Reesen am 21. Joërhonnert

3 Flughäfen a just 11 Stonnen, schons ass ee vu Lëtzebuerg zu Cardiff. Dass een enges Dags esou séier kéinnt ennerwee sin hätten d’Leit vrun 50 Joër bestemmt ni geduecht… Wéinstens sin ech elo eng Kéier mat enger Boeing 737-700 geflunn. Fernseh kucken am Fliger ass cool. :D

6 thoughts on “Reesen am 21. Joërhonnert”

  1. 1 Stonn L?´tzebuerg Amsterdam. Flughafen zu Bristol ass komplett dicht gemaach gin a w?©ini genau en erem opgeet ka kee soen. Dat huet dozou gefouert, dass all d?©i Leit, d?©i sollten op Bristol fl?©ien, op Cardiff emgeleet gi sin. Probleem: an eng Fokker 100 w?©i et h?§tt sollen eng Maschin sin, kriss de net souvill Leit eran, also hu mer misste waarden, bis eng Boeing gelandt ass, d?©i fr?§i war an hun d?©i dunn geholl. Dunn si mer natirlech iwwer eng Stonn m?©i sp?©it zu Amsterdam fort geflunn w?©i firgesin, also hun ech de Bus vum Flughafen an d’Staat verpasst a well Sonndeg war, ass e just all 90 Minute komm. A well ech de Bus verpasst hat, hat ech natirlech och den Zuch fir op d’Uni verpasst, also nach eng K?©ier 45 Minuten waarden.

    Normalerweis brauch ech sou em 7 Stonnen wann alles riicht geet an ech direkt eng Verbindung kr?©ien zu Amsterdam ouni iwwerdriwwe Waardez?§it. ronn 90 Minuten vun der Uni op de Flughafen (20 Minutten Zuch vum Campus an d’Staat op d’Haaptgare an dann Bus op de Flughafen, d?©i l?§it eng etlech Meilen vun der Staat ewech), 1 Stonn firdrunner natirlech um Flughafen, 1 Stonn Flug op Ams, 2 Stonnen zu Ams, 1 Stonn bis op L?´tzebuerg.

  2. Dann daerf ech jo stolz sin, well mam Auto sin ech mäi schnell vu Letzebuerg op dem Site vun der Uni zu Cardiff. Hautzudags huelen d’Leit nun emol esou muenches a Kaaf, nëmmen fir ennerwee Fernseh ze kukken *g*

    Mir hun un dech geduecht a sin frou, dass du leschten Enns gudd ukomm bass.

  3. Wier et net méi einfach, vum Findel op London an dann vun do aus mat Bus oder Taxi oder wat och emmer weider ze fueren? Dann braichs de am optimalfall vlait 4 Stonnen ;)

  4. Ech hu kee Bock op baal 4 Stonnen Bus, Taxi well ech de Präiss guer net mol wessen (et sin emmerhin iwwer 250 km an 30 km kaschten schon 50€, an ech wetten et gett dann och nach een Oppräiss well en muss an en anert Land fueren). Zuch vu London aus ass onheemlech emständlech an ech krut x-mol dovunner ofgeroden dat auszeprobéiren. Souguer wann ech iergendeng vun deenen Alternativen géing wielen, dann géing ech awer erem zu London hänken bis ech do een Zuch kréien, an dono zu Cardiff fir en Zug op d’Uni.

    1 Stonn firum Flug um Findel + 1 Stonn Flug op London + so mer mol 30 Minuten warden op den Bus + 3,5 bis 4 Stonnen (kennt drop u wéi een ech erweschen) Bus + ongeféier 30 Minuten warden fir den Zuch op de Campus + 20 Minuten Zuch. Kennt op dat selwecht eraus. Gett souguer géing ech mengen méi stresseg.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *