Wat ech…

… vermesse wärt:
– Kolleegen;
hatt, lo wou ech endlech eraus fonnt hun wou a wéini ech et ka fannen;
– moies de Scott Moyles lauschteren;
– dono d’Jo Whiley lauschteren;
– ganz Nuecht duerch elektronesch Musék um BBC Radio 1 ze lauschteren;
– de Frigo direkt nierwt dem Computer;
– de Schocki aus dem G’s;
– d’Hot Dogs aus dem Smiths;
– duerch d’Foussgängerzon zu Cardiff ze treppelen mat engem Caramel Machiato am Grapp;
– Englesch ze schwätzen;
– déi herrlech Landschaft vun de Valleys;
– eng Haaptstaat déi souvill Awunner huet wéi ganz Lëtzebuerg;
– de Virgin Megastore;
– Starbucks;
– Zäitschreften gratis an der Bibliothéik liesen;
– d’Jam Doughnuts vun hei… ech si kee Fan vu Berliner mee hei schmaache se herrlech;
– Binball spillen (Kiwwel um Enn vum Gang, klénge Ball, jiddereen huet 5 mol 2 Schëss, Gewenner kritt d’Geld mat deem sech d’Spiller um Ufank hu missten akaafen (50p pro Persoun));
– all déi total hirnresseg Aktiounen déi hei gelaaf sin.

… vermesst hun:
– Frënn, Kolleegen an Famill;
– den Art Scène;
gudde Béier;
gudde Wäin;
– Bus fueren… ideal fir sech an de Flow ze versetzen;
– an e Restaurant iessen ze goen;
– relax Owender ouni Komasaufen;
– Lëtzebuergesch ze schwätzen;
– ee Bett dat méi grouss ass ewéi ech;
– gekacht ze kréien :D;
– eng propper Kichen.

10 thoughts on “Wat ech…”

  1. Art Scène? Du mengs deen Art Scène wou sech freides Owes ongeféier 5 Mio Kanner tëscht 10 a 16 Joer versammlen an vierum Café hier am Supermarché kaaftenen Vodkas-Fläschen “saufen” well se bannen näischt kréien? An dono alles vollkatzen? An dann hysteresch ginn a blären? An sech dann op d’Schnëss schloen? Deen Art Scène??

  2. Nee, hien mengt den Art Scène vun freier, sou weis du en haut nemmen nach an der Woch erliews, oder Freides an Samsdegs no 1 auer, dierfs natiirlech net ob toilette goen.

    Hien mengt den Art Scene wou een sech am Summer relax ob Terrasse setzen kann, en gudden Beier an Rou drenken, den Art Scene wou een kann um Comptoire setzen an sech mam Jette, mam Eli mam Jorge mam Luc ennerhaalen, deen Art Scene wou een um um halwer 6 ran geht, an et setzen den klengen Claude, den Marco, den Yves, dei ganz Equipe do an drenker hiern Beier no oder firun der Arbescht.

    Federico, deen Art Scene deen ech hei beschreiwen erliews du net Freides mettes oder Weekends owes ;)

  3. Qualitéit vu BBC Radio1 um Internet ass ausserhalb vun Groussbritannien awer schäiss… (Innerhalb vum UK kriss de ee separate Stream). An hei hun ech en plus digitale Radio. :D

    Hehe jo mee deen ännert just all Woch oder? Da feelt mer de BBC nach fir déi aner 6 Deeg an der Woch ;)

    A merci, dir och ee schéine Weekend!

  4. Samsdegs owes ab 10 hun se mengen ech DoubleDance…

    Mee Thierry… wann du wells ;) ech stellen der gären meng Livesets Kollektioun an Elektronesch Musek Kollektioun zur verfügung ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *