Tipp

Allerhéchstens eemol am Mount kaafen ech mer eng CD am iTunes Store. D’Versuchung der méi ze kaafen ass grouss, mee als Student kann een d’Suen jo net gerad zur Fenster erausschmäissen. Dat huet zur Konsequenz, dass ech wierklech laang sichen, bis ech mech fir eng décidéiren, an eng onwahrscheinlech laang Lëscht mat CDen hun, déi ech mer “iergendwann eng Kéier” kaafen. Dese Mount ass d’CD eng Compilation, déi lescht vun hierer Art: Covering our tracks. Firwat déi lescht? Well et e Soundtrack zu The O.C. ass, eng Serie déi mettlerweil leider ofgesat gouf. Well ech des Kéier wierklech begeeschtert si vun der CD déi ech mer kaaf hun, wollt ech se mol weideremfeelen. :)

Erem eng Kéier top Musék an déi beschte Coverversioun vum Titellidd California déi ech bis elo héiren hun. En plus eng zimlech originell Coverversioun vun The Killers hierem Smile like you mean it. Menger Meenung no ee Must fir all Fan vun Alternativ (Rock).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *