

Wéi d’Situatioun mat engem Gesetzesentworf derzäit zu Lëtzebuerg ausgesäit, wees ech leider net, ech hun an de leschte Méint net vill vun der Politik do matkritt. Kuckt een awer emol an Däitschland – an ech woen emol unzehuelen, dass d’Gesetz a Lëtzebuerg ähnlech wert ausgesin – gett do bei Handysgespréicher an SMSen och protokolléiert, wou déi jeweileg Persoun sech zu deem Zäitpunkt opgehaalen huet.

Wien elo domm genuch ass, ze behaapten, en hätt jo näischt ze verheemlechen, hei e Beispill, wéi eng Kontroll d’Regierung domatter iwwert säi Privatsliewen kritt. Ugeholl, du bass krank. Wéi ee verstännege Mensch riffs de beim Dokter un an hells der ee Rendez-Vous. Do ass jo näischt dobäi. Dach, well schon kann d’Regierung der fir sechs Méint noweisen, dass du mat genau deem Dokter telefonéiert hues. En anert Beispill: duerch déi total Protokolléirung, kann d’Regierung ganz präzis novollzéien a beweisen, wien wee kennt a wéi oft déi Leit mateneen kommunizéiren. Mee et huet ee jo näischt ze verheemlechen, also ass dat net schlemm.

Sot ech schon, dass an Däitschland och firgesin ass, anonym Emailkonten an Anonymiséirungdengschter (z.B. d’tor Netzwierk fir e bekannten Beispill ze nennen) ze verbidden. Domatter wieren mer do ukomm, wat Datenschützer zanter Joëren färten: den totalen Iwwerwaachungsstaat. De Luc Frieden wert sech freen.

Gottseidank gett et awer nach een Hoffnungsschimmer: Irland – et si meng Helden! – hun eng Nichtegskeetsklo um europäesche Gerichtshaff ageriicht, en Urteel ass fir 2007 ugesat. Wann et schief geet, wanderen ech e bessen méi wäit aus. Dublin soll schéin sin…

Link

8 thoughts on “De ‘grousse Brudder’ kuckt zu DENGER Fenster eran”

  1. am moment späichert däin handyprovider déi donnéen och schons. wéi géif en soss déng détailléiert facture opstellen?

    all land huet och eng dateschutzkommissioun déi dovir suergen, dass d’conditiounen duerch déi de staat un déng donnéen kënnt kloer définéiert sin – stëchwuert terrorismus.

    et ass jo nët esou, dass een sou einfach un déi loggings komme soll wéi un déng donnéen vum rpni (répertoire national). do riffs de engem kollesch un, deen ee kennt, deen ee kennt, an da wees deen wou den thierry wunnt etc. etc.

    bei dësen protokoller – handygespréicher, internet – misst de staat oder d’police jo wahrscheinlech eng ordonnance vum juge de paix hun vir drun ze kommen.

    also nët grad esou einfach, dass all flic dru kënnt.

    déi procéduren gin et och elo schons vir den s.r.e. (de lëtz. geheimdéngscht)

  2. Zum Handy: dofir hun ech Prepaid.

    Ech hu nach ni iergendeppes vun enger Dateschutzkommissioun zu Lëtzebuerg matkritt, déi muss sech jo ohnheemlech gudd verstoppen. Wou verdammt namol war déi Kommissioun dann wéi et geheescht huet et gi Kameraen am Park opgehaangen?!

    Ech sot ni all Topert, kéinnt un déi Daten kommen. Mee et kann en dru kommen. Och Leit déi net authoriséiert sin. Gouf des Woch jo alt erem eng Kéier schéin demonstréiert ewéi de Server vun der Universitéit vu Kalifornien geknackt gouf an een Hacker d’perséinlech Donnéen vun iwwer 800’000 Studenten, Proffen an Alumni krut. Ganz éierlech? Déi Sécherheet déi déi Universitéit hat trauen ech der lëtzebuerger Regierung net zou, an déi Uni gouf geknackt.

    A souguer wann se eng Ordonnance brauchen, wat garantéiert sou ass, esou bescheuert ass déi lëtzebuerger Regierung souguer net. Mir gesin jo wou eleng de Fait dass Technologie existéiert hiféiert. Wéi séier huet sech déi amerikanesch Regierung korrumpéire geloos? Dat Gesetz gett der Regierung onheemlech Muecht, an Muecht mecht korrupt. Hu mer jo schon alles bei der Softwarepatentéirung dierfte materliewen.

    Fakt ass, d’Regierung bréngt et net. Net nemmen déi lëtzebuergesch, mee ganz allgemeng. Och déi däitsch, britesch, amerikanesch… Just d’Iren loossen mech an desem Falol e bessen hoffen dass et Politiker mat engem gewessen Grad u Verstand gin.

    Wann et déi Prozeduren schon all gin, heescht dat meng Daten gin schon all zanter Joëren méintelaang festgehalen? Dann stellen ech meng Fro nach eng Kéier: wou der Däiwel ass déi Dateschutzkomissioun?!

  3. also thierry verstéi mech nët falsch. ech verstin déng bedenken an esou e groussen régierungsfrënd sin ech bestëmmt och nët.

    den dateschutz huet och en internetsite….muss ee jhust e bessi kucken.

    http://www.cnpd.lu

    esou laang näischt geschitt ass alles schéin a gudd, en abus géif ech och verurteelen. den dag wou prepaid-handy-terroristen géifen eng bei eis starten da géif d’ganz welt sech driwwer opreegen, dass de staat séng roll nët assuréiert huet d’vollék ze beschützen.

    dat ass nët nëmmen vir lëtzebuerg typesch…. :-) t’ass mënschlech

    an du wees lo wou d’dateschutzkommissioun ass, ass dach fein, nee?!

  4. 1. Oppositioun ass emmer mei einfach wei Regierungsarbescht.

    Et ass zu all Moment einfach fir aktiounen vun enger Regierung ze verurteelen, soulang dei Aktioun sech net iergendwann als essentiel rausstellt.

    2. Et henkt emmer alles vun den Emstänn of…

    Direkt nom 11ten September häss du, an den USA kennen en Gesetz duerchbrengen dass all Mensch deen och nemmen bessen Arabesch ausgeseit ausgewiesen gett oder zumindest ennert dauerobservatioun gestallt gett.

    Ech iwwerdreiwen vlait en bessen…

  5. Ech wéilt lo gäer eppes intelligentes dozou bäidroen, mee ech denken, alles wat wichteg ass, ass gesot. Dofir mierken ech just kuerz un, dass ech mer doriwwer och scho Kappzerbrieches gema hunn (“1984”) an net ganz schlësseg sinn, wat ee man a loosse soll. Prinzipiell sinn ech jo géint permanent Iwwerwaachungsmethoden, mee hey mier liewen an enger kranker Welt.

  6. Merci fir de Link. :) Dat hat ech awer emol net domatter gemengt wéi ech gefrot hun wou en ass. Ech wollt eigentlech soen: wisou mellt déi Komissioun sech ni zu Wuert? Am Ausland steet d’Press direkt voller Kommentarer vun der Dateschutzkommissioun wann esou ee Gesetz um Kommen ass, wisou schweigen se sech zu Lëtzebuerg doud? Ass déi Kommissioun just pro forma an a Wierklechkeet existéiert se just um Pobeier?

    Et besteet eng fein awer ganz kloër Grenz teschent beschützen an kontrolléiren. Ech soen jo net d’Regierung soll sech einfach zeréckleenen an Gewalt ausbriechen loossen, mee hier Methoden fänken u geféierlech ze gin. Zum Beispill steet néirens, dass déi Iwwerwachung nemmen fir potenziell Krimineller ass. Si ass fir all Mensch. Well mir si all potenziell Verbriecher. Ech hätt kee Problem, wann de Staat géing ganz präzis verdächteg Leit iwwerwachen, awer radikal ee ganzt Vollék ze kontrolléiren ass moralesch verwerflech. Sou eppes féiert fréier oder spéider zu enger Hexejuegd.

    Garantéiert géing et herno heeschen, d’Regierung huet hier Leit net beschützt, mee dofir proposéiren ech jo och eng Alternativ zu deem Gesetz an der Enwert op dem Gilles säi Post am nächsten Abschnitt. ;)

    Jo, Oppositioun ass méi einfach wéi Regierungsarbescht, soulang se keng Alternativen proposéiert. Leider ass dat de Regelfall… Dofir proposéiren ech jo och eng: begrenzt déi Iwwerwachung op Leit déi opfälleg sin a grennt eng Institioun wou Dateschützer a Juristen (wuelverstanen keng Leit déi soss ee Posten an der Justiz hun!) dra sin, déi décidéiert wien dierf iwwerwaacht gin a wien net. Eng Institutioun déi NET der Regierung ennerläit mee onofhängeg ass an an där KENG Politiker sin. D’Regierung respektiv d’Police oder d’Justiz muss iwwer déi Institutioun fueren fir dierfen een ze iwwerwaachen. Dat géing dann och de Richter een Deel vun hierer Arbescht ofhuelen, an si kéinnten sech em d’Fäll selwer kemmeren. Et ass dach onmoralesch, dass d’Ordonnance vun engem Richter géing duergoen, fir een ze iwwerwaachen, dat gett deene Leit zevill Muecht, an een eenzelne dee Muecht huet ass ni gudd.

    Definitiv hätt een an Amerika sou ee Gesetz duerchkritt. Saachen ewéi de Patriot Act beweisen dat jo och kloër an däitlech. Et ass menger Meenung no och eréischt den 9/11 deen all déi Saachen eréischt weltwäit wierklech méiglech gemaach huet, firdrunner hätt keen de Senn agesin vun engem Iwwerwaachungsstaat. Net dass ee Senn do wier, mee nom 9/11 konnten d’Regierungen de Leit dat antrichteren. Mee och wann et Emstänn gin, déi et der Regierung einfach maachen d’Leit ze manipuléiren an lues a lues eng absolut Kontroll iwwert d’Bierger opzebauen rechtfertegt hier Taten net. Et bréngt just mat sech, dass Leit déi sech wieren emsou méi gebraucht gin.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *