YouTube

Ech kann net behaapten, ech wier jemols e Fan vun deem Site gewiecht, a wéi Google déi Video Community geschléckt huet, war dat fir mech direkt e weidert Argument, näischt welle mat deem Site ze din ze hun. Ech gin zou, ech si geleegentlech och dem Drock verfall an hun ee YouTube Video gepost mee, dass ech wéi verschidden Leit stonnelaang mech duerch de Site wullen koum ni a Fro. Dat kennt et elo zwar och nach net, mee meng Meenung zum Site relativéiert sech zanter e puer Deeg.

Aus Langeweil hun ech mer d’Topvideoen ukuckt, an sin dobäi iwwert ee Meedchen gestolpert, dat bekannte Lidder noséngt. Där gin et der natirlech masseg, verschiddener si gudd, mee eng ganz Rei si net onbedéngt z’erdroen. Ech sin och kee grousse Fan vu Coverversiounen, woufir mech dat och net sonderlech vum Hocker gerappt huet. Mee seng Stëmm huet, wéi ech fannen eppes – an e puer honnertdausend Downloads vu senge Clips bestätege meng Theorie -, also hun ech mer de Recht vun sénge Videoen duerchgekuckt, an hun zwee Lidder fonnt, déi et selwer geschriwwen huet. Déi Lidder ware net iwwel, mee dat intressantst sin d’Video Responses. Déi si nämlech ee Grond dofir, dass ech soulues erkennen, wat u YouTube sou fantastesch ass. Et geschidd mat dese Lidder grad eppes, wat d’Muséksindustrie mat hierem ganze Bordell em Copyright verhennert, si sin zu enger Art “open song” gin, an et gin x-verschidde Versiounen wou aner YouTube User zum Beispill zousätzlech Instrumenter, e besse méi Rythmus oder eng zweet Stemm agesat hun.

Och wann et nach eng Rëtsch weider musékalesch Talenter gin, oder därer, déi extrem originell a professionell de Geck mat kommerzieller Musék maachen, begrenzt et sech net dorobber. Zum Beispill gett et zanter enger Zäitchen och eng Sitcom: God Inc., déi weist, wéi et an de Büroen am Himmel ausgesäit. Souzesoen The Office, just mat méi wäiträichende Probleemer, sou reegen se sech an enger Folg zum Beispill driwwer op, dass et mettlerweil souvill Formulairen sin, fir ee Weltkrich ze starten.

Nodeems ufanks enorm vill Schrott op deem Site ze fannen war, schéngt es, wéi wann déi Leit, déi wierklech eppes drop un, d’Säit endlech eroberen. Ech sin jiddefalls mettlerweil gespaant, wéi et mat där Community weidergeet.

3 thoughts on “YouTube”

  1. klengt net schlecht, daat meedchen kann nawell sangen, bei dsds w?§er et wahrscheinlech d’gewennerin :) an daat mat ofstand! *g*

    (p.s. w?©inst dem groussen “ronaldo’s ex- skandal” kennt een jo vun elo un, aus Brasilien, net m?©i op youtube.com lol)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *