Fauschtregel

Wien a Groussbritannien opgewuess ass, ass net serieux. Ee Brit besäift sech owes egal wéi serieux en am Dag ass, eng Britin huet minimum ee Kand och wann et sech nach sou op d’Schoul konzentréiert. Bestuete Proffen kréien sech am totale Soff mat Leit déi se baal net kennen.

Mech schockt näischt méi.

9 thoughts on “Fauschtregel”

  1. Klengt jo wéi wann et net langweileg wier! ;)

    An soulaang die Proffen flott, jonk a weiblech sin … :)

  2. Schottesch Meedercher lafen a Schmuddelwieder an de kierzte Jupen duerch d’Land déi ech je gesinn hunn. Ech war perplex, wéi ech dat gesinn hunn.

  3. Wat heescht hei Profiteur, dat ass Chrëschtdag geschidd, do war ech guer net hei. :)
    Schottescht Meedchen hun ech bis elo just eent kennegeléiert, an dat ass déck an der Rei. Eng Minijupe hat et bis elo mol nach net un, a Schmuddelwieder hu mer méi wéi genuch. ;) Hm… okay, t’ass hallew éisträichesch, dat ass wuel d’Erklärung…

  4. Wales. Net England. Dat sin zwee verschidde Staaten. Nenn e Walliser net Englänner, dee schléit dech ouni mat der Wimper ze zucken bluddeg. ;)

  5. Dir glecklech Studenten … dann profitéiert mol schéin :)

    D’Inselbewunnerinnen sin jo relativ wëlleg, wann och oft liicht belleg ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *