Boykott Blogdelux!

Fir vill Diskussioun huet deser Deeg déi faméis E-Mail vu Blogdelux gesuergt, déi iech mettlerweil all dierft bekannt sin. Dass do nach vill méi Negatives dohannert stécht, wéi een schon op den éischte Bléck erkennen kann, huet de Joël elo ganz détailléiert a sengem Blog beschriwwen. Spéitstens nodeems een dat gelies huet, dierft engem kloër sin, dass een, wann een dohinner geet, dat als serieuxe Blogger nemmen dierf maachen, wéi de Joël scho seet: mat engem Mikro als Waff an déi Leit blouss stellen. Mir dierfen a werte net de Geck mat ons maache loossen! De Pressecommuniqué (deen ee beim Joël kann noliesen fir déi Leit déi wéi ech bessen vun der lëtzebuergescher Press ofgeschnidden sin) ass eng eenzeg Frechheet vun der éischter Zeil bis déi lescht. Si hätten eis genau sou gudd kéinnte riicht an d’Gesicht späizen.

Ech kann leider den 27.1. aus offensichtleche Grënn net dohinner goen an där Saach op de Grond goen. Ech freen mech awer schon drop, wat de Joël alles herno matzedeele wert wessen. An w.e.g., trefft iech zu enger Handvoll wéi de Joël dat firschléit, a wann et nemmen fir e Béierchen mettes ass, an loosst iech vun engem aus dem Wort oder esou knipsen.

Mir sin d’Blogger an stellen d’Blogosphär duer, net iergendee selwer proklaméierten “Expert” vun sou enger Firma!

Aus dem Ausland eraus eng ASBL grennen ass bessen emständlech, mee ech sin dobäi fir iwwer MSN matzehellefen Statuten opsetzen wann der Hellef braucht. Wéi der u mech kommt, wesst der jo – an déi déi et net wessen, all Méiglechkeeten fannt der ennert “Contact”. Meng Propos fir de Numm bleiwt weiderhin “Blogbuerg asbl”, well dat ganz einfach den éischten a nach emmer eenzegen Index vu lëtzebuergesche Blogs ass, a well et gudd kléngt. Pa, dierft dee Numm dofir benotzt gin?

EDIT: Ech hunn mer mol d’Fräiheet geholl, ee kléngt Band uewen op d’Säit ze setzen, an dofir “Blogbuerg” als Titel ze huelen. Wien well, kann dat och gären op säi Blog setzen. Hei ass den CSS Code:

a#blogbuerg {
position: fixed;
left: 0;
top: 0;
display: block;
height: 120px;
width: 120px;
background: url(http://www.thesoundofseagulls.com/images/blogbuerg-band.png) top left no-repeat;
text-indent: -999em;
text-decoration: none;
}

An hei dat wat der musst direkt hannert äre Body Tag setzen:

< a id = "blogbuerg" (href="http://www.thesoundofseagulls.com/?p=591") >Blogbuerg, NET Blogdelux< / a > (Tëscht de Klammeren ass optional. ;) Ech hoffen dir kennt e bessen HTML, dir musst déi Espacen an den Tags eraushuelen, wann ech déi net agin, mengt de Browser et wier Code an interpretéiert et amplaz als Plaintext unzeweisen.)

10 thoughts on “Boykott Blogdelux!”

  1. ma effektiv, ech kann dem joel sai blog jo normalerweis net liesen, mee ech gin em recht, och wann sain eintrag e bessen kriminell ass.
    effektiv, sougesin gin ech diem recht, et interesseiert mech zwar ze gesin wat do leeft, mee dat wor dat, wat ech wollt de moien undeiten, et ass een vun dienen heichglanz viral marketing pussien, naischt wierklech sympathesches.
    ech wäerten et, an dat schreiwen ech dem joel och an dKommentarer, dat kaum als “Ugreff” ob d’Blogosphär, et ass just de Versuch, profit aus eppes ze schloen, wat net drob wäert reageiren.
    DASBL ennerstetzen ech, gett et HCl eigentlech schon? Dei keinten do jo deelhuelen?
    wow, dain submit knapp geet well.

  2. A.s.b.l. wier ech och bereed matzeschaffen, den Problem deen ech gesin den Moment as, daat ganzt ze bezuelen (eng asbl umelden kascht jo alt puer 100 Euronen).
    Hun mech jo well schéin blenden geloos vun der Invitatiounsemail…ech gesin ze vill daat gudd an den Menschen!

  3. Wat mecht et fir e Sënn zu engem Boycott vu Blogdelux opzeruffen a gläichzäiteg e Banner op d’Säit ze setzen, wou Blogdelux drop steet?

  4. Ech sin ären klengen Laufbursche, wann dir mech braucht. Waat dir och emmer maacht, ech sin dobei. xD

  5. ech mengen,du hues do eppes net

    Hat ech effektiv net. Elo ass de Cent gefall!

    Mecht stéiert awer elo nach ëmmer, dass et op den éischte Bléck ausgesäit wéi Reklamm. D’hätt een direkt kéinten eng Warnung drop setzen, z.B.: “Blogdelux: Ech sinn dergéint!” ;)

  6. Et ged Neigkeeten an der “Affaire Blogdelux”
    Eng Äntwert vum Emmanuel Vivier:
    http://www.joeladami.net/index.php?itemid=1135
    An ziemlech krass d’Wourecht iwert “Bloggertreffen” déi Leit vun culture-buzz schon organiseiert hun um Site vum Vanken Group, zu dem culture-buzz geheiert:
    http://www.joeladami.net/index.php?itemid=1135

    Wéi gesoot, ech maan daat lei ongären, mee et muss lo einfach sin. Ech fillen mech graad ziemlech immens vill un d’Been gepisst.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *