Hein?

Merci fir d’Invitatioun, allerdéngs stellen sech mer grad Froen:

1. Wou em alles an der Welt verstoppen sech déi 150 lëtzebuergesch Blogger?!
2. Firwat zu Déifferdang? Näischt géint de Süden, mä goung et net méi zentral?
3. Ass et net suspekt, wann eng viral Marketingfirma ee Bloggertreffen organiséiert?
4. Pourquoi ass déi page web och op franséisch (cf blog.lu)?! Mol ofgesin dovunner, dass ech mech froen, wéi ee bei sou wéineg Inhalt souvill Geblénks kann hikréien. An… Blogdelux… bei deem Wuertspill muss ech iergendwéi un de Grommel denken.

Firwat sou Froen? Ma elo grad krut ech folgend Email vun engem Här Emmanuel Vivier:

Dear Blogger,
We invite you to join us for a drink with other bloggers from Luxembourg Saturday 27 of January: http://www.blogdelux.lu
If you’d like to have a drink and meet some of the 150 bloggers (yes 150!) in Luxembourg during the first bloggers meeting in the region, just join us.

Don’t hesitate to spread the word and tell the bloggers you know to join.
You can adopt a banner (by copying and pasting the code) to put on your blog to help us promote this event : http://www.culture-buzz.com/banners.php3?id_ban=915 (you need to scroll a bit down to find the code of the banne to copy and paste).

If you have ideas, suggestions or want to help, feel free to contact us.

– Location & time: 2pm, at Bar Lounge Restaurant “Autre Part” in Differdange.
– Details: no entrance fee, you just pay what you drink. There should be a wireless connection for the hardcore geeks ;)
– Contact: contact@blogdelux.lu / +352.48909020
– NB : The future site of the event and organization si supported by www.Culture-Buzz.com blog (from Vanksen Group)

Emmanuel VIVIER for the BLOGdeLUX Team

Lo wesst der zumindest all Bescheed, dass een Treffen ass. Wann ee well goen, zielt wéi et war, ech ka logescherweis net, vu dass ech net am Land si bis den Abrëll.

17 thoughts on “Hein?”

  1. War och iwwerrascht…frans?©isch well et jo anscheinend net nemmen em Lux geet mee em d’Groussregioun. An weinst der Origine vum Absender.

  2. Bon, dat ass mir ?©ierlech gesot dann zwar schon ze grouss ugeluecht. Ech g?©ing fird?©ischt emol g?§ren d’Leit vun deene Blogs kennenl?©iren, d?©i ech liesen an net och direkt lauter frans?©isch, d?§itsch a belscher. Lo n?§ischt g?©int d?©i, zumols D?§itschland huet eng herrlech kreativ Blogosph?§r, mee 150 Leit an ee Raum quetschen vun deenen der dann just eng Handvoll och tats?§chlech l?´tzebuergesch sin… Sou eppes intress?©iert mech net.

    Dass et vun enger Firma organis?©iert gett st?©iert mech wierklech. Mir brauchen endlech eng Blogbuerg asbl oder sou. De Kommerz dierf net schon Afloss op d’l?´tz. Blogosph?§r huelen wann mer knapps um Ufank vun enger Blogosph?§r stin.

    Ech fuerderen den haarde K?§r vun der Blogosph?§r offiziell op, eng Kommerzialis?©irung ze verhenneren. Ech mengen et gett h?©ich Z?§it, dass mer eis op d’Been stellen a selwer Publicity maachen, ier en aneren dat m?©cht. Lo wees ech, w?©i de Joel sech gefilt huet, w?©i kee L?´tzebuerger wousst, dass hien g?©ing gin. Wann een serieuxt Treffen vun der Blogosph?§r organis?©iert gett, soll dat vun Blogger selwer organis?©iert gin, a net vun enger Firma. Watfir Androck m?©cht dat soss op d’Leit wann se dovunner Wand kr?©ien?

  3. den thorben huet den duerchbl?©ck….a genau dovir gin ech n?´t. ech kann d?©i pseudo-m??chtegern-m’as-tu-vu people jo guer n?´t…..

    da gin ech l?©iwer an d’kathedral e rousekranz bieden……

  4. Kruut och sou en Mail.

    Duecht mer och, dass daat sou eng Koedinger-Geschicht ass. Naja, wees net, op ech daat brauch …

  5. H?©ichglanzszen?! Mat deenen well ech n?§ischt ze din hun. “M’as-tu-vu” brauch ech scho guer net, well m?©i w?§it k?©innt ee vum Bloggen wuel net wech leien. ?âierlech, w?©i engem Blogger geet et serieux drem, onbed?©ngt vun anere Leit gesin ze gin??

    Iergendw?©i stellen ech mer dat Ganzt elo sou als Upperclass Costume-Cravatte-Champagne Edelgala fir. Nee, merci.

  6. sie h?§tten et am b?§schten direkt am v.i.p. maache sollen an dann am n?§chsten nico oder w?©i dat lo heescht eng super reportage driwwer maacchen vir ervirzestr?§ichen w?©i “blog” an “tendance” de vivier & co sin….an iwerhaapt hun sie bloggen erfonnt an zu l?´tzebuerg popul?§r gemaach….dat ?ºblecht quoi?!

  7. VIP? D?©i, w?©i se a verschidden Insiderkreese genannt gett, “Schwulendisko”? Nee, merci.

    an iwerhaapt hun sie bloggen erfonnt an zu l?´tzebuerg popul?§r gemaach

    Genau dat f?§rten ech. Dofir fuerderen ech jo op dat Ganzt ze boykott?©iren an dass mer sou s?©ier w?©i m?©iglech eng ASBL op d’Been stellen. Ech well net ber?ºhmt sin oder sou, mee ech well och net, dass herno een Koedinger (dee scho guer net) oder Vivier sech Ruhm astr?§icht, deen e net verd?©ngt huet.

  8. Thierry, ech ennersetzen deng Fuederung vollstens. An ech hun m?©i Infos fir ierch all:
    http://www.joeladami.net/index.php?itemid=1132
    Ech posten net g?§ren Links zu menger Sait. Mee haut ass et wichteg.
    WEG verbreed daat. An kontakteiert een den aaneren. D?©i Leit bepissen eis Blogosph?§re mat hirem Marketing-Bl??dsinn. An ech wees net w?©i et ierch geht, mee ech lossen mir net g?§ren un d’Been pissen.

  9. Merci fir de Link! Hun dech zwar abonn?©iert mee sou s?©ier update m?§i Feed net. :)
    Ech woen mol ze behaapten, dass kee vun ons Blogger sech g?§ren un d’Been pisse l?©isst.

  10. vl?§it hun d?©i pendejos schons err?©echt, wat se wollten?! 1 artikel mat comments beim thieery, beim ?§nder, beim jo?´l a bim benem ass och 1 gudd pub…

    ech pers?©inlech w?§ert bei mir mol d’kaart vun der ignoranz spillen…

  11. Comments vu Leit d?©i soen se g?©inge net goen. Ka mer net firstellen, dass se dat wollten. Jo, si kr?©ien Reklamm gemaach, awer negativ Reklamm.

  12. Na ja, sie kennen herno bei der Press gudd Blenden an soen, sie h?§tten souansouvill Links bei technorati asw. Ech hun dei Leit jo express *net* verlinkt, well net emol daat vergonnen ech hinnen.
    Mee waat netzt et hinnen? Strategien a la “Test en Auto an bloggt doriwer” kann *dei* Bo?Æte jo scho mol ganz seier vergiessen, an sech irgendw?©i an eng Blogosph?§r mat Firmenblogs anzebrengen, wann keen vun eis coopereiert, ass och haard. An brengt och eischter verloscht. Op laang Siicht kennen mir nemmen gewannen.
    Ausserdem geif ech op manst main an dem Thierry sain Artikel net graad als Vorzeigepub bezeechnen.

  13. W?©i schued, dass ech no dem Weekend zwou Pr?ºfungen hunn. Wat e Mis?§r. ;)

    Wann s du d’Mail net gepost h?§ss, h?§tt ech se bis guer net f?§erdeg gelies.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *