Den iPhone ass do!

Nee, dat ass kee Gerücht, dat ass Fakt! Well dat awer e besse wéineg wier fir dat am meeschten erwaarten Event fir Apple Geeks am Joër, gett et och endlech Apple TV (firdrunner ennert iTV bekannt).

Vergiesst den iPod Video, den iPhone bréngt iech de Safari, Mail, Google Maps, Widgets an… Widescreen Video! Esou gäil. :D dat ganzt mat engem revolutinäre Multi-Touch Screen, op dee schon mat Spannung gewaard gett, zanter Apple d’Patent agereegt huet, an wou ufanks domatter gerechent gouf, dass een et géing um iPod firdéischt ze gesi kréien. Den iPhone leeft, verständlecherweis, op enger ofgespeckter Versioun vu Mac OS X. Souwäit ech dat erkennen kann, huet dat Deel keng Tasten. Well hun! :D

14 thoughts on “Den iPhone ass do!”

  1. d’gerät vum joer….do kënnen nokia, samsung, lg an sony apaken. jhust schued dass en réicht géint enn dëst joer hei ze kréien as.

  2. Zur Zäit fir Chreschtdag. Ass dach och flott. ;) An du hues de Zune vergiess. Wifi mat deem Microsoft sech esou gebretzt huet bei hierem Zune huet den iPhone nämlech och. Plus GSM. Plus EDGE. Plus Bluetooth 2.0. Okay, Enn dest Joer ass awer laang… Ech well en direkt hun :D

  3. Saugudd! Mee 600 Euro oder sou ass natiirlech och net geschenkt … allerdengs ass et jo iPod plus Digicam plus Telefon … dann relativéiert sech nees alles.

    Mee e schengt saugäil!! Apple huet et wirklech raus.

  4. Schléissen mech deene meeschten un.

    Allerdings schwirrt mer en onbequemen Gedanken am Kapp ronderem: den iPhone ass immens flaach an relativ dozou nach zimmlech breed; genau wéi mäin iPod Video. An ech fannen dat deen net gudd an der Hand läit, wat awer bei engem Handy absolut de Fall muss sin, beim iPod ass dat jo net grad sou wichteg (menger Meenung no). En iPod Mini oder iPod Nano fannen ech läit gudd an der Hand, do stemmen d’Proportiounen rem, mee wéi gesot, den Handy gläicht vun den Dimensiounen engem iPod Video, an deen rutscht (mir zumindest) nawell gär aus der Hand … an bei sou deiren Saachen deet dat wéi.

    Vläit hun ech awer och einfach nëmmen krass deforméiert Fanger? ;)

    Nuje, mech reizt den iPhone och, mee ech wäert mer en secher net kaafen, ech hat nach keen Handy deen ech net no engem Joer futti krut, dat ass einfach ze deier gin. Lo hun ech en 0€ Handy vun SE an deen mescht seng Arbescht nawell ganz gudd ;)

  5. wat awer (bis elo) nach feelt, ass eng Navigatiounsfonctioun à la GPS-Stroossennavigationsgerät… an dat ass fir muencher een eng liewenswichteg Hëllef *g*

  6. Jo, dat ass och dat wat Experten em firwerfen; den Alex Lindsay an den Leo Laporte ware richteg enttäuscht, dass en dat net huet. Kennt vläit nach… Keen huet leider vun Ufank un alles richteg. :)

  7. @Thierry
    du schreifs: “dat ass och dat wat Experten em firwerfen… ”

    meng Conclusioun: da sinn ech jo keen Expert ….*loooool*

    näischt fir Ongut, ech weess, wat gemengt war ;)

  8. Hein? Hu mer eis iergendwou ennerwee verpasst?! Du sees, e brauch nach GPS. Ech soen, Experten sin och enttäuscht dass en kee GPS huet. Da bass de dach der selwechter Meenung wéi d’Experten??

  9. ‘tschellegt thierry mee mengen dei pap wellt soen hien wier och en expert ;)

  10. *seufz :
    du sees jo d experten sin d accord mat der an dei pap fennt dasss de him domat den experten status oferkannt hues … deen en wei hien fennt verdengt hett … du deerfs also net soen och d experten soen dat mee du muss soen aner experten soen dat nemlecht :P
    dann gett alles fannen ech nawell en senn ?
    de leschten satz heescht dass en verstaan huet dass en fier dech en expert ass mee dass seng weltweit renomée fleit effektif net sou grouss as an dass de dofier dat soss fier dass deng matlieser och geingen iwerzeegt sin :P

    sou fannen dat wa eng immens explicatioun lo wier et nach schein wann se wouer wier ;)

  11. @ Serge

    MERCI,
    esou schéin kloer hätt ech d’explicatioun net kënne schreiwen :)

  12. Aaaah okay :D Merci fir d’Erklärung :)

    Ech setzen bessen op der Leitung haut, hu just 4 Stonne geschlof. Schäiss Feieralarm.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *