Ach herrje…

“Wales ass eng Staat an England, dat wees ech aus de Rosamunde Pilcher Filmer.”

Awer de Geck mat den Amerikaner maachen, wann CNN d’Schwäiz mat Éisträich verwiesslt…

Wessen d’Leit eigentlech, dass et guer kee Land “England” gett?! Genausouwéineg wéi ee Land “Schottland”. Et gett just ee Vereenegt Kinnékräich, dat ass ee Nationalstaat a besteet aus den Staaten England, Schottland, Wales a Nordirland. Déi eenzel Staaten hun all eege Ministèren, an am Fall vun Schottland souguer eng eege Gesetzgebung, déi deelweis anescht ass, wéi déi an den aneren dräi Staaten. De Nationalstaat heescht NET Groussbritannien, dat ass nemmen d’Insel wou Schottland, England a Wales dropleien.
Nee, wahrscheinlech wees keen dat.

An deene nächsten dee mech freet, op mer England gefällt, dee bezillt mer een Ticket an England. Ech war nämlech nach ni do, ausser kuerz op der Autobunn fir vu Frankräich eriwwer a Wales.

10 thoughts on “Ach herrje…”

  1. Vereenegt Kinnekräich ass vill ze laang, also léiwer England! :)

    Mir soen jo och net emmer ‘Vereenegten Staaten vun Amerika’, mee Amerika. Oder Amerikaner. Obwuel daat och falsch ass.

    Lo mol net sou klenglech ;)

  2. bzw dei mei jonk generatioun letzeboie rhuet dat an der schoul gesin (och dei mei aal ech hun dat neemlech och schon gewosst :P)
    dat as eben sou en fall wei hiv-virus, jideree wees wats de mengs t’ass topeg fier et ze soen mee d weert nach sou baal net ausstierwen ;)

  3. Wann mer grad dobäi sin, nach sou Saachen déi d’Leit net an de Kapp erakréien:
    d’La-Ola Well = d’ d’Well Well
    Cumulus Wollécken = Wolléck Wollécken
    An mäi léiwsten Beispill: Holland. Een “Holland” existéiert op kenger Landkaart vun haut (am réimesche Räich, do gouf et mol eng zäitlang en Holland) an trotzdeem benotzen d’Leit et permanent. Et gett ee Nordholland a Südholland, dat sin awer zwou verschidde Provenzen an maachen zesummen souguer nemmen 13% vun de Niederlanden aus. D’Haaptstaat vum Land läit awer mol weder an der enger, nach an der anerer Provënz.
    Dommheet färten ech stierwt leider ni aus. Dommheet wier och nach net sou schlemm, et ass déi onheemlech Arroganz vun de Leit et dono rem genausou falsch ze soen nodeems een hinnen erklärt huet, dass se falsch leien. A ganz éierlech: et nervt mech onheemlech, permanent un de Kapp geworf ze kréien, ech géing jo an England studéiren. Ech kachen all Kéiers vu Roserei. Dee nächste Lëtzebuerger dee mech freet wéi d’Englänner sou sin, bezeechnen ech als Preis. T’ass genausou falsch, an t’kennt där Beleidegung déi en engem Walliser entgéint werft wann en en als Englänner bezeechent, verdammt no.

    @ Grommel
    Ech si net klenglech, ech verlangen e bessen Verstand a korrekt Allgemengwesse vun den Leit. Soss kéinnt ee jo och einfach Lëtzebuerg just nach Benelux nennen. Dat Wuert ass nämlech och méi kuerz. Just well “Amerika” fir d’USA och falsch ass, mécht dat “England” fir d’Vereenegt Kinnékräich net richteg.

  4. eisen thierry verbritaniseiert emmer mei (as dat korrekt oder leiwer verwaliseiert ?) ;)
    verstin awer dass et dech nervt… wann ee seet preis nervt mech eigentlech och zimlech muss ech soen

  5. Kann ech gutt novollzéihen, daat nervt mech nämlech och.
    An wann engem “Vereenegt Kinnékräich” ze laang as, kann een jo och einfach UK soen :)

  6. Ech gi net méi britesch, ech hun es just endgülteg saat, dass d’Leit sou onbeschreiwlech domm sin an absolut kee Wëllen weisen, bäizeéiren. ;) T’ass dach ee Witz, dass d’Walliser mettlerweil raushun, dass Lëtzebuerg een eegent Land ass a mech net nach emmer als Schwed oder soss eppes bezeechnen, an d’Lëtzebuerger bekäppen et fir d’frecken net. Schäiss lëtzebuergesch Arroganz a Stuerheet.

    Argh… ech gin mol an den G’s ee Schocki drénken. Souvill Opreegung bréngt et net, dofir steigt bei all deene klengbiergerleche Luxusbierger den IQ och net iwwert 90.

    @ Grommel
    À propos kuerz, “Vereenegt Kinnékräich” ass schon eng Kuerzform! Déi ganz Beezechnung ass nämlech “Vereenegt Kinnékräich vu Groussbritannien a Nordirland”. A wann et just géing drem goen et méi kuerz ze maachen, dann kéinnt een et jo maachen wéi d’Leti et seet a just UK soen. ;)

  7. Ech soe meeschtens UK oder Britannien fir de ganze Battaklang. Mee et nervt mech och well scho gehirlos, wann d’Leit soen, du gees jo an England, obwuel se wëssen, dass ech op Glasgow wëll. Mee ech verstinn et awer iergendwéi, d’Leit gi vu kleng op dru gewinnt just England ze son, an dat ass da schwéier ofzewinnen.

  8. Ech hun et och mettlerweil opgin, vun de Leit vu fir eran un ze verlangen, dass se wessen, dass dat Land net England heescht. Dat schlemmt ass awer, an dat reegt mech wierkelch op, dass wann een hinnen erklärt dat wier falsch, se dann mat sou Enwerten kommen wéi “egal, fir mech ass dat awer England”, oder guer net drop reagéiren an einfach sou falsch weiderfueren. T’ass net sou evident, sech eppes ofzewinnen, mee ech stelle guer kee Wellen dozou fest. Kee Wonner, dass d’Menschheet et an all deene Joërdausenden net weider bruecht huet wéi op dee lächerleche Stand vun haut… ;P

  9. “England an Amerika sin am Krich geint den Irak”

    95% vun de Leit wëssen Bescheed waat mat England an Amerika gemengt ass, wann een méi präzise well sinn, kann een daat jo dann nach maan ;)

    Duerfir, emmer schéin labber bleiwen, gët schlemmeres op der Welt! :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *