Verknascht

Elo wees ech, firwat deen Typ de Moien um 9 Auer un d’Dier geknuppt huet fir eis z’erwechen a ganz rosen erklärt huet, wann dee Knascht an der Kichen net direkt gebotzt géing gi misste mer bezuelen. Well ech näischt domatter ze din hat sin ech leien bliwwen, mee et war eben net ze iwwerhéiren. Ech schätzen emol d’Kichen huet ongeféier deem Zoustand geglach an deem sech d’Kichen elo grad befennt.


Ee Shoteglas. Riets geet et an d’Kichen. Et ass iwwregens strengstens ennersot d’automatescht Zougoen vun den Dieren op iergendeng Manéier ze blockéiren. Hun se sech nach keng eng Minut drugehalen.

Déi Kaarten um Buedem si vun hierem Saufspill.

Dat Glas fir um Desch ass aus dem Studentewierk geklaut.


Ech he kee blasse Schimmer wat déi Flecken op de Still sin.


Par contre dat do ass sou richteg cool Studentekultur. :)

Riets nach ee Glas dat se am Studentewierk matgoe gelooss hun.





Erstaunlecherweis ass de Lavabo allerdengs enorm propper…

11 thoughts on “Verknascht”

  1. also am verglach zu sachen dei ech scho gesin hun fannen ech dat do zwar net besonnesch schlemm .. ausser dei still dat as deguelasse

  2. Wiem seng Kichen kann dat da wuel sin… Eis natirlech… Ech sin och frou wann ech net méi an engem Studentenheem wunnen. Dat do gett nämlech honnertpro net gebotzt bis et muer de moien erem un der Dier knuppt. A bis dohinner gesäit et mat enormer Wahrscheinlechkeet nach wäitaus méi schlemm aus. Wa meng Matbewunner bis um 1 aus dem Studentewierk erem sin an gudd gebechert hun laafen se nämlech normalerweis eréischt sou richteg warm.

  3. Chris ech erënnren dech un de Cap d’Agde wous de et bal nëmméi ausgehaal hues mat eis an deem Dreck ze wunnen.

  4. Zum Thema Flecken, ech och ;)

    An wann et är Kichen ass, firwaat kennt dann do een maulen dir sollt se botzen?

  5. Well et ee Studentenheem ass an do gett kontrolléiert op d’Leit e gewessenen Grad un Hygiene haalen. Gottseidank soss kéim ee wahrscheinlech guer net méi duerch de Knascht…

  6. Fede:

    Um Cap d’Agde war eppes ganz anescht. Do war ech nach empfindlech dorobber, mee no 4-5 Deeg war ech ofgehärt an hunn dat absolut net méi schlëmm fonnt, mee ganz gäer ignoréiert.

  7. Kanns de Knascht och ganzer 3 Méint laang ignoréiren? Si hun elo souguer déi ganz Kichen versaut plus all an ech betounen ALL hier dreckeg Spull leien gelooss. Si kennen zwar sécher sin dass déi dreckeg Spull am Januar nemmi do ass, mee si kennen sech nach méi sécher sin dass se guer net méi do ass. All dreckeg Spull gett aus offensichtlechen hygienesche Grenn ewech geheit.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *